Archive pour août 2010

Erlieft a Verzielt: Lull Gillen

Lundi 16 août 2010
Lull Gillen ©Carlo Link

Lull Gillen ©Carlo Link

Den 11. August 2010 huet d’lëtzebuerger Sportswelt ee groussen Cyclist verluer.

Vun 1948 bis 1966 war de Lull Gillen, als Profi, ee vun de gréisste lëtzebuerger Coureuren op der Bunn. Bei sengem éischten “Sechstagerennen” zesumme mam Mett Clemens 1948 zu New York, goufe si déi zweet. Als Spezialist fir “Sechstagerennen” konnt hien an 123 Coursen, mat verschiddene Partner 11 mol gewannen, an dat zu Berlin, Gand, Dortmund, Münster, St.-Etienne, Montreal, Quebec a 4 mol zu Kopenhagen. 1955 ass hien de Weltrekord iwwer 5km mat 6′19″40 zu Mailand gefuer.

An dëser Emissioun aus dem Joer 2005 kuckt de Lull Gillen zréck a verzielt wéi hie Coureur gouf. Donieft schwätzt de Lull Gillen, dee spéider an der Gemengepolitik aktiv war a sech fir de Bau vun engem Velodrome zu Lëtzebuerg agesat huet, iwwer säin zweete Beruff als Direkter vun enger Bank an dem hien, no senger Sportscarrière, während 28 Joer geschafft huet.

Eng Emissioun vum Carlo Link vum 17. Abrëll 2005

2005Emissioun eroflueden (60:07 min)