Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Bruno Berle - New Hit

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Radioprogramm / One World

/ Man in Black

Man in Black

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

De Sänger a Multiinstrumentalist vun Durand Jones & The Indications, den Aaron Frazer kënnegt haut säin 2te Solo-Album ‘Into The Blue’ un. Dëse kennt den 28 Juni eraus, haut hei am One World e klénge Virgeschmaach!
Dem Ben Harper säin Album ‘Bloodline Maintenance’ schwätzt politesch an och perséinlech Themen un, notamment d’Absence vun engem Papp.
Den Charlie Musselwhite gëtt oft als de wäisse Bluesmann beschriwwen a gëllt als eng vun den Haaptfiguren di den Chicago-Blues opliewe loossen.
Den Johnny Cash bekannt als The Man in Black, mat sengem onverkennbare Bariton hat an den ugangs 90er Joren eng Phase wou en erëm zu engem onofhängegen Artist ginn ass. 1993 war den Johnny Cash also nees eleng mat senger Inspiratioun an huet Lidder di an där Zäit geschriwwe gi sinn a sengem Studio zu Nashville opgeholl . Vereenzelter vun dëse kommen elo gläich um Album ‘Songwriter’ eraus. Haut bei One World en éischte Virgeschmaach op de ‘Songwriter’ Disk dee fir Enn Juni ugekënnegt gëtt.

Playlist:

1. Durand Jones & The Indications - Morning in America - American Love Call
2. Aaron Frazer - Payback - Into The Blue
3. Ben Harper - Where Did We Go Wrong - Bloodline Maintenance
4. Charlie Musselwhite - Pea Vine Blues - Mississippi Son
5. The Black Keys - For the Love of Money - Dropout Boogie
6. Johnny Cash - Big Iron - Various
7. Johnny Cash - Well Alright - Songwriter
8. Seb Martel - Blue Suede Shoes - Saturn 63
9. Thomas Dybdahl  - There’s No One Else On Earth - Teenage Astronauts
10. Jehro - Long Is The Way- Shantytown Carnival
11. Yodi - Mariposa - Mariposa - Single
12. Khruangbin - May Ninth - A LA SALA
13. Dez Mona - Carry On - Hilfe Kommt
14. Tindersticks - Show Me Everything - The Something Rasin

Musek
Rock a Pop

Episoden

headphones

56 min

play_arrow

Man in Black

E Virgeschmaach op nei Disken di sech ukënnegen dorënner e posthumen Album vum Johnny Cash. Singer-Songwriting, Soul, Psychedelia a Musek fir ze chillen…
headphones

56 min

play_arrow

Back To Black

Nei-Verëffentlechungen, e Retour an d’70er, an eng Film-Musek di beréiert.
headphones

61 min

play_arrow

Hymne au soleil

Artiste mat engem ganz eegenen Universum, engagéiert Museker fir d’Mënscherechter an d’Natur an e bësse psychedeelesche Feeling ass derbäi, notamment aus Australien.
headphones

56 min

play_arrow

La Rata Bluesera

Blues aus Chile, Spaghetti-Western Feeling an e klenge Retour an d’80er
headphones

56 min

play_arrow

Métissage

Och d’Emissioun dës Kéier verdäitlecht nees, wéi räich den Austausch tëschent de Kulturen an der Musek ass.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2024

Reggae Feeling, e Meeschterwierk, dat net Vergiessenheet gerode soll an en neien Album mat 60es Feeling
headphones

56 min

play_arrow

It Must Change

Musek aus der Sahel-Zon, déi op d’Onofhängegkeetsbestriewunge vun den Touareg opmierksam mécht, eng nei Stëmm am Beräich vun der Soul an e puer cool Lidder
headphones

61 min

play_arrow

Beats and Songwriting

E bësse Punk aus de 70er, Blues, R&B a Roots Musek …a schéi Stëmmen
headphones

56 min

play_arrow

Sparkles

Irresistibel Kläng aus Brasilien, sprëtzeg Metissagen an Traditiounen zäitgenëssesch interpretéier
headphones

57 min

play_arrow

in the mood of…

Hafestied an hir Influenz op d’Musek, e Retour bei den ‘Trip Hop’ aus den Ugangs 90er, e jonkt Nowuess Talent an e längeren Openthalt an der Belsch.
headphones

55 min

play_arrow

Together

Grenzen existéieren an der Musek kaum nach, de weltwäiten Austausch an di géigesäiteg Beräicherung di an eiser ‘globaler Zäit’ méiglech ass brénge spannend an inspiréiert Kläng ervir...
headphones

56 min

play_arrow

The Soul of the Blues

De Blues ass e Styl deen ëmmer wëllkomm ass. Haut kennt en aus Kanada, Amerika an aus Mali
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Den afrikaneschen, australeschen an den europäesche Kontinent treffen dës Kéier zesummen. D’Influenze weisen ëmmer erëm dorops hin, datt d’Musek an d’Kreativitéit keng Beréierungsängschten a keng Virurteeler kennt.
headphones

56 min

play_arrow

Surprises

Singer-Songwriter, déi beréieren, politesch engagéierte Spoken Word, eng Pärel aus de 70er, Kammermusek a schéi Stëmmen, an e Mann, dee sech Coyote nennt ...
headphones

56 min

play_arrow

Rar Pärelen

Lauter Decouverten an nei Disken, esou munch (nach) onbekannten Nimm a virun allem Museken, déi beréieren …
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Spannend Decouverten, nei Verëffentlechungen, e Soul-Outfit, dee fein Arrangementer an Orchestratioune erklénge léisst, an eng jonk Artistin, déi keltesch Influenzen an d’Zäit vun haut katapultéiert.
headphones

56 min

play_arrow

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

0 min

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

57 min

play_arrow

Best of 2023

Nei Nimm, bekannte Solo-Artisten, déi fruchtbar Kollaboratiounen aginn a Soundtüftler, déi mat oppenen Oueren duerch d’Welt reesen.
headphones

57 min

play_arrow