Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CLT-UFA ass neie Partner bei "L'essentiel radio"

Medien

CLT-UFA ass neie Partner bei "L'essentiel radio"

D’RTL-Mammenhaus klëmmt eisen Informatiounen no beim franséischsproochege "L’essentiel radio" eran. Dëse geplangten neie kommerzielle Programm soll op der fréierer DNR-Frequenz 107,7 diffuséiert ginn. CLT-UFA bedeelegt sech mat 25 Prozent. Dat huet d’Autorité luxembourgeoise indépendante de l’audiovisuel ALIA eis confirméiert. Serge Kesseler.

auto_stories

3 min

© ALIA

Wéinst dësem Wiessel bei den Aktionären, huet d’ALIA een Zousazavis ausgeschafft: dësen Avis gouf um Donneschdeg publizéiert an dem Premier-, Medien- a Kommunikatiounsminister Xavier Bettel geschéckt. Den Avis ass favorabel, mee e gesäit gewësse Recommandatioune vir. Ufank 2014 hat déi onofhängeg Autoritéit ALIA ee gemeinsame Projet vun RTL a Saint-Paul fir e franséischsproochege Radio verworf.

Am Mee 2015 hat d’Regierung decidéiert, datt d’Bedreiwergesellschaft RadioLux d’Frequenz fir hire kommerzielle Programm "L’essentiel radio" kritt. Bis elo war et ee gemeinsame Projet vum L’essentiel-Editeur EDITA (Editpress a Schwäizer Grupp Tamedia) a vun den dräi Proprietairë vum belsche Regionalsender MUST FM. Zu Gonschte vu CLT-UFA verzicht EDITA op 10 Prozent an d'MUST FM-Proprietairen op zesumme 15 Prozent. Eigentlech hätt "L’essentiel radio" virun Enn 2015 solle lancéiert ginn.

Risiko vu Quasi-Monopol bleift

Déi onofhängeg Medien-Autoritéit ALIA gesäit ee Risiko, dass d'CLT-Ufa nees e Quasi-Monopol an der Lëtzebuerger Radiolandschaft kritt, sou wéi dat virun der Liberaliséierung vum Maart an den 90er Joren de Fall war. Wann d'Mammenhaus vun RTL elo mat 25 % an de Projet vum franséisch-sproochegen "L'Essentiel-Radio" era klëmmt, da misste Precautioune geholl ginn, heescht et an engem Zousaz-Avis vun der ALIA, deen um Donneschdeg 7. Januar publizéiert gouf.

Et misst ënnert anerem verhënnert ginn, dass d'CLT-Ufa Afloss op d'Alldagsgeschäft vun deem neie Radio hëlt. Och editorial, finanziell an organisatoresch misst "L'Essentiel-Radio" onofhängeg bleiwen. Déi geplangte Studioe vun deem Radio zu Déifferdéng missten autonom si vun den RTL-Studioen um Kierchbierg. Fir dass d'RTL-Mammenhaus net lues a lues L'essentiel-Radio iwwerhëlt, fuerdert d'ALIA, dass d'Participatioun bei 25 % bleift. Wann dat wéinst aussergewéinlechen Ëmstänn awer géif envisagéiert ginn, wier ee weideren Avis vun der ALIA an en Accord vun der Regierung néideg.

De geplangten neie kommerzielle Radio-Programm soll vu Mëtt Februar un op der fréierer DNR-Frequenz 107,7 diffuséiert ginn. Bis elo war et ee gemeinsame Projet vum L’essentiel-Editeur EDITA a vun den dräi Proprietairë vum belsche Regionalsender MUST FM. Dass dat elo soll änneren, doriwwer gouf d'ALIA Enn November vum Premier-, Medien- a Kommunikatiounsminister Xavier Bettel informéiert. Argument wier, dass d'CLT-Ufa soss kéint op der Frequenz vum däitschen RTL-Hitradio ee Konkurrenz-Projet a franséischer Sprooch lancéieren. D'ALIA hält dat fir net iwwerzeegend, well d'Concessioun fir déi Frequenz een däitschsproochege Programm virschreift.

Gemeinsame Projet RTL / Saint-Paul Ufank 2014 verworf

An awer gëtt d'ALIA ee favorablen Avis zum neien Aktionariat bei L'essentiel Radio. Am Avis gëtt awer d'Suerg ausgedréckt, dass d'Mediegesetz vun 1991 iergendwann net méi respektéiert gëtt. Schonn elo géif d'RTL-Mammenhaus iwwer 70 Prozent vun der Audience ofdecken. D'Zil vu méi Pluralismus an der Lëtzebuerger Radio-Landschaft wier domadder a Fro gestallt.

Aus deem Gronn hat d'ALIA Ufank 2014 ee gemeinsame Projet vun RTL a Saint-Paul fir e franséischsproochege Radio verworf. Doropshin hat d’Regierung decidéiert, dass d’Bedreiwergesellschaft RadioLux d’Frequenz 107,7 fir hire kommerzielle Programm "L’essentiel radio" kritt. Elo soll d'RTL-Mammenhaus also awer mat era klammen. Als zoustännege Minister muss de Premier Xavier Bettel nach säin Accord zu deem neien Aktionariat ginn.