Nouvelles

14/07/2010

De Summerconcours

Iwwert de Summer gräift de radio 100,7 déi verschidden Theme vun de läschte Méint nach eemol op. Gewannt all Dag flott Präisser. >>

13/07/2010

Kulturrees op Dresden

Fir den 300. Jubiläum vun der Parzeläin-Hirstellung organiséiert de radio 100,7 eng thematesch Rees op Dresden >>

Voir toutes les nouvelles

programme journalier

29/07/2010

6:00 - 7:00

Virum Dag

De Moiesmagazin um 100,7 mat engem Noriichteniwwerbléck all hallef Stonn, um 07.00 an 08.00 Panorama, den Noriichtemagazin
06.00 Noriichteniwwerbléck
06.05 Programmiwwerbléck
06.15 Éischt Bank fir Mammemëllech um Balkan ass elo a Serbien opgaangen
06.25 haut op engem ...
06.30 Meteo an Noriichteniwwerbléck
06.40 180 mat Petrol verknaschten Deckelsmouken am Golf vu Mexiko konnte scho gerett ginn, anerer sinn amgaangen sech ze erhuelen. An am Mekong sinn déi grouss Fësch duerch Staudämm bedréiht 
06.45 Notizblock
06.50 Kulturtip: 6 nei Filmer stinn dës Woch op der Affiche. Enner anerem den drëtten Deel vun Toy Story, deen neie Film mam Tom Cruise a Cameron Diaz “Knight and Day” an nach e puer méi kleng Produktiounen aus England, Frankräich, Amerika an Däitschland. Den Olivier Del Fabbro wees méi. (Rediff. um 08.50)
06.59 Meteo

7:00 - 7:15

Moies-Panorama

National an international Noriichten. (Rediff. géint 08.10).

7:15 - 7:35

Virum Dag

07.20 Kulturbäitrag: D’Stëmm vum Vollek gëtt e vu ville Grieche genannt: de Mikis Theodorakis. Haut kritt de Komponist 85 Joer. An der Ëffentlechkeet weist en sech ze soe guer net méi. D'Zäiten, wou een den Theodorakis gesäit, grouss Masse vu Museker a Sänger dirigéieren, wou e politesch Rieden hält, sinn eriwwer. Op säi Gebuertsdag haut Donneschdeg gëtt de Museker ganz besonnesch a Griechenland gefeiert. Den Owend um 9 Auer ass am Lykabettos-Theater zu Athen e grousse Concert mat ënner anerem der Maria Farantouri, enger vun de groussen Interpretinne vum Theodorakis senge Lidder. De Guy Engels skizzéiert e Portrait vum Mikis Theodorakis. 
07.30 Meteo, Noriichteniwwerbléck an Trafic-Info

7:35 - 7:50

Invité virum Dag

Eng parlamentaresch Ufro iwwert e méigleche Kierfecht oder Crématoire fir Hausdéieren gouf elo kierzlech vum Landwirtschaftsminister éischter onbefriddegend beäntwert. Mat der Déiereverhalensberoderin Tania Fettes hu mer iwwert d’Néidegkeet vun esou enger Trauerplaz fir Mënsche vu verstuerwenen Hausdéiere geschwat, eng Petitioun ass och an deem Sënn elo lancéiert ginn. Déi fënnt een op www.pet-psy-cafe.eu
(Rediff. um 13.30)

7:50 - 8:00

Virum Dag

07.50 Auslandskronik (Rediff. um 13.05)
07.59 Meteo

8:00 - 8:30

Moies-Panorama

mat de groussen nationalen an internationale Rendez-Vouse vum Dag
08.15 Presserevue
08.20 Dossier vum Dag: Wien an de leschte Méint mol op der Stadter Gare war, konnt feststellen, datt hei fläisség geschafft gëtt. Jo, d’Stadter Gare ass derbäi – sou wéi een et am Ausland gewinnt ass – eng funktionnell a modern Gare ze ginn, wou ee ganz geschwënn ouni Stress den Zuch oder Bus kann huelen. Am Dossier vum J-Pol Roden ginn et weider Explikatiounen zu dëse substantiellen, strukturelle Verbesserugen an wéi ronderëm der ‚d’Stadter Gare. (Rediff. um 12.20)

8:30 - 9:00

Virum Dag

08.30 Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info
08.35 Kulturevenement: An eisem Evenement geet de Moie vum Jakobswee op Santiago de Compostella a Spuenien Reds, e Wee dee sécher ville Mënschen e Begrëff ass. p Initiativ vum Schäfferot a vun der 3-Alter-Kommissioun vun der Stad Réimech ass haut den Owend um 8 Auer am Centre sociétaire “Aal Schoul” zu Réimech eng Konferenz mat der Iwwerschrëft “Pélérinage de Saint Jacques de Compostelle”. De Jean Claude Majerus huet Détailler beim Conférencier vun den Owend, Alain Atten nogefrot. An datt den Alain Atten iwwert de Jakobswee schwätzt, kënnt net vun ongeféier, well hie schonns e puer Mol op dësem Wee ennerwee war. (Rediff.)
08.45 Notizblock
08.50 Kulturtip (Rediff.)
08.59 Meteo

9:05 - 11:00

Divertimento

De Komponist Mikis Theodorakis ass eng grouss Symbolfigur a Griechenland, déi fir Fräiheet an Demokratie steet. Haut feiert de Mikis Theodorakis säi 85. Gebuertsdag. Duerfir bréngt de radio 100,7 elo – ausnahmsweis amplaz vum deeglechen Divertimento – eng Spezialsendung, e musekalesche Portrait, gezeechent vum Guy Wagner.

De Guy Wagner ass e gudde Frënd vum Komponist an e Spezialist vu sengem Wierk, dat en net nëmmen a Bicher, mä och an enger Serie vun Emissiounen hei um radio 100,7 engem breede Public méi no bruecht huet.

11:05 - 12:00

Radiopolis

11.10 Dornréischen, Mickymaus, Lederstrumpf oder och nach Harry Potter... ëmmer bleiwt d’Fro – wéi wichteg ass a bleift d’Liese fir d’Kanner ? Grad an enger Zäit, wou déi audiovisuell Medien wéi Tëlé, Radio, Computer asw. ëmmer méi ee groussen Afloss op si hunn, wäert de J-Pol Roden op d’Wichtegkeet vum LIESEN – net nueren an der Schoul – agoen. Äentwerten kréit hien vun den zwee Experten, der Schrëftstellerin a pensionéierter Léierin Christiane Ehlinger an dem Sproochespezialist op der UNI Lëtzebuerg, Charel Berg.

11.30 „Vision Zero“, keng Verkéiersdoudeger méi op eise Stroossen! Utopie oder en Zil, wat äis wichteg sollt sinn!?
11.50 Fro vum Dag
11.59 Meteo

12:00 - 12:30

Mëttes-Panorama

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun.
12.20 Dossier vum Dag (Rediff.)

12:30 - 12:35

Noriichteniwwerbléck

Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info

12:35 - 14:00

Radiopolis

12.40 Kulturbäitrag: Haut den Owend ass hei an der Stad déi 14. Editioun vun der „Gala Tour de France“. Et dierfte vill Fans vum Velos-Sport an d’Stad kommen, fir den Exploit vum Andy Schleck bei der Tour de France ze feieren. Lëtzebuerg huet awer schonn eng laang Traditioun bei der Grande Boucle. Dës Traditioun gëtt den Ament an der Dexia-Agence op der Paräisser Plaz an enger Ausstellung dokumentéiert. Den Yves Stephany war en Dënschdeg op de Vernissage.
 
12.50 Summerconcours

13.00 Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info
 

13.05 Auslandskronik (Rediff.)
13.15 aktualiséierten Notizblock
13.30 Invité virum Dag (Rediff.)
13.45 Trafic-Info
13.55 National Boursewäerter

14:00 - 15:30

Concert Euroradio

E Live-Matschnëtt vun engem auslännesche Radio, Member an der UER, der Union Européenne de Radio-Télévision.

Live-Matschnëtt vu Radio France an der Salle Pleyel zu Paräis den 23.10.2009.
Um Programm:
Maurice Ravel: Daphnis et Chloé, suite Nr. 2;
Evencio Castellanos: Santa Cruz de Pacairigua;
Hector Berlioz: Symphonie fantastique.
Orchestre Philharmonique de Radio France,
Simon Bolivar Youth Orchestra of Venezuela
Direktioun: Gustavo Dudamel

Presentéiert vum Rémy Franck. (Rediff.)

15:30 - 17:00

Chaise-Lounge

Eng Mixtur aus verschiddene Museksberäicher, easy Listening, agreabel ze lauschteren. Akustesch an elektronesch Rhythme mësche sech mat ethneschen Echoen, jazzy Nostalgie, trip-hop Elementer, Filmmuseken.

17:08 - 18:00

Ënnerwee

An de Feierowend mam 100,7
17.10 Service-Rubrik mat Trafic-Info an Noutdéngschter
17.15 Notizblock
17.20 Kulturevenement: An eisem Evenement huele mer Iech mat an den Norde vun eisem Land, op de Stauséi, an nach méi genee op Ënsber. Zu Ënsber gëtt nämlech e Freideg an e Samschdeg déi 7. Editioun vum Open-Air-Museksfestival “Musek a Méi um Séi” organsiéiert. Um Programm stinn vu muer den Owend 7 Auer bis an de spéide Samschden Owend eran ee Concert nom aneren.

Nieft der Musek an dem Amusement gëtt et awer nach e weidere Grond fir dëse Festival. D’ASBL Séibühn Ënsber setzt sech schon zanter Joeren fir eng Séibühn zu Ënsber um Stauséi an, an de Festival soll fir de Projet “Séibühn” sensibiliséieren.

De Jean Claude Majerus huet sech mat der Directrice vum Naturpark Uewersauer Christine Lutgen iwwert de Festival zu Ënsber ënnerhalen, wollt awer fir d’éischt eemol wëssen wou de Projet “Séibühn” iwwerhaapt drun ass. (Rediff. muer um 08.35)
17.30 Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info
17.35 Kulturnoriichten
17.50 Q wéi Kultur, K wéi Quiz
17.59 Meteo

18:00 - 18:30

Owes-Panorama

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag (Rediff. um 22.00)

18:30 - 19:00

Thema: 100 Joer Fligerei zu...

Ballonsfligerei zu Lëtzebuerg

D’Ballonsfligerei ass dei eelsten an uregst Form fir sech an der Loft fortzebewegen. Schonn am 19. Joerhonnert hu sech zu Lëtzebuerg vereenzelt Leit fir d’Ballonsfligerei interesséiert. Eréischt an de 60er Jore gouf et méiglech, duerch d’Entwécklung vu mei liichte Materialien, fir dëse Sport am grousse Stil ze bedréiwen. Ufanks de 70er Joren hu sech d’Pionéier zu Lëtzebuerg zesummegeschloss an organiséiert an zanter 1996 gëtt hei am Land all Joer d’World Balloon Trophy organiséiert.

Den Yves Stephany huet sech mat Leit vun däer éischter Stonn, dem Pit Klein a Jean-Claude Weber, dem jonke Pilot Benoît Elvinger, dem aktuelle lëtzebuerger Champion Nico Betzen an dem President vun Avialux, dem Carlo Lecuit ënnerhalen a gëtt en Abléck an d’Faszinatioun vun der Ballonsfligerei zu Lëtzebuerg. (Rediff. vum 2.11.2009)

29.07.2010 - 100 Joer Fligerei zu Lëtzebuerg

19:00 - 20:00

Erlieft a Verzielt

De Camille Montaigu, gebuer 1934 zu Fameck a Frankräich, ass e franséische Journalist, deen als Redakter (1958-74) an Direkter (1974-94) vun der lëtzebuerger Editioun vum Républicain Lorrain geschafft huet.
De Camille Montaigu hat mam „Répu“ ufanks den 1970er Joren en neie Stil an déi lëtzebuerger Press erabruecht andeems hien nie op offiziell Matdeelunge gewaart huet, mä ëmmer bestrieft war, Neiegkeeten no Recherchen als éischten ze bréngen. Hien ass a senger Fräizäit e begeeschterte Sportpilot an zënter 1995 ass hien de President vun der „Amicale des Vieilles Tiges de l’Aviation luxembourgeoise“ (AVTAL). De Journalist Camille Montaigu ass den Invité beim Carlo Link. (Rediff. vum 8.11.2009)

20:00 - 22:00

Aus dem Musekssall

Sinfonesch Blosmusek, interpretéiert vun Harmonien a Fanfaren aus dem In- an Ausland.

D'Harmonie Municipale vu Péiteng, d'Harmonie Union Troisvierges, d'Wëntger Musek an d'Bartrénger Musek interpretéiere sinfonesch Blosmusek. Presentatioun: Jean-Paul Bleser.

(Rediff. vu sonndes 12:30)

22:00 - 22:15

Owes-Panorama

(Reprise)

22:15

Notturno

Mat engem musekalesche Mix duerch d'Summernuecht.

30/07/2010

6:00 - 7:00

Virum Dag

De Moiesmagazin um 100,7 mat engem Noriichteniwwerbléck all hallef Stonn, um 07.00 an 08.00 Panorama, den Noriichtemagazin
06.00 Noriichteniwwerbléck
06.05 Programmiwwerbléck
06.15 d’Galapagos-Insele sinn nees vun der Rouder Lëscht vun der UNESCO erof
06.25 haut op engem ...
06.30 Meteo an Noriichteniwwerbléck
06.40 «Gay games» zu Köln: dat ass wéi olympesch Spiller fir Schwuler a Lesben
06.45 Notizblock
06.50 Kulturtip: Viru 5 Joer hat de Wëltzer Festival op eng “Philharmonic Night” invitéiert mat Musek vun Deep Purple, Pink Floyd, Led Zeppelin a Queen.
Fir den Ofschloss vun der Editioun 2010 muer Samschdeg, 31. Juli, um 20.45 Auer op der Fräiliichtbühn virum Schlass ass nees eng Soirée mat Tuben aus de 70er Joren a klasseschem Format ugesot. De Guy Engels mat Detailer iwwert dëse Concert. (Rediff. um 08.50)
06.59 Meteo

7:00 - 7:15

Moies-Panorama

National an international Noriichten. (Rediff. géint 08.10).

7:15 - 7:35

Virum Dag

07.20 Kulturbäitrag: De Karate Kid, e Remake vum Kultfilm aus den 80er Joren, ass d’lescht Woch an eise Säll ugelaf. Op d’Neiverfilmung mam Jaden Smith an dem Chackie Chan mam Original ka mathalen zielt eis d’Myriam Wecker. 
07.30 Meteo, Noriichteniwwerbléck an Trafic-Info

7:35 - 7:50

Invité virum Dag

de Christian Weiland, Chargé de direction beim OLAP, dem Office luxembourgeois pour l’accroissement de la productivité, steet eis de Moie Ried an Äntwert iwwert de Summertraining 2010

(Rediff. um 13.30)

7:50 - 8:00

Virum Dag

07.50 Wirtschaftskronik: Virun enger Woch huet d’Finanzwelt den Otem ugehal. D’Resultater vum Banke-Stresstest sollten am spéiden Owend publizéiert ginn. Et war spannend gewiescht, an dach, eraus koume keng grouss Iwwerraschungen. Mat de lëtzebuerger Banken ass alles an der Rei, huet den Test erginn, an de Finanzminister huet sech gefreet. Eis Wirtschaftskronik mam Fernand Weides.  (Rediff. um 13.05)
07.59 Meteo

8:00 - 8:30

Moies-Panorama

mat de groussen nationalen an internationale Rendez-Vouse vum Dag
08.15 Presserevue
08.20 Dossier vum Dag (Rediff. um 12.20)

8:30 - 9:00

Virum Dag

08.30 Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info
08.35 Kulturevenement: An eisem Evenement huele mer Iech de Moie mat an den Norde vun eisem Land, op de Stauséi, an nach méi genee op Ënsber. Zu Ënsber gëtt nämlech haut a muer déi 7. Editioun vum Open-Air-Museksfestival “Musek a Méi um Séi” organsiéiert. Um Programm stinn vu den Owend 7 Auer bis an de spéide Samschden Owend eran ee Concert nom aneren.

Nieft der Musek an dem Amusement gëtt et awer nach e weidere Grond fir dëse Festival. D’ASBL Séibühn Ënsber setzt sech schon zanter Joeren fir eng Séibühn zu Ënsber um Stauséi an, an de Festival soll fir de Projet “Séibühn” sensibiliséieren.

De Jean Claude Majerus huet sech mat der Directrice vum Naturpark Uewersauer Christine Lutgen iwwert de Festival zu Ënsber ënnerhalen, wollt awer fir d’éischt eemol wëssen wou de Projet “Séibühn” iwwerhaapt drun ass. (Rediff.)
08.45 Notizblock
08.50 Kulturtip (Rediff.)
08.59 Meteo

9:05 - 11:00

Divertimento

Liicht Klassik a gehuewen Ënnerhalung.

11:05 - 12:00

Radiopolis

11.30 Veianen, Buerschent, Esch-Sauer, Beefort, an, an, oder och nach Manderen hei vir am Frankräich! Et stinn e ganze Koup imposant Buergen hei am Land, oder nobäi! Ma wat war dat fir e Liewen, fréier, op dëse Buergen?
11.50 Fro vum Dag
11.59 Meteo

12:00 - 12:30

Mëttes-Panorama

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun.
12.20 Dossier vum Dag (Rediff.)

12:30 - 12:35

Noriichteniwwerbléck

Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info

12:35 - 14:00

Radiopolis

12.40 Kulturbäitrag
12.50 Summerconcours
13.00 Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info

13.05 Wirtschaftskronik (Rediff.)
13.15 aktualiséierten Notizblock
13.30 Invité virum Dag: de Christian Weiland, Chargé de direction beim OLAP, dem Office luxembourgeois pour l’accroissement de la productivité, steet eis Ried an Äntwert iwwert de Summertraining 2010. (Rediff.)
13.45 Trafic-Info
13.55 National Boursewäerter

14:00 - 15:30

Kammermusek

Live-Matschnëtt vum Concert Actar: «Voyage musical de Paris à Madrid», musique française et espagnole den 9. November 2006. Um Programm stounge Wierker vu Berlioz, Duparc, De Falla, Saint-Saëns a Ravel. (Rediff.)

30.07.2010 - Kammermusek - Manuel de Falla
Manuel de Falla

15:30 - 17:00

Chaise-Lounge

Eng Mixtur aus verschiddene Museksberäicher, easy Listening, agreabel ze lauschteren. Akustesch an elektronesch Rhythme mësche sech mat ethneschen Echoen, jazzy Nostalgie, trip-hop Elementer, Filmmuseken.

17:08 - 18:00

Ënnerwee

An de Feierowend mam 100,7
17.10 Service-Rubrik mat Trafic-Info an Noutdéngschter
17.15 Notizblock
17.20 Kulturevenement: Wien eemol do war, deen war begeeschtert, dat op alle Fall ass d’Ausso vu Leit déi schonn eng Kéier zu Wellesteen op der Kiirmes waren. An elo ass et nees esouwäit, de Syndicat d’Initiative vu Welleschten invitéiert e Sonndeg a e Méindeg op hir traditionnel Kiirmes.

Informatiounen iwwert d’Kirmes zu Wellesteen gëtt et vun der Liliane Hemmen, der Presidentin vum Syndicat d’initiative vu Welleschten an si erkläert och op d’Kiirmes dann elo zu Welleschten méi eng grouss Bedeitung huet wéi soss uechter d’Land, well ausser dem Hämmelsmarsch gëtt jo bal néierens méi d’Kiirmes esou richteg gefeiert. (Rediff. muer um 08.35)
17.30 Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info
17.35 Kulturnoriichten
17.50 Q wéi Kultur, K wéi Quiz
17.59 Meteo

18:00 - 18:30

Owes-Panorama

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag: Ennert dem Titel «HOT SUMMER» gëtt et an der Galerie TOXIC an der Stad nach bis Enn August eng Gruppenausstellung vun enger 15 NET-lëtzebuerger Kënschtler ze gesinn, déi hei déi verschiddenaartegst Konschtzesummenstellungen. Pierre Neyens.  (Rediff. um 22.00)

18:30 - 19:00

Rendezvous Kultur

Am Rendezvous Kultur huele mer Iech den Owend mat an eng Parti Ausstellungen : an der Abtei Neimënster gi mer Schëffer aus dem Bangladesh kucken, zu Déifferdéng am Fond de Gras bewonnere mer sensuell Fotoe vu Planzen ; Sensualitéit ass och e Begrëff, deen ee mat där franséischer Kënschtlerin Niki de Saint Phalle a Verbindung bréngt, an de Château de Malbrouck hei vir am Dreilännereck proposéiert am Ablack eng Retrospektiv. Um Schluss vum Rendezvous soe mer Iech dann awer och nach, wat dës Woch Neits am Kino leeft.

Duerch de Rendezvous Kultur begleet Iech d’Cléo Thoma.

 

19:00 - 19:30

Bicher aus de Joerhonnnerten

Histoire du chevalier des Grieux et de Manon Lescaut
En 1731 paraît à Amsterdam un roman d’amour fou qui marquera fort les esprits : l’Histoire du chevalier des Grieux et de Manon Lescaut. L’auteur en est un ecclésiastique atypique: l’abbé Prévost. Il signe du pseudonyme de «Prévost d’Exiles», puisqu’il a dû quitter le royaume de France et s’est réfugié en Hollande. L’auteur, en principe habitué à la vie monacale, évoque une société viciée et hypocrite où la vertu chrétienne est un bien peu partagé. Son récit va rencontrer un succès de scandale et le livre sera saisi et condamné. La vie errante du romancier, qui illustre plusieurs systèmes de valeurs, semble se réfléchir dans l’instabilité morale et sociale de ses personnages, un couple d’amoureux qui vit une liaison en marge des codes alors admis. L’homme, un cadet de noblesse membre de l’ordre de Malte, s’éprend d’une jeune femme délurée et émancipée qui, tout au long de leur aventure, dissociera vie de cœur et vie de corps et se vend au plus offrant tout en assurant le chevalier pauvre de ses sentiments dévoués. Seule la mort de Manon, en Louisiane, donnera lieu à une union symbolique sans partage.
L’émission du professeur Frank Wilhelm se propose de commenter cette histoire passionnelle racontée selon le point de vue de l’homme, de dégager la dimension féministe et de souligner les aspects documentaires du roman, lequel a fait l’objet de plusieurs opéras et adaptations théâtrales et cinématographiques, la thématique étant éternelle et toujours d’actualité. (Rediff. vum 7.11.2009)
 

19:30 - 20:00

Atlantis

Et muss een net onbedéngt wäit fueren, fir an en aneren Universum anzedauchen. Klouschtervakanzen erlaben, de Stress vum Alldag lasszeginn a sech selwer ze vergiessen. Esou spirituel Vakanze ginn an ëmmer méi Kléischter ugebueden, zu Lëtzebuerg an am Ausland. Vill Leit aus de Groussstied sinn op der Sich no Rou a Fridden. An enger Zäit an däer deem Eenzelne seng gesellschaftlech Plaz dacks ekonomesch definitéiert ass, striewe vill Leit no engem aneren, méi déiwe Sënn an hirem Liewen. Äntwerten op esou existenziell Froe siche si an hirem Ënneren. D’Nathalie Oberweis huet eng Entdeckungsrees no bannen ënnerholl. (Rediff. vum 3.4.2010)

 

20:00 - 22:00

Rockultur

Rockultur mat haut um Ufank vun der Emissioun nei CD’en an dann e Portrait vum “sprëtzegen” James Chance, ee vun den illustre Personnagen aus der No Wave Bewegung vun New York Enn 70er, ugangs 80er Joren.

 Eng Emissioun vum Cynthia Hornick. (Rediff. samschdes um 14.00)

22:00 - 22:15

Owes-Panorama

(Reprise)

22:15

Notturno

Mat engem musekalesche Mix duerch d'Summernuecht.

31/07/2010

6:00 - 7:00

Virum Dag

De Moiesmagazin um 100,7 mat engem Noriichteniwwerbléck all hallef Stonn, um 07.00 an 08.00 Panorama, den Noriichtemagazin
06.00 Noriichteniwwerbléck
06.05 Programmiwwerbléck
06.15 Stëbs aus der Sahara ass liewenswichteg fir den Amazonas 
06.25 haut op engem ...
06.30 Meteo an Noriichteniwwerbléck
06.40 wien a jonke Jore laang léiert, huet am Alter méi e klenge Risiko un Demenz ze erkranken
06.45 Notizblock
06.50 Kulturtip: De Château de Malbrouck hei vir am Dräilännereck zu Manderen op der Musel a Frankräich weist zanter dem 1. Abrëll eng Expositioun iwwert d’Niki de Saint Phalle. Di amerikanesch-franséisch Kënschtlerin hätt dëst Joer hiren 80. Gebuertsdag gefeiert. Eng interessant Expositioun bei där et sech lount eng Kéier luussen ze goen. Den Olivier Del Fabbro war an de Château de Malbrouck kucken, wat alles ausgestallt ass an huet sech mam Florence Forin, Directrice Adjointe vum Château de Malbrouck, ënnerhal. (Rediff. um 08.50)
06.59 Meteo

7:00 - 7:15

Moies-Panorama

National an international Noriichten.

7:15 - 7:35

Virum Dag

07.20 Kulturbäitrag: Mam Georg Solti, Eugen Ormandy, Antal Dorati a Fritz Reiner gehéiert de George Szell zu deenen ungareschen Dirigenten, déi nom Zweete Weltkrich déi amerikanesch Orchesteren op Weltniveau bruecht hunn. 24 Joer laang stoung en un der Spëtzt vum Cleveland Orchestra. Gëschter waren et genee 40 Joer hier, datt den George Szell gestuerwen ass. De Guy Engels mat engem Portrait. 
07.30 Meteo, Noriichteniwwerbléck an Trafic-Info

7:35 - 7:50

Invité virum Dag

muer, 1ten August feieren d’Schwäizer hiren Nationalfeierdag .. an och vill Landsleit, déi bei eis wunnen a liewen, feieren hiert Fest. Détailer dozou ginn et vum Invité Virum Dag, dem Här Daniel Jelmini, President vun der asbl Cercle Suisse Luxembourg.
(Rediff. um 13.30)

7:50 - 8:00

Virum Dag

07.50 ONT-Kronik (Rediff. um 13.05) />07.59 Meteo

8:00 - 8:30

Moies-Panorama

mat de groussen nationalen an internationale Rendez-Vouse vum Dag
08.15 Presserevue
08.20 Dossier vum Dag (Rediff. um 12.20)

8:30 - 9:00

Virum Dag

08.30 Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info
08.35 Kulturevenement: Wien eemol do war, dee war begeeschtert, datt op alle Fall ass d’Ausso vu Leit déi schonn eng Kéier zu Welleschten op der Kiirmes waren. An elo ass et nees esouwäit, de Syndicat d’Initiative vu Welleschten invitéiert moar an iwwermoar op hir traditionnel Kiirmes. De Jean Calude Majeurs huet sech iwwert d’Kirmes zu Welleschten bei der Liliane Hemmen, der Presidentin vum Syndicat d’Initiative vu Welleschten informéiert. An e wollt virop wëssen, ob d’Kiirmes dann elo zu Welleschten méi eng grouss Bedeitung huet wéi soss uechter d’Land, well ausser dem Hämmelsmarsch gëtt jo bal néierens méi d’Kiirmes esou richteg gefeiert. (Rediff.)
08.45 Notizblock
08.50 Kulturtip (Rediff.)
08.59 Meteo

9:05 - 9:30

Nationalfeierdag en anermol

1815 & 1839 - Lëtzebuerg, Grand-Duché an den éischte Londoner Traité
Um Wiener Kongess gëtt Lëtzebuerg Grand-Duché. E wichtegen Datum, well Lëtzebuerg ass bis haut e Groussherzogtum. Den 19. Abrëll 1839 ënnerschreiwen Nothomb a van de Weyer am Numm vun der Belsch zu London den Traité vun de „24 Artikelen“: Lëtzebuerg verléiert seng wallounesch Distrikter, mä gëtt par konter onofhängeg. En Dag, deen ee sech als Lëtzebuerger kéint als en nationale Feierdag virstellen. Also Ursaachen, fir nationalzefeieren.
Eng Serie vum Roger Seimetz.
(Rediff. vum 13.10.2009)
 

9:30 - 11:00

CD-Klassik

Nei CDen aus dem klassesche Beräich presentéiert vum Rémy Franck. (Rediff.)

11:05 - 12:00

Radiopolis

Eng radiophonesch Rees duerch d'Geschicht, d'Konscht, d'Literatur an d'Aktualitéit mat Rubriken, Kroniken, Commentairen a Stëmmen zu Themen, déi am Gespréich sinn
11.50 Fro vum Dag
11.59 Meteo

12:00 - 12:30

Mëttes-Panorama

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun.
12.20 Dossier vum Dag (Rediff.)

12:35 - 14:00

Radiopolis

12.40 Kulturbäitrag: An den nächste Minutte proposéiere mer e Portrait vun engem russesche Clown. Mä éier mer awer den Numm nenne, wëlle mer dësen aussergewéinlechen Artist beschreiwen: Hien trëtt am Kostüm vum russeschen Iwanuschka op, wat een am Däitsche mat der Figur vum "Hans im Glück” ka vergläichen, datt heescht elo eng schwaarz-wäiss karéiert Kapp, e samette Paltong, rout-schwaarz gesträifte Box, rout Strëmp, spatz Schung an nëmmen e puer Punkte Schmink am Gesiicht. An dernieft ass dësen Artist nieft sengem Don als Clown och nach en exellente Jongleur a Seeldänzer.

Rieds geet vum russesche Clown Oleg Popow, deen haut op den Dag säin 80. Anniversaire feiert an der Zirkusmanege nach ëmmer trei ass. E Portarit vum Clown mam Jean Claude Majerus 
12.50 Summerconcours
13.00 Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info

13.05 ONT-Chronik (Rediff.)
13.15 aktualiséierten Notizblock
13.30 Invité virum Dag: muer, 1ten August feieren d’Schwäizer hiren Nationalfeierdag .. an och vill Landsleit, déi bei eis wunnen a liewen, feieren hiert Fest. Détailer dozou ginn et vum Invité Virum Dag, dem Här Daniel Jelmini, President vun der asbl Cercle Suisse Luxembourg. (Rediff.)
13.45 Trafic-Info  

14:00 - 16:00

Rockultur

Rockultur mat haut um Ufank vun der Emissioun nei CD’en an dann e Portrait vum “sprëtzegen” James Chance, ee vun den illustre Personnagen aus der No Wave Bewegung vun New York Enn 70er, ugangs 80er Joren.

Eng Emissioun vum Cynthia Hornick. (Rediff. vu freides, 20.00)

16:00 - 17:00

Lollypopp

Labber a gutt gelaunt duerch de Samschdeg Nomëtteg

Mam
- Musekstip
- Cd Tip vun der Woch
- Kult Corner (Kino, Bicher, BDen, Placken…)
- Event Tip
- Live Invitéen
- Dossier Internet
- Dossier Musek History
mat vill ofwiesslunsgräicher Musek aus modernem Pop, Rock, Dance an Elektro.
Animéiert vum Yves Stephany a Mike Tock.

 

17:08 - 18:00

Lollypopp

Museks-, Kultur- an Informatiounsemissioun.
Labber a gutt gelaunt duerch de Samschdeg Nomëtteg.
Mam
- Musekstip
- Cd Tip vun der Woch
- Kult Corner (Kino, Bicher, BDen, Placken…)
- Event Tip
- Live Invitéen
- Dossier Internet
- Dossier Musek History
mat vill ofwiesslunsgräicher Musek aus modernem Pop, Rock, Dance an Elektro.
Animéiert vum Yves Stephany a Mike Tock.


 

18:00 - 18:30

Owes-Panorma

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.20 Kulturbäitrag (Rediff. um 22.00)

18:30 - 19:00

Thema: 100 Joer Fligerei zu...

Wat passéiert um Findel hannert de Kulissen, apart an deenen neien Infrastrukturen, fir datt de Betrib leeft? Wat muss zum Beispill alles geschéien, fir datt och d’Bagagë mat Zäit op hir richteg Destinatioun geschéckt ginn? Wien däerf wou zirkuléieren, a wéi geféierlech sinn déi sëllech Kanéngercher, Fiiss, a virun allem Viggel, déi sech um Territoire vum Flughafen néiergelooss hunn, ouni an der Entrée hir Carte d’Identité ze weisen? An elo, wou souvill investéiert gouf: wéi positionnéiert sech de Findel par Rapport zur Konkurrenz vun anere Fluchhäfen an der Regioun? Dësen an anere Froen ass d’Cléo Thoma a Gespréicher nogaange mam Fernand Brisbois, President vum Comité de direction an Directeur général vu Lux-Airport an dem Jean Birgen, Member vun der Safety & Security Runway Commission. (Rediff. vum 16.11.2009)

100 Joer Fligerei zu Lëtzebuerg - Findel

19:00 - 20:00

Geschichtsarchiv

100 Joer Fligerei zu Lëtzebuerg
Fléien ass ee vun de Mënschen hiren eelsten Dreem.
Och wann d’Fligerei zu Lëtzebuerg eréischt vrun 100 Joer ugefaangen huet, ware virdru well Lëtzebuerger drop aus, d’Welt vun uewen ze kucken. Mongolfièrë fléien 1822 iwwert d’Schueberfouer, a wéi dem Prënz Hari säi Gebuertsdag 1875 gefeiert gëtt, geet e Ballon an d’Luucht.
De Fliger awer daucht hei eréischt 1909 an de Wolleken op. 1937 kënnt e Fluchhafen op Esch, 1939 een op de Findel an d’Luxair gëtt 1948 gegrënnt.
100 Joer Lëtzebuerg in the air, e Geschichtsarchiv vum Roger Seimetz. (Rediff. vum 1.11.2009)

20:00 - 22:00

World

D’Bantou an hir Nokommen. D'Cynthia Hornick stellt verschiddenen Ethnieen aus Süd-Afrika an hir traditionnel Kläng am soziale Kontext vir. Vun de 50er Joren u ginn déi extrem räich vokal Traditioune beliicht. (Rediff.)

22:00 - 22:15

Owes-Panorama

(Reprise)

22:15

Notturno

Mat engem musekalesche Mix duerch d'Summernuecht.