Archive pour juin 2010

Lëtzebuerg am 20te Joerhonnert (V-VIII)

Lundi 28 juin 2010

E Réckbléck op d’Aktualitéit vum 20. Joerhonnert zu Lëtzebuerg
En Serie vum Mick Entringer a Roger Seimetz aus dem Joer 1999
Deel V-VIII

5. Deel: 1940-1950: “Mir wëlle bleiwe wat mir sinn …?”
Emissioun eroflueden (61 min)
(éischt Diffusioun: 06.05.99)

6. Deel: 1950-1960: Lëtzebuerg geet no baussen an etabléiert sech no bannen
Emissioun eroflueden (59 min)
(éischt Diffusioun: 10.06.99)

7. Deel: 1960-1970: Ekonomesch Evolutioun a sozial Revolutioun
Emissioun eroflueden (60 min)
(éischt Diffusioun: 09.09.99)

8. Deel: 1970-1980: D’Joerzéngt vun der Kris
Emissioun eroflueden (60 min)
(éischt Diffusioun: 07.10.99)

Geschichtschronik - Ofschafe vum Militärdéngscht

Mercredi 16 juin 2010

armei“Ech melle mech of!” Virun 30 Joër: D’Ofschafe vum obligatoresche Militärdéngscht. Am Hierscht 1966 gouf an der Chamber d’Demande gemaach, den obligatoresche Militärdéngscht ofzeschafen, wat knapp acht Méint drop per Gesetz geschitt ass.

Obligatoresche Militärdéngscht. Fräiwëllege Kompanie. Wat war/ass ais Arméi?

Eng Sendung vum Roger Seimetz vum 23.12.1996

Emissioun eroflueden (60:21) Geschichtschronik- Ofschafe vum Militardéngscht

Art-i-Schock “Thierry van Werveke”

Mercredi 16 juin 2010
kie-back-in-trouble-verweke_460_thumb

Back in Trouble (1997)

Eng Emissioun aus dem Joer 1997 iwwer dee wuel bekannteste lëtzebuergesche Schauspiller a Museker, deen am Januar 2009 gestuerwen ass: Den Thierry Van Werveke.
De Serge Tonnar ënnerhält sech eng Stonn laang mam Thierry iwwer säi Liewen an iwwer säi Wierk. Bekannt gouf de Liewenskënschtler duerch d’Haaptroll am Andy Bausch sengem Film “Troublemaker”. Dës Sendung gouf 10 Joer drop, kuerz virum zweeten Deel vun der lëtzebuergescher Kult-Serie opgezeechent. Donieft gëtt et vill Musek vum Thierry Van Werveke senger Band “Nazz Nazz”

 

Eng Emissioun vum 3. Januar 1997

Emissioun eroflueden (01:01:53) Art-i-Schock Thierry van Werveke

 

Esala Perahera

Mardi 15 juin 2010
fionnt op wikipedia.org

fonnt op wikipedia.org

Eng Vollmoundnuecht, honnerte vun dekoréierten a mat kostbare Brokatdicher behaangen Elefanten, wouvun deen eelsten Tempelelefant wierdeg op sengem Réck e gëllene Schrein mat enger Zant-Reliquie vum Buddha dréit, begleet vu Museker, Dänzer, Akrobaten, Trommelspiller a Feierspäizer…

Dës festlech Prëssessioun ass den Héichpunkt vum Esala Perahera-Fest op Sri Lanka a gëtt virgestallt vum Liette Maertz. Eng Emissioun vum 30. August 2008

Emissioun eroflueden (10:23) -Esala Perahera

Gebuertsdag bei den Aborigines

Mardi 15 juin 2010

Dem Willie säi Gebuertsfest bei den Aborigines.

Eng Emissiun vum Liette Maertz vum 16. August 2008.

Emissioun eroflueden (10:49) Geburtsfest bei den Aborigines

Kodomo-no-hi

Mardi 15 juin 2010

530934_41008396All Joer um 5. Dag vum 5. Mount feieren d’Famillen a Japan Kodomo-no-hi, bei deem fir all Jong e Koi nobori, en Draach a Form vun engem Kaarp am Wand flattere gelooss gëtt.

Presentéiert vum Liette Maertz.
Eng Sendung vum 9. August 2008

Emissioun eroflueden (12:47) Kodomo-no-hi

Egemenlik bayrami

Mardi 15 juin 2010

Ganz nom Motto: ‘Kanner vun haut, Regéirend vu muer’ gëtt all Joers an der Tierkei um Dag vun der nationaler Onofhängegkeet, den 23. Abrëll, Egemenlik bayrami gefeiert.

D’Liette Mäertz presentéiert dëst grousst internationalt Kannerfest.
Eng Sendung vum 19. Juli 2008

Emissioun eroflueden (12:45) Egemenlik bayrami

Holi Fest

Mardi 15 juin 2010
2354615165_93986a3375_o1

(c) Sukanto Debnath

Holi ass daat wuel faarweschste Fest vun der Welt. Ët ass ee vun de wichtegsten Evenementer am hinduistësche Fréijoer. Bis zu 10 deeg laang gëtt geféiert a sëch mat Faarw bemoolt. Egal op al oder jonk, räich oder aarm.

Eng Emissioun vum Liette Maertz vum 26. Juli 2008

Emissioun eroflueden (10:23) - Holi Fest an Indien

Afrika danzt

Mardi 15 juin 2010

Djembe

D’Sika an d’Yena aus dem Ghana danze beim Initiatiouns-Ritual, e ganz wichtegen Dag an hirem Liewen. An de M’sangombe aus dem Zambia als e jonke Mann, deen an de Krich zitt, bei der N’cwala Zeremonie.

D’Liette Maertz steet prett mat den Trommelen. Eng Sendung vum 5. Juli 2008

Emissioun eroflueden (10:57) - Afrika danzt

Wanderschoul am thaïlänneschen Urwald

Mardi 15 juin 2010

Den Elephant NellyEt ass héiche Besuch am Urwald ugesot! 
Fir d’éischt hu se Bamstämm geschleeft, spéider hu se Touriste spazéiere gefouert. Elo hunn d’Elefanten an Thailand eng nei Aufgab: si brénge Schoulmeeschter, Schoulbicher an opreegend Biller aus enger friemer Welt an ofgeleeën Dierfer an d’Biergbëscher. 

Eng Emissioun vum Liette Maertz vum 30. Juni 2007

Emissioun eroflueden (9:07) - Wanderschoul am thäilänneschen Urwald