Radioen

On air

Tockcity  |  Liam Gallagher & John Squire - I'm So Bored

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trennen, integréieren, expulséieren

Asylprozedur

Trennen, integréieren, expulséieren

Wëll d’Capacitéiten an de Foyere fir Flüchtlingen un hir Grenze stoussen, huet d’Regierung decidéiert, den Accueil vun den Asyldemandeuren ze reorganiséieren. An der Hal 6 vun der Luxexpo ginn an Zukunft déi Persounen ënnerbruecht, déi kaum Aussiichten op Asyl hunn. Et gëtt iwwerdeems eng "super-acceleréiert" Asylprozedur agesat.

auto_stories

4 min

D’Hal 6 vun der Luxexpo um Kierchbierg war um Ufank geduecht, fir Asyldemandeure provisoresch z’empfänken. E puer Deeg drop sollten d’Leit an ee méi stabele Foyer ënnerbruecht ginn. Zënter dem Hierscht d’lescht Joer si wéi et schéngt vill Mënschen – virun allem aus Balkanstaaten - do ukomm, déi kaum eng Aussicht op de Flüchtlingsstatut hunn.

Parallel huet sech Lëtzebuerg engagéiert, am Kader vum Relocalisatiounsprogramm vun der EU, Flüchtlingen aus Italien respektiv Griicheland z’empfänken (bis Enn des Joers ongeféier 50 Persounen de Mount). Aner Flüchtlinge kommen aus Krichsgebidder, och fir si muss een Ënnerdaach fonnt ginn. D’Regierung hat d’lescht Joer fir verschidde Plazen am Land “Containerdierfer” virgesinn. Wéinst de sëlleche Recourse vun Awunner aus der Ëmgéigend vun deene Sitte war dat net méi méiglech.

Asylprozedur soll méi séier ofgewéckelt ginn

Den Accueil ass esou reorganiséiert ginn, datt d’Asylprozedur fir zwou Kategorie vun Demandeuren acceleréiert gëtt:

  1. fir déi ongeféier 200 Mënschen, där hir Demande schonn an engem aneren EU-Memberstaat ofgewise gouf ("Dublinprozedur")
  2. fir Staatsbierger aus “séchere Länner”, virun allem aus Balkanstaaten.

Déi – wéi den Ausseminister Jean Asselborn seet - “ultra-acceleréiert” Prozedur gëtt vum éischte Februar un applizéiert. Am beschte Fall soll se an dräi Méint ofgewéckelt ginn. Déi éischt Phas ass an der Logopädie. Dräi Deeg no der Demande ginn d’Leit vun de Beamte vum Immigratiounsministère gehéiert, se kënne sech dobäi vun engem Affekot assistéiere loossen. De Barreau huet un interesséiert Affekoten appelléiert, sech fir Permanencen op der Plaz ze mellen. Fir sech an där komplizéierter Matière erëmzefanne kréien se eng spezifesch Formatioun am Asylrecht ugebueden.

No där éischter Auditioun hëlt den Service vun der Immigratioun bannent enger Woch eng Decisioun, géint déi bannent zwou Wochen ee Recours virum Verwaltungsgeriicht kann ageluecht ginn. D’Geriicht muss da bannent zwee Méint uerteelen. Een duebele Recours ass den Ament net virgesinn. Am Fall vun engem Refus bleift den ofgewisenen Asyldemandeuren ee relativ kuerzen Delai fir matzedeelen, ob se fräiwëlleg zeréck an hir Heemecht ginn. Wann net, gi se gezwongen.

Luxexpo fir Mënschen, déi keng Aussiicht op Asyl hunn

Wee fir déi acceleréiert Prozedur a Fro kënnt gëtt an Tëschenzäit also an der Hal 6 vun der Luxexpo ënnerbruecht. Am Géigesaz zu den aneren Opfaangstrukturen ënnersteet d’Luxexpo net dem Familljen- an Integratiounsministere, mee dem Immigratiounsministère.

“Dat gëtt keng zoue Struktur, et ass eng Struktur – ech géif soen - ‘semi-ouverte’”, seet den Aussen- an Immigratiounsminister Jean Asselborn. D’Leit kéinten eran an eraus, kréichen awer fix Zäiten, fir déi se nees missten dobanne sinn. “Et gëtt och iwwerwaacht, selbstverständlech”.

Bis elo huet d’Roud Kräiz d’Leit an der Luxexpo betreit. Aus ethesche Grënn, dat heescht wéinst hirer humanitärer Vocatioun, huet d’Croix-Rouge refuséiert, eng Kontrollfunktioun z’iwwerhuelen. “Wann dat en Haus ass, wat net esou oppen ass wéi eng Flüchtlingsstruktur, wéi mer se bis elo kannt hunn, wäert d’Roud Kräiz net d’Allers et venues geréieren”, sou de Generaldirekter Marc Crochet. Déi sozial Aarbecht géif een dogéint – via eng nei Konventioun - weiderféieren.

"Wat erlaabt d'Gesetz deenen, déi eng besser Zukunft wëllen?"

D’Responsabilitéit iwwert de Site vun der Hal 6 iwwerhëlt den Haut commisariat à la protection nationale. “De Centre de rétention iwwerhëlt den Encadrement, zesumme mat engem Partner – dat schéngt dann awer och d’Croix-Rouge ze sinn, zesumme mat aneren”, seet d’Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen.

An deenen anere Foyere wëll d’Regierung Leit ënnerbréngen, déi - wéi et heescht - eng reell Chance op den Asylstatut hunn. Doduerch, datt se vun deenen anere getrennt ginn, kéint een se ënner bessere Konditioune betreien, seet d’Corinne Cahen. Mee och fir Asyldemandeuren aus engem “pays sûr” mussen déi juristesch Garantie während der Prozedur respektéiert ginn, seet d’Presidentin vun der ASTI Laura Zuccholi. “Bei deene Leit stellt sech d’Fro vun der Immigratioun. Wat erlaabt d’Gesetz deenen, déi sech eng besser Zukunft wëllen opbauen? Do musse mer europäesch Léisunge fannen”.