Radioen

On air

Espresso Beats  |  Liam Gallagher & John Squire - I'm So Bored

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Bob Dylan, de bequeme Choix?

Literaturnobelpräis

De Bob Dylan, de bequeme Choix?

Huet d'Welt keng Schrëftsteller, déi en Nobelpräis an der Literatur verdéngt hunn? Muss déi schwedesch Akademie dowéinst op e Songwriter zréckgräifen? E Kommentar vum Valerija Berdi.

auto_stories

2 min

Valerija Berdi

Näischt géint de Bob Dylan - hien ass e wonnerbaren an engagéierte Liddermécher, deem seng Texter voller subtiller Poesie sinn, där et weder un Déift, nach un Message feelt. Den Dylan ass sécherlech e wichtege Kënschtler, dee net just d'1968er Generatioun gepräägt huet. Mee ginn hei net Äppel mat Biere verwiesselt? Oder ass den Dylan einfach e bequeme Choix?

Ëm de Bob Dylan kreest eng Corona aus Flower-Power a Peace-Zeechen, duerch déi de Geroch vu Marihuana a Friddenspäife bléist, déi kengem esou richteg wéideet a kee stéiert.

Bob Dylan ... Weltliteratur?

Et geet guer net ëm d'Qualitéit vu sengen Texter, mee einfach ëm de Fait, datt de Bob Dylan kee Schrëftsteller ass, dee Weltliteratur verfaasst. Wat een awer ganz kloer vun anere Kandidate behaapte kann.

Et ginn déi eng, déi wäerte stierwen, éier si an de Genoss vun dësem bedeitende Präis kommen. Esou zum Beispill de Japaner Haruki Murakami oder de portugiseschen Auteur António Lobo Antunes. Oder nach den Amerikaner Philippe Roth.

Kengem wéidoen

Schéin, datt d'Akademie erëm eng Kéier Lyrik ausgezeechent huet. Mee do louch u sech en aneren Dichter um Plateau: De syreschen Intellektuellen a Schrëftsteller Ali Ahmad Said, deen ënnert dem Kënschtlernumm Adonis publizéiert. Seng Lyrik ass vun enger sproochlecher Kraaft a filigraner Poesie, déi hiresgläichen an der zäitgenëssescher Dichtung sicht.

Mee den Adonis ass keng politesch korrekt Persoun. Hien huet et gewot, net dem Assad, mee dem Westen d'Schold um Misär a Syrien ze ginn. Wéi hien 2015 mam Erich-Maria Remarque-Präis ausgezeechent gouf, konnt d'Zeremonie eréischt en halleft Joer méi spéit ofgehale ginn, well de Choix esou ëmstridde war. Kee gudde Kandidat, fir zu Stockholm eng Laudatio gehalen ze kréien. Déi kéint ze vill Steng un d'Rulle bréngen ...

Nom Literaturnobelpräis ass virum Literaturnobelpräis. Bis elo huet ee jo just mat "richtege" Schrëftsteller gerechent. Elo ass d'Palette méi bont ginn. - wéi eng Iwwerraschung wäert eis d'Akademie wuel d'nächst Joer zerwéieren?


Kommentar vum Valerija Berdiplay_arrow

The Freewheelin' Bob Dylan - Bob Dylan