Krappschass & Co
Eng Spillbécks fir kleng Oueren
Vill schéi Geschichte fir déi Kleng vun elo un erofzelueden op eisem neien Internetsite!
Den Ufank mécht déi weltbekannt Geschicht Kalif Storch vum Wilhelm Hauff, erzielt vum Dan Tanson.
Krappschass & Co um radio 100,7
all Samschdeg um 13:30
15 juin 2010

fonnt op wikipedia.org
Eng Vollmoundnuecht, honnerte vun dekoréierten a mat kostbare Brokatdicher behaangen Elefanten, wouvun deen eelsten Tempelelefant wierdeg op sengem Réck e gëllene Schrein mat enger Zant-Reliquie vum Buddha dréit, begleet vu Museker, Dänzer, Akrobaten, Trommelspiller a Feierspäizer…
Dës festlech Prëssessioun ass den Héichpunkt vum Esala Perahera-Fest op Sri Lanka a gëtt virgestallt vum Liette Maertz. Eng Emissioun vum 30. August 2008
Emissioun eroflueden (10:23) -Esala Perahera
Publié dans Krappschass & Co |
15 juin 2010
Dem Willie säi Gebuertsfest bei den Aborigines.
Eng Emissiun vum Liette Maertz vum 16. August 2008.
Emissioun eroflueden (10:49) Geburtsfest bei den Aborigines
Publié dans Krappschass & Co |
15 juin 2010
All Joer um 5. Dag vum 5. Mount feieren d’Famillen a Japan Kodomo-no-hi, bei deem fir all Jong e Koi nobori, en Draach a Form vun engem Kaarp am Wand flattere gelooss gëtt.
Presentéiert vum Liette Maertz.
Eng Sendung vum 9. August 2008
Emissioun eroflueden (12:47) Kodomo-no-hi
Publié dans Krappschass & Co |
15 juin 2010
Ganz nom Motto: ‘Kanner vun haut, Regéirend vu muer’ gëtt all Joers an der Tierkei um Dag vun der nationaler Onofhängegkeet, den 23. Abrëll, Egemenlik bayrami gefeiert.
D’Liette Mäertz presentéiert dëst grousst internationalt Kannerfest.
Eng Sendung vum 19. Juli 2008
Emissioun eroflueden (12:45) Egemenlik bayrami
Publié dans Krappschass & Co |
15 juin 2010

(c) Sukanto Debnath
Holi ass daat wuel faarweschste Fest vun der Welt. Ët ass ee vun de wichtegsten Evenementer am hinduistësche Fréijoer. Bis zu 10 deeg laang gëtt geféiert a sëch mat Faarw bemoolt. Egal op al oder jonk, räich oder aarm.
Eng Emissioun vum Liette Maertz vum 26. Juli 2008
Emissioun eroflueden (10:23) - Holi Fest an Indien
Publié dans Krappschass & Co |
15 juin 2010

D’Sika an d’Yena aus dem Ghana danze beim Initiatiouns-Ritual, e ganz wichtegen Dag an hirem Liewen. An de M’sangombe aus dem Zambia als e jonke Mann, deen an de Krich zitt, bei der N’cwala Zeremonie.
D’Liette Maertz steet prett mat den Trommelen. Eng Sendung vum 5. Juli 2008
Emissioun eroflueden (10:57) - Afrika danzt
Publié dans Krappschass & Co |
15 juin 2010
Et ass héiche Besuch am Urwald ugesot!
Fir d’éischt hu se Bamstämm geschleeft, spéider hu se Touriste spazéiere gefouert. Elo hunn d’Elefanten an Thailand eng nei Aufgab: si brénge Schoulmeeschter, Schoulbicher an opreegend Biller aus enger friemer Welt an ofgeleeën Dierfer an d’Biergbëscher.
Eng Emissioun vum Liette Maertz vum 30. Juni 2007
Emissioun eroflueden (9:07) - Wanderschoul am thäilänneschen Urwald
Publié dans Krappschass & Co |
15 juin 2010
Wie keen Instrument spillt, deem seng Séil kënnt net an den Himmel – dat gleewen d’Guarayo-Indianer aus Bolivien.
Aus der Musekschoul vun Urubicha, matten am Reebësch, kënnt keng traditionell oder Popmusek, mä hei hunn d’Kanner eng Virléift fir klassesch Kläng!
Eng Emissioun vum Liette Maertz vum 5. Mee 2007
Emissioun eroflueden (10:51) - Jugendorchester aus dem Reebësch
Publié dans Krappschass & Co |
15 juin 2010
Op engem Bambus-Flos de Floss erof ze dreiwen…!
Wat fir déi eng en Abenteuer ass, ass fir déi aner virun allem schwéier Aarbecht.
Den Harun a seng Famill aus dem Bangladesch liewen dovun, dat “gréngt Gold” op laange Reesen op d’Mäert ze bréngen.
D’Liette Maertz erzielt…
Eng Sendung vum 21. Abrëll 2010
Emissioun eroflueden (10:51)
Publié dans Krappschass & Co |
15 juin 2010
Héich Bierger, eiskale Wand a wëll Déieren, all dat gehéiert zum Luisa sengem Alldag an der verloossener Biergwelt vun de peruaneschen Anden.
Hat gehéiert zum Vollek vun den Q’ero-Indianer, Nokomme vun den Inka.
Eng Emissioun vum Liette Maertz vum 24. März 2007
Emissioun eroflueden (9:23) - Q’ero Indianer am Peru
Publié dans Krappschass & Co |