Radioen

On air

Simon Says  |  Ziggy Marley - Rebellion Rises

play_arrow Live
arrow_back_ios

Invité:e vum Dag

100komma7.lu / Invité:e vum Dag

/ François Benoy

François Benoy

headphones

15 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Deen neie Stater Mobilitéitsplang steet kuerz no senger Publicatioun schonn an der Kritik. Wat hätten déi Gréng anescht gemaach? De Rick Mertens freet hire Conseiller François Benoy.

Politik a Gesellschaft
Interview
Nohaltegkeet
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Yves Stein

Yves Stein

D’Lëtzebuerger Banken hunn d’lescht Joer e Rekordgewënn gemaach. Mee hunn d’Clienten och eppes dovun? De Rick Mertens freet den neie President vun der Bankenassociatioun ABBL.
headphones

15 min

play_arrow
Ainhoa Achutegui | © Jo Diseviscourt

Ainhoa Achutegui

Déi obligatoresch Bedenkzäit virun enger Ofdreiwung gëtt ofgeschaaft. Misst ee soss nach eppes um Ofdreiwungs-Gesetz änneren? Dat froe mir d’Presidentin vum Planning Familial.
headphones

14 min

play_arrow
Taina Bofferding

Taina Bofferding

Als Oppositiounspartei wäert d’LSAP dës Woch natierlech géint der Regierung hire Staatsbudget stëmmen. Mee wat hätten d’Sozialisten anescht gemaach? Mir froen hir Fraktiounscheffin.
headphones

13 min

play_arrow
Helge Dorstewitz

Helge Dorstewitz

Mam designéierte Generaldirekter vu Luxtram schwätze mir iwwer déi Strecken, déi an den nächste Méint a Jore prioritär ginn - an déi, déi et de Moment net sinn.
headphones

15 min

play_arrow
Amela Skenderović

Amela Skenderović

Op der Co-Spëtzekandidatin vun der DP leie virum 9. Juni grouss Erwaardungen: d’DP wëll och dës Kéier zwee Sëtz bei den Europawalen afueren.
headphones

12 min

play_arrow
Tilly Metz

Tilly Metz

Déi gréng Europadeputéiert géif hir Aarbecht am Europaparlament gär nom 9. Juni viruféieren.
headphones

15 min

play_arrow
Roger Spautz

Roger Spautz

Greenpeace presentéiert e Rapport, deen zu der Conclusioun kënnt, dass d'Lafzäit vun de Reaktere vu Cattenom net iwwer 40 Joer däerft verlängert ginn.
headphones

16 min

play_arrow
Danielle Filbig

Danielle Filbig

Froen un d'Co-Spëtzekandidatin op der LSAP-Lëscht fir d'Europawalen.
headphones

13 min

play_arrow
Charel Schmit

Charel Schmit

Wéi steet et ëm d'Gesondheetsversuergung fir Kanner a Jugendlecher hei am Land? Där Fro ass den OKaJu, den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher a sengem Joresrapport 2023 nogaangen.
headphones

14 min

play_arrow
Didier Kienou | © Chris Zeien

Didier Kienou

De Vertrieder vun der Lëtzebuerger ONG "Le Soleil dans la Main" am Burkina Faso erkläert, firwat een d'Länner aus der Sahelzon weider begleede sollt.
headphones

13 min

play_arrow
Romain Bausch

Romain Bausch

Am Virfeld vum Vott vum Staatsbudget 2024 schwätze mir mam President vum Conseil national des finances publiques.
headphones

17 min

play_arrow
Rejko Krüger

Rejko Krüger

D’Parkinsonkrankheet gëtt ëmmer méi heefeg. Wouru läit dat? A wéi kann ee se behandelen? Dat froe mir dee weltwäit unerkannte Parkinson-Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg.
headphones

12 min

play_arrow
Anne Calteux

Anne Calteux

An zwee Méint gëtt en neit Europaparlament gewielt. Wat heescht dat fir d’EU-Kommissioun? Dat froe mir déi offiziell Vertriederin vun der Kommissioun zu Lëtzebuerg.
headphones

15 min

play_arrow
Bob Steichen | © Morgane Weidig

Bob Steichen

Firwat wëllt Ettelbréck keng Fixerstuff? Dat ass eng vun de Froen, déi mir dem Buergermeeschter stellen. Aner Sujete sinn d’Heescheverbuet an d’Nordstad-Fusioun.
headphones

17 min

play_arrow
Raymond Remakel | © Morgane Weidig

Raymond Remakel

Bei de Chamberwale sinn d’Piraten hanner den héijen Erwaardungen zeréckbliwwen. Mat wéi engen Ziler gi si elo an d’Europawalen? Mir froen hire Spëtzekandidat.
headphones

14 min

play_arrow
Camille Dahm | © Jo Diseviscourt

Camille Dahm

De President vun der Vëlosportfederatioun bleift véier weider Joer am Amt. Wat wëllt hien an där Zäit erreechen?
headphones

16 min

play_arrow
Christian Hahn | © Jo Diseviscourt

Christian Hahn

D’Landwirtschaftskammer huet en neie President. Mir froen hien, wat hie wëllt anescht maache wéi säi Virgänger.
headphones

0 min

Blanche Weber | © Jo Diseviscourt

Blanche Weber

De Mouvement Ecologique fänkt un d’Gedold mat der neier Regierung ze verléieren. Wouru läit dat? A wat misst sech änneren? Mir froen d'Presidentin vum Mouvéco.
headphones

15 min

play_arrow
Melanie Noesen | © Jo Diseviscourt

Melanie Noesen

An der Ecole Nationale pour Adultes kann een och méi spéit am Liewen nach en Diplom maachen. Firwat gëtt d’Nofro dofir ëmmer méi grouss? Mir froen déi nei Direktesch vun der ENAD.
headphones

13 min

play_arrow
Gilles Baum | © Jo Diseviscourt

Gilles Baum

Ass déi nei Regierung sech net ganz esou eens, wéi et bis elo geschéngt huet? Déi Fro stelle mir dem DP-Fraktiounschef, nodeems an de leschten Deeg vill iwwer d'Atomenergie diskutéiert gouf.
headphones

13 min

play_arrow