Radioen

On air

Notturno  |  Kit Sebastian - Elegy For Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

Iwwert den 100,7

Iwwert den 100,7

/ Rentrée beim radio 100,7

Rentrée beim radio 100,7

Mat der Rentrée krut de radio 100,7 en neien Internetsite an en neit Format: "Den Hallwer Néng"

Mat der Rentrée ass dem radio 100,7 säin neien Internetsite online gaangen. Op 100komma7.lu fënnt ee vun haut u méi Informatioun, méi Service a méi Noriichten. Virun allem ass deen neie Site méi intuitiv a méi komplett.

De Site ass a véier grouss Rubricken ënnerdeelt: Noriichten, Neies aus Musek a Kultur, de Programm mat der Musek-Playlëscht vum Radio an d’Mediathéik. An dëser kann een d’Sendunge vum Radio als Podcast nodréiglech lauschteren. Hei fënnt een och d’Kannerkëscht vum 100,7, gutt gefëllt mat Lauschtergeschichten op Lëtzebuergesch fir Kanner vun dräi bis zwielef Joer. Op 100komma7.lu fënnt een ausserdeem alles iwwer d’Ekipp vum Radio an d’Organisatioun vum Média de service public 100,7.

Um Radio gëtt weider Popmusek den Takt vir, mat vill Plaz fir lëtzebuergesch Museker an independent Plackelabelen. Vu 6 bis 10 Auer begleet de Simon Larosche d’Nolauschterer an d’Nolauschterinne mat der Emissioun "De Moien" an den Dag, mat Noriichten, ënnerhalender Informatioun an, um 7.30 Auer, dem/r "Invité:e vum Dag".

Nom Noriichteflash vu 7.45 Auer setzt d’Redaktioun e Schwéierpunkt mat Reportagen an Hannergrënn zur Aktualitéit. Nei am Programm ass de Rendez-vous "Den Hallwer Néng", wou Sujeten aus dem Alldag mat Betraffenen an Experte beliicht an hannerfrot ginn.

Vun 10 bis 14 Auer iwwerhëlt d’Angie Maquil “Iwwer Mëtteg” mat nëtzlecher Informatioun aus dem deegleche Liewen, interessanten Invitéen a vill gudder Musek. Vu 14 bis 15 Auer ass mat "Resonanzen" den deegleche Rendez-vous mat der klassescher Musek, éier vu 15 Auer un de Pit Walté duerch "Den Nomëtteg" féiert.

Um 17 Auer steet am "Kultur um 5" mat Recommandatiounen, Invitéen an engem kritesche Bléck d’Kulturaktualitéit am Zentrum, duerno, um 18 Auer, schalt de Mike Tock bis 20 Auer musikalesch e Gang erop mat "Tockcity". 

Och opus 100,7 krut op www.opus.radio en neien Internetsite. Den Internetradio opus 100,7 spillt exklusiv klassesch Musek, mat enger besonnescher Plaz fir lëtzebuergesch Museker an Ensembelen. Ënnerbrach gëtt d’Musek just duerch Noriichten zur voller Stonn.