Radioen

On air

Thé Dansant  |  Betty Davis - If I'm In Luck...

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ NJP Festival

NJP Festival

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Nom Succès vu sengem Album "Solel Kréyol" an no der intimer Paranthèse vun “Nocturne” huet den David Walters ufanks dëst Joer “Soul Tropical” verëffentlecht. En Disk fir den Dancefloor, deen d’Liewen zelebréiert an an deem den David Walters sech op en Neits mat senge kreoleschen Originne connectéiert.
Den David Walters ass ze gesinn um Nancy Jazz Pulsations Festival, dee vum 7.-21. Oktober iwwer d’Bün geet.
Den Erik Truffaz, de franséische Jazz-Trompettist, och hien ass dëst Joer um Nany Jazz Pulsations Festival, wou hie säin neien Album "Rollin’ & Clap" virstelle kennt. Op dësem revisitéiert hien déi grouss Theeme vum Kino a Komponiste wéi en Nino Rota, Ennio Morricone oder Philippe Sarde.
Zéng Joer sinn dEUS net méi opgetrueden a kommen elo hiren aachten Album “How To Replace It” op Nanzeg virstellen. Inspiréiert a melodesch a liicht decaléiert. dEUS um NJP, si spillen den Donneschdeg 19. Oktober.
Kham Meslien & Anthony Joseph: De Kontrabassist Kham Meslien erfuerscht säin Instrument, schafft mat Loops an Effekter an improviséiert gären. E flotte Concert vun dësem Virtuos an inspiréierte Museker, dee sech hei ukënnegt. Hien ass de 17. Oktober um NJP.
Den neien Album “Ha Ha Heartbreak” vun Warhaus entdecke mir och dës Kéier. Warhaus, belsch Formatioun an e Säitesprong vum Maarten Devoldere, deen ee kennt als Sänger vu Balthazar.
Eng vun de spannenden Decouvertë fir mech dëst Joer op den Nancy Jazz Pulsations ass d’Flüttistin Naissam Jalal an hir Formatioun Rhythms Of Resistance. Et heescht dës Formatioun ënnerscheed sech vu ville schonn eleng doduerch, datt een hei keng pyramidal Opdeelung hunn, d. h. de Leader, dee vu sengen Acolytte begleet gëtt. Am Géigendeel hei steet jiddwereen op derselwechter Front, wou och jiddweree säi Risiko ageet.
Dem Cynthia seng Decouverte vun dëser Woch: Naissam Jalal ze gesinn am Kader vun den NJP Festival vum 7.-21. Oktober.
Playlist:
1. David Walters & K.O.G - Gimme Love - Soul Tropical
2. Sault - Uncomfortable - Untitled (Rise)
3. Yussef Dayes - Rust (feat. Tom Misch) - Black Classical Music
4. Erik Truffaz - Trippin' the Lovelight Fantastic - Arkhangelsk
5. dEUS - Dream Is a Giver - How To Replace It
6. dEUS - Pirates - How To Replace It
7. Warhaus - Time Bomb - Ha Ha Heartbreak
8. Nana Rashid - Poor Blue Betty - Music for Betty
9. Kham Meslien & Anthony Joseph - La couleur (Elbows of the land) -Fantômes… Futurs
10. Naïssam Jalal & Rhythms of Resistance - Buleria Sarkhat Al Ard - Un autre monde
11. Mulatu Astatke & Black Jesus Experience - To Know Without Knowing - To Know Without Knowing

Musek

Episoden

headphones

56 min

play_arrow

Man in Black

E Virgeschmaach op nei Disken di sech ukënnegen dorënner e posthumen Album vum Johnny Cash. Singer-Songwriting, Soul, Psychedelia a Musek fir ze chillen…
headphones

56 min

play_arrow

Back To Black

Nei-Verëffentlechungen, e Retour an d’70er, an eng Film-Musek di beréiert.
headphones

61 min

play_arrow

Hymne au soleil

Artiste mat engem ganz eegenen Universum, engagéiert Museker fir d’Mënscherechter an d’Natur an e bësse psychedeelesche Feeling ass derbäi, notamment aus Australien.
headphones

56 min

play_arrow

La Rata Bluesera

Blues aus Chile, Spaghetti-Western Feeling an e klenge Retour an d’80er
headphones

56 min

play_arrow

Métissage

Och d’Emissioun dës Kéier verdäitlecht nees, wéi räich den Austausch tëschent de Kulturen an der Musek ass.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2024

Reggae Feeling, e Meeschterwierk, dat net Vergiessenheet gerode soll an en neien Album mat 60es Feeling
headphones

56 min

play_arrow

It Must Change

Musek aus der Sahel-Zon, déi op d’Onofhängegkeetsbestriewunge vun den Touareg opmierksam mécht, eng nei Stëmm am Beräich vun der Soul an e puer cool Lidder
headphones

61 min

play_arrow

Beats and Songwriting

E bësse Punk aus de 70er, Blues, R&B a Roots Musek …a schéi Stëmmen
headphones

56 min

play_arrow

Sparkles

Irresistibel Kläng aus Brasilien, sprëtzeg Metissagen an Traditiounen zäitgenëssesch interpretéier
headphones

57 min

play_arrow

in the mood of…

Hafestied an hir Influenz op d’Musek, e Retour bei den ‘Trip Hop’ aus den Ugangs 90er, e jonkt Nowuess Talent an e längeren Openthalt an der Belsch.
headphones

55 min

play_arrow

Together

Grenzen existéieren an der Musek kaum nach, de weltwäiten Austausch an di géigesäiteg Beräicherung di an eiser ‘globaler Zäit’ méiglech ass brénge spannend an inspiréiert Kläng ervir...
headphones

56 min

play_arrow

The Soul of the Blues

De Blues ass e Styl deen ëmmer wëllkomm ass. Haut kennt en aus Kanada, Amerika an aus Mali
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Den afrikaneschen, australeschen an den europäesche Kontinent treffen dës Kéier zesummen. D’Influenze weisen ëmmer erëm dorops hin, datt d’Musek an d’Kreativitéit keng Beréierungsängschten a keng Virurteeler kennt.
headphones

56 min

play_arrow

Surprises

Singer-Songwriter, déi beréieren, politesch engagéierte Spoken Word, eng Pärel aus de 70er, Kammermusek a schéi Stëmmen, an e Mann, dee sech Coyote nennt ...
headphones

56 min

play_arrow

Rar Pärelen

Lauter Decouverten an nei Disken, esou munch (nach) onbekannten Nimm a virun allem Museken, déi beréieren …
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Spannend Decouverten, nei Verëffentlechungen, e Soul-Outfit, dee fein Arrangementer an Orchestratioune erklénge léisst, an eng jonk Artistin, déi keltesch Influenzen an d’Zäit vun haut katapultéiert.
headphones

56 min

play_arrow

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

0 min

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

57 min

play_arrow

Best of 2023

Nei Nimm, bekannte Solo-Artisten, déi fruchtbar Kollaboratiounen aginn a Soundtüftler, déi mat oppenen Oueren duerch d’Welt reesen.
headphones

57 min

play_arrow