Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Thee Sacred Souls - Running Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Immunitéit géint den neie Coronavirus

Coronavirus

Immunitéit géint den neie Coronavirus

Et gi bis ewell just wéineg Erkenntnisser, wéi genee de mënschlechen Immunsystem op den neiaartege Coronavirus reagéiert. Mee no enger Infektioun wier ee mat grousser Warscheinlechkeet op d'mannst fir eng Zäit immun géint de Virus, mengt den Dirk Brenner vum Luxembourg Institute of Health.

auto_stories

4 min

Den Immunsystem huet e puer Komponenten: Virop, déi ugebueren Immunitéit. Déi ass do, fir dem adaptiven Immunsystem Zäit ze verschafen an et ze aktivéieren, esou den Dirk Brenner. "Sogenannte Fresszellen, oder dendritische Zellen, Makrophagen, nehmen den Erreger auf und präsentieren ihn dem erworbenen Immunsystem."

An da gëtt et eng duebel Äntwert: Dat eent ass déi zellulär Immunitéit, déi mam Virus befalen Zelle kann zerstéieren. An dat anert sinn d'Antikierper, déi de Virus kënnen neutraliséieren. Éischt Etüden hu gewisen: Net jiddwereen, deen no enger Coronavirus-Infektioun nees gesond gëtt, huet duerno déi entspriechend Antikierper.

Dat bedeit, datt net nëmmen déi Antikierper-baséiert Immunäntwert wichteg ass, mee datt och déi zellulär Äntwert vum Immunsystem eng Roll spillt, an dat zu ënnerschiddlechen Zäitpunkten. Wéi genee d'Immunäntwert op de Coronavirus ausgesäit, wéisst een de Moment awer net.

Onkloerheet iwwer immunologesch Gediechtnesbildung

Wann elo Antikierpertester gemaach ginn, kann net gemooss ginn, ob dëst Antikierper sinn, déi de Virus effektiv och kënnen neutraliséieren.

"Diese neutralisierenden Antikörper würde man normalerweise mit einem sogenannten Virusneutralisationstest nachweisen. Das ist allerdings sehr aufwendig und das ist kein spannender Test. Also wenn Sie mich jetzt fragen, was messen wir jetzt eigentlich mit diesen antikörperbasierenden Tests: Wir messen im Prinzip nur das Vorhandensein von virusspezifischen Antikörpern. Ob diese nachher auch funktionell sind oder nicht, das kann man in den grobtechnischen Verfahren eigentlich nicht nachweisen."

Ob een no enger Infektioun eng Immunitéit huet, déi géint eng Nei-Infektioun schützt, weess een nach net. Et géif een awer staark dovunner ausgoen, esou de Professer vum Luxembourg Institute of Health. Notamment wéinst Tester, déi a China u Rhesus-Afe gemaach goufen.

Wéi laang d'Immunitéit unhält, wier elo nach schwéier ze beäntwerten, esou den Dirk Brenner, einfach well de Virus nach net laang genuch do ass. Bei der SARS-Epidemie vun 2002/2003, wou och ee Coronavirus am Spill war, geet een dovunner aus, datt d'Immunitéit mat der Zäit staark nogelooss huet.

Mee och an unhand vun der Vitess, an där sech Antikierper entwéckelen, géif et Ënnerscheeder tëschent dem SARS-1 an dem neiaartege Coronavirus ginn. Dat géif och déi immunulogesch Gediechtnesbildung beaflossen. Dofir kéint een am Moment keng seriö Aussoe maachen, mee et misst een ofwaarden an testen.

Häerdenimmunitéit ass onrealistesch

Eng Häerdenimmunitéit ustriewe mécht dem Dirk Brenner no kee Sënn. Wann tëschent 60 a 70 Prozent vun der Populatioun mam Virus a Kontakt komm sinn, géif de Virus sech automatesch manner séier verbreeden - well en net méi genuch nei Leit fënnt, fir unzestiechen. Dat wier keng Optioun, well de Gesondheetssystem dann iwwerfuerdert wier. A well ee misst dovunner ausgoen, datt eréischt wéineg Leit Kontakt mam Virus haten. Dat hätt notamment eng Etüd aus dem kalifornesche Santa Clara gewisen.

Do gouf eng grouss Etüd mat 3.300 Persoune gemaach an do wier e Wäert erauskomm, dee sech tëschent 2,8 a 4,2 Prozent beweegt. Bis een also theoretesch 60 bis 70 Prozent vun der Populatioun ugestach hätt, wier et nach e wäite Wee.

Eng Hoffnung ass deemno, datt eng Impfung géint den neiaartege Coronavirus fonnt gëtt. Weltwäit lafen aktuell Dosende Fuerschungsprojete fir een Impfstoff ze fannen.

Positiv wier, datt de Virus sech bis elo net staark géif veränneren. Et géif net vill verschidde Variante ginn. Et géif verschidde kritesch Punkte ginn, op deenen een de Virus mat engem Impfstoff kéint attackéieren.

RNA-baséiert Vaccinen

Wéi eng Zort Impfstoff um Enn kéint funktionéieren, a wéi laang déi verschidden Testphase wäerten daueren, kéint een elo awer nach net soen. Eng interessant Pist kéinten dem Dirk Brenner no déi sougenannten RNA-baséiert Vaccine sinn, déi bis elo awer nach ni zum Asaz koumen.

"Das interessante an diesen Impfstoffen ist, dass es rein genetische Impfstoffe sind. Also es wird synthetische RNA geimpft. In einem normalen Organismus in Proteine umgeschrieben. Und es sind diese Proteine gegen die die Immunantwort hervorgerufen wird. Das heißt, der Probant stellt das Protein eines Virus her, ohne dass er mit einem Virus infiziert wurde. Und das Immunsystem reagiert dagegen. Das sind also keine vektorbasierten Impfstoffe. Das ist natürlich sehr interessant, weil durch die synthetische Generierung eines solchen Impfstoffs, was sehr einfach ist, kann man das sehr großflächig herstellen."

Een Defi wier et nämlech duerno genuch Vaccinen hierzestellen. Hien ass sech "zu 100 Prozent" sécher, datt et - wéinstens um Ufank - net genuch Impfstoffer wäert ginn, well d'Produktiounscapacitéiten d'Demande net decke kënnen.