Archiv2013-05-26T06:04:08+01:00text/html2013-05-25T17:00:00+01:00E Gedicht ënnert der Lupp
http://www.100komma7.lu/files/7/4/236331_e-gedicht-ennert-der-lupp.mp3

A senger 3. Serie vu Lyrik-Interpretatiounen ënnersicht de Mars Klein Gedichter mam Sujet Mënsch an Natur.
De Barthold Heinrich Brockes (1680-1747) ass haut esou gutt wéi vergiess. Am 17. Joerhonnert war hien ee vun de produktiivste Poeten. E gëtt mat Recht gesinn als eng Zort Papp vun der däitscher Naturlyrik. Mat grousser Exaktitüde huet hien Déieren, Planzen an d’Ëmwelt studéiert a beschriwwen. E schéint Beispill ass säi Gedicht “Gedanken bei dem Fall der Blätter im Herbst.” (Rediff. vun 09.05)
text/html2013-05-24T17:30:00+01:00Brennnesselen - Satir a Cabaret zu Lëtzebuerg
http://www.100komma7.lu/files/9/11/237092_brennnesselen-satir-a-cabaret-zu-letzebuerg.mp3

Datt de Cabaret op Lëtzebuergesch beim Publikum ukënnt, beweisen déi vill Virstellungen a regionale Kulturhaiser, an de Gemengen an op villen Dierfer iwwer Land. Et ginn och Truppen, déi fest mat hirer Géigend verwuerzelt sinn. De Kabarä Feierstëppler, d‘Equip ronderëm de Regisseur Clod Thommes ass eng Initiativ, déi aus engem Theaterclub vu Wahl erausgewuess ass.
De Kabaret Sténkdéier ass aus der Frëndschaft tëscht den zwee Schreiwer Remy Kraus a Roland Meyer entstanen. 1999 koum den Tom Kraemer derbäi a bis haut spille si zesumme mat aneren exklusiv hir eegen Texter an dat exklusiv zu Miersch, sief et am Keller vum CNL oder am grousse Sall vum Kulturhaus.
Eng Emissioun vum Claude Mangen. (Rediff. vun 09.05)
text/html2013-05-23T17:30:00+01:00Film- a Foto-Archiv
http://www.100komma7.lu/files/7/10/236584_film-a-foto-archiv.mp3
De CNA huet d’Archive vum lëtzebuerger RTL vun 1955 un iwwerholl. Dat geet u mam franséische Journal, da kënnt de lëtzebuerger «Hei Elei Kuck Elei» an duerno dann déi deeglech Emissiounen. Doniewent nach vill aner Sendungen an Evenementer, déi vum CNA opgeschafft an no an no accessibel gemaacht ginn. De Joy Hoffmann an d’Viviane Thill vum CNA ginn en Abléck an dës villsäiteg Dokumentatioun. Eng Emissioun mam Sylvie Flammang. (Rediff. vun 09.05)text/html2013-05-21T17:30:00+01:00Prisma
http://www.100komma7.lu/files/9/7/236542_prisma.mp3

Europa: vun den Perserkricher bis bei de leschte Krich. Europa: Philosophie, Literatur oder Musek a Molerei, gëtt et alles och anerwärts. Blous: eis Mathematik net! Eis Onendlechkeet... Iwwerleeunge vum Paul Kremer. (Rediff. vun 09.05)
text/html2013-05-19T17:00:00+01:00Erlieft a Verzielt
http://www.100komma7.lu/files/10/10/236818_erlieft-a-verzielt.mp3

De René Steichen (1942) huet Droit a politesch Wëssenschafte studéiert. Als Member vun der CSV war hien tëschent 1974 an 1984 Buergermeeschter vun Dikrech. Weider Etappe vu sengem politesche Liewe waren Deputéierten, Staatssekretär fir Landwirtschaft a Wäibau, Minister fir Landwirtschaft/Wäibau a ländlech Entwécklung an delegéierte Minister fir Kultur a Fuerschung. Tëschent 1992-95 war de René Steichen lëtzebuerger Commissaire an der Europäescher Kommissioun, zoustänneg och do fir Landwirtschaft. Duerno gouf hien Direkter, respektiv 1996 President vum Verwaltungsrot bei der Société Européenne des Satellites (SES).
De René Steichen, deen ë.a. nach President vun de "Veiner Schloossfrënn" ass, ass Invité beim Carlo Link. (Rediff. vun 09.30)
text/html2013-05-18T17:00:00+01:00Voix d'Auteurs
http://www.100komma7.lu/files/6/4/236253_voix-d-auteurs.mp3

Après le tourbillon du Salon du livre de Paris, dernier grand de la saison littéraire, et en attendant la rentrée d'automne, l'édition vit à un rythme ralenti. Occasion de faire un peu le point sur des livres qui sont passés un peu inaperçus et aussi de voir ce qui, venu d'ailleurs, a marqué dans le domaine de la traduction. Car, en France aussi, une grande partie de la littérature est étrangère. Voix d'auteurs fait entendre les voix des écrivains. Il y aura cette fois-ci, notamment, celle d'Emilie Frêche évoquant son roman Deux étrangers, paru chez Actes Sud. Une émission de Jean Portante. (Rediff. vun 09.05)
text/html2013-05-17T17:30:00+01:00Kleeder maache Leit
http://www.100komma7.lu/files/0/8/237050_kleeder-maache-leit.mp3

18. Deel: Körpergestaltung
De Mënsch formt säi Kierper net nëmme mat Kleedung, mä och andeems hie versicht, säi Kierper, vun der Haut iwwer d’Hoer bis bei d’Figur, un déi aktuell Schéinheetsidealer unzepassen, sief et duerch Kosmetik oder Kierperfleeg, duerch Ofhuelen, gezielt "Bräunen" oder Ophelle vun der Haut. Souwéi d’Kleeder huet och d’Kierperbild am Laf vun der Geschicht ëmmer nees geännert an informéiert iwwer de Geescht vun der jeeweileger Zäit.
Eng Emissoun vum Angelika Thomé.
(Rediff. vun 09.05)
text/html2013-05-16T17:30:00+01:00Kulturdossier
http://www.100komma7.lu/files/10/1/236796_kulturdossier.mp3

De Countdown leeft, an 2 Deeg ass d’Final vum Eurovision Song Contest 2013 am schwedesche Malmö, e musekalescht Fest, bei deem weltwäit iwwer 100 Millioune Leit derbäi sinn. Mä ass et nach e musekalescht Fest oder steet just d’“Big Show” am Mëttelpunkt.
De Jean Claude Majerus informéiert iwwert d’Entwécklung vum “Eurovision Song Contest”, dem “Grand Prix d’Eurovision de la Chanson”, wéi e fréier geheescht huet.(och den 18.5. an "Zäitzeien" an den 30.5. a "Kulturdossier") (Rediff. vun 09.05)
text/html2013-05-14T17:30:00+01:00Wat fir een Denken denke mer?
http://www.100komma7.lu/files/3/3/236668_wat-fir-een-denken-denke-mer.mp3
Ideologesch Systemer a politesch Regimer

Mir schwätze vun Demokratie, mä handele mer no demokrateschem Muster? Schliisslech war d’DDR och en „demokratesche“ Regime. Sollte mer d’Termina net mol hannerfroen, etymologesch? Demokratie, Totalitarismus, Tyrannei, Republik, Monarchie … a wéi steet et mat „fréieren“ europäeschen Diktaturen? Déi eng si keng méi, anerer sinn um Wee fir der nees ze ginn. Terror oder Aporie – wien huet dat lescht Wuert?

Eng Serie vum Roger Seimetz, 9. Deel. (Rediff. vun 09.05)text/html2013-05-12T17:00:00+01:00Usiichten
http://www.100komma7.lu/files/1/11/236754_usiichten.mp3
De Marcel Proust an d'Philosophen

An " À La Recherche Du Temps Perdu " schreift de Marcel Proust iwwer Léift a Jalousie, Pleséier, Sadismus a Verrot, Loscht an Trauer, Wourecht a Konscht, Zäit, Gediechtnes a Vergaangenheet: alles och eminent philosophesch Themen.

Wéi eng Philosophen hunn de Proust beaflosst? A wéi huet de Proust d'Philosophen inspiréiert? De Sartre huet an him e Snob a Bourgeois gesinn. Den Deleuze huet e mat enger Spann verglach, déi un hirem Netz schafft. De Levinas huet beim Proust seng Kuriositéit fir deen Anere bewonnert. Wéi erwächt de Kierper? Stéisst een op Wourecht nëmmen, wann een an d'Vergaangenheet kuckt a sech erënnert? Schaaft d'Konscht Wourecht?

Eng Sendung vum Claude Schmit, am Gespréich mat der Philosophin Julie-Suzanne Bausch. (Rediff. vun 09.30)text/html2013-05-11T17:00:00+01:00Bicher aus de Joerhonnerten
http://www.100komma7.lu/files/1/4/236292_bicher-aus-de-joerhonnerten.mp3

Cinna (1642) de Corneille
Cinna est une tragédie humaine, celle des amours de Maxime et de Cinna pour Émilie, où s’expriment rivalités, passions et trahisons. Tragédie du pouvoir - celui que détient Auguste, celui que briguent Maxime et Cinna, de la raison d’État et des choix politiques à opérer sous l’empire, elle résonne aujourd’hui de nombreux échos dans notre société qui s’interroge sur les questions fondamentales de l’exercice du pouvoir et de ses limites. Une émission de Franck Colotte.
(Rediff. vun 09.05)
text/html2013-05-09T17:30:00+01:00Toun-Art
http://www.100komma7.lu/files/1/2/236732_toun-art.mp3

Variatioun a Valse. Presentéiert vum Guy Engels. (Rediff. vun 09.05)
text/html2013-05-07T17:30:00+01:00Philosophie, déi grouss Froen
http://www.100komma7.lu/files/5/0/236626_philosophie-dei-grouss-froen.mp3

Kritiken un der Animal Liberation an un der Animal Rights Bewegung
Wéi net anescht z’erwaarden, sinn d’Kritiken un de Positiounen, déi an de leschte Sendunge presentéiert goufen, net ausbliwwen an hunn zum Deel ganz vehement Formen ugeholl. Den Norbert Campagna stellt eng Rei vun dëse Kritike vir: déi, déi sech op philosophesch Prämisse beruffen, déi, déi op déi absurd Konsequenzen vum Unhuele vun Déiererechter opmierksam maachen an déi, déi mat wëssenschaftlechen Donnéeën déi wëssenschaftlech Donnéeë vun hire Géigner widderleeë wëllen.
(Rediff. vun 09.05)
text/html2013-05-05T17:00:00+01:00Geschichtsarchiv
http://www.100komma7.lu/files/3/12/236690_geschichtsarchiv.mp3
De Kierchbierg, Symbol fir Europa

De Kierchbierg – Toponym fir e Stater Quartier, ee spezifeschen, well verflecht mat „komplexen a multidimensionelle“ Symboler: Héichhaus, Eurokratesilo, éiwege Schantgen, de Kueb, Europa aus Stol a Bëtong. Zënter de Fofzeger installéiere sech europäesch Héichfonctionnairen an der Stad, an no an no gëtt de Kierchbierg eng „Europaplaz“ mat de Gebaier „Jean Monet“, „Robert Schuman“ asw. Lëtzebuerg kritt en anert Gesiicht, de Kierchbierg eng nei Bedeitung: Europa-Zenter, mat europäeschen Institutiounen. Eng nei Visitekaart och: renomméiert Architekte baue Banken an Administratiounen, architektonesch Monumenter souwéi der Stad Lëtzebuerg eng international Renommée. – Goung alles ouni Oppositioun? Ouni Kreatiounskris?

En „europäescht“ Geschichtsarchiv vum Roger Seimetz. (Rediff. vun 09.30)text/html2013-05-04T17:00:00+01:00Classiques littéraires français (re)visités
http://www.100komma7.lu/files/0/4/236214_classiques-litteraires-francais-re-visites.mp3

Madame d’Épinay, femme de lettres philosophe
A l’opposé de l’Angleterre, où les hommes se réunissent seuls dans les clubs qui leur sont réservés, et à l’Allemagne, où les érudits à l’image de Kant ne quittent guère leurs bibliothèques, leurs universités et leurs cabinets de travail, la France du XVIIIe siècle connaît un lieu où se rencontrent hommes et femmes de qualité, intellectuels et mondaines, pour discuter et débattre de sujets politiques, philosophiques et artistiques: les salons littéraires. C’est dans ce milieu qu’a vécu Louise d’Epinay (1726-1783). La chronique du professeur Frank Wilhelm la présentera à travers sa vie sociale, analysera ses relations avec les écrivains et penseurs de son temps et évoquera ses pseudo-mémoires parus après sa mort sous le titre de “Contre-confessions”.
(Rediff. vun 09.05)
text/html2013-05-03T17:30:00+01:00Brennnesselen - Satir a Cabaret zu Lëtzebuerg
http://www.100komma7.lu/files/8/2/236134_brennnesselen-satir-a-cabaret-zu-letzebuerg.mp3

Josy Braun, Roland Gelhausen a Jay Schiltz waren d’Auteuren, déi ufanks fir de Cabarenert geschriwwen hunn. En neien Ensembel also, deen ëm d’Joer 2000 aus dem Cabaret “JB mat Äis” entstane war. Kee Splitting, wéi sou dacks an der Geschicht vum lëtzebuerger Cabaret, mä eng frëndlech Zesummenaarbecht. Nieft den Texter huet de Cabarenert sech vun Ufank un duerch déi staark Präsenz vu Spiller wéi ë.a. Monique Melsen a Pascal Granicz ausgezeechent. De Roland Gehlhausen a Jay Schiltz konzentréiere sech elo op hir Solo-Programmer, déi si iwwer Land spille ginn, während de Cabarenert sengem erfollegräiche Konzept trei bleift. Eng Emissioun vum Jean-Claude Majerus. (Rediff. vun 09.05)
text/html2013-05-02T17:30:00+01:00Moving Music
http://www.100komma7.lu/files/10/12/236092_moving-music.mp3

Déi amerikanesch Dänzerin a Choreografin, Isadora Duncan (1877-1927) war eng eng Visionärin, déi all Conventioune vum Ballet gebrach huet. Si gëlt dofir als Pionéierin vum Modern Dance. (Rediff. vun 09.05)
text/html2013-04-30T17:30:00+01:00Politik a Gesellschaft am Buch
http://www.100komma7.lu/files/4/7/235580_politik-a-gesellschaft-am-buch.mp3

“Wann alles schlecht geet, wann d’Angscht méi grouss gëtt, da sinn d’Täsche vun de Sécherheetsverkeefer voll”, seet de Paräiser Professor fir politesch Philosophie Frédéric Gros. A sengem Essay “Le Principe sécurité” ënnerscheet hien tëscht 4 Zorte vu Sécherheet, déi sech am Laf vun der Zäit erausgeschielt hunn. D’Iddi vum Staat als Garant vun der Sécuritéit steet eis am nootsten, mä dat ännert sech grad. Eng Emissioun vum Romain Kohn. (Rediff. vun 09.05)
text/html2013-04-28T17:00:00+01:00Agora
http://www.100komma7.lu/files/9/0/235794_agora.mp3

Fir den internationalen Dag vum Danz, dee muer, 29. Abrëll weltwäit gefeiert gëtt, hat de “Groupe de Travail Danse” vun der Theaterfederatioun d’Presse op eng Rencontre-Débat agelueden. Bei dësem Meeting, den 18.04. an der Banannefabrik gouf iwwer d’Situatioun vum Kënschtler, seng Recherche, iwwer d’Produktioun, d’Gestioun an Diffusioun vum professionellen Danz zu Lëtzebuerg an am Ausland informéiert. De Jean-Claude Majerus proposéiert en Zesummeschnëtt vun deenen interessantesten Aussoen. (Rediff. vun 09.30)
text/html2013-04-27T17:00:00+01:00E Gedicht ënnert der Lupp
http://www.100komma7.lu/files/7/12/235000_e-gedicht-ennert-der-lupp.mp3

Eent vun de schéinste mëttelhéichdäitsche Lidder ass dem Walther von der Vogelweide (1170-1230) säin “Under der linden”. Anescht wéi an de Gedichter vun der deemoleger Haff-Kultur begéine sech hei eng jonk Fra aus dem Vollek an hiren Amant fir e schéine Pleséier an der fräier Natur. D’Léift gëtt zum Natur-Erliefnes. Presentéiert vum Mars Klein. (Rediff. vun 09.05)
text/html2013-04-26T17:30:00+01:00Europäescht Recht
http://www.100komma7.lu/files/6/4/235538_europaescht-recht.mp3

Das Umweltrecht in der Europäischen Union
Der Umweltschutz ist im Laufe der Zeit zu einem wichtigen Politikbereich der Europäischen Union geworden. Johann Schoo gibt einen Überblick über das in der EU geltende Umweltrecht. Dabei werden die Schwierigkeiten der Umsetzung des europäischen Rechts durch die Mitgliedstaaten angesprochen und dargestellt, wie sehr das Umweltrecht in allen Bereichen der Politik und des täglichen Lebens eine Rolle spielt und den Bürger betrifft. (Rediff. vun 09.05)
text/html2013-04-25T17:30:00+01:00Film- a Foto-Archiv
http://www.100komma7.lu/files/9/4/235772_film-a-foto-archiv.mp3

De Jacques Marie Bellwald war e Fotograf, dee sech um Enn vun 19. Joerhonnert zu Iechternach etabléiert hat. Hien ass mat senger Kamera duerch d’Land gereest an huet virun allem Motiver fir Postkaarte fotograféiert. De CNA huet ee Fong mat iwwer 2.000 Negativen an Diaen op Glasplacke vum Bellwald. Dësen Archiv, deen nach net restauréiert gouf, ass eng eemoleg Dokumentatioun vu Lëtzebuerg an der sougenannter Belle Epoque. Eng Emissioun vum Yves Stephany. (Rediff. vun 09.05)
text/html2013-04-21T17:00:00+01:00Erlieft a Verzielt
http://www.100komma7.lu/files/0/1/235730_erlieft-a-verzielt.mp3

D'Jadwiga (Jaga) Antony (1944) ass eng Danz-Pädagogin. Si huet bei hirer Mamm Stenia Zapalowska zu Lëtzebuerg Ballet geléiert a goung dunn op London op d'Royal Academy of Dance. Do huet si bei renomméierten Danz-Léierinne wéi Tamara Karsavina an Irina Baranova déi héchste Prüfunge mat Erfolleg ofgeluecht a gouf als Danz-Pädagogin ausgebilt. 1965 krut si den Advanced 2 an hiren Teaching Diploma als Licentiate of the Royal Academy of Dance. 1978 gouf si Examinatrice fir d'"Grade"-Prüfungen an 1984 fir déi méi professionell "Major Examinations", fir nëmmen dës ze nennen. 1966 hat d'Jaga Antony d'Danzschoul vun hirer Mamm iwwerholl, wou am Ufank d'Ballets- an d'Gesellschaftsdanzcourse parallel gelaf sinn, mat engem Premier Bal am Groussen Theater. Eng ganz Rei vun hire Schüler enseignéieren haut selwer Danzen, zu Lëtzebuerg an am Ausland, oder hunn et als Dänzer an eng Balletskompanie gepackt. D'Jaga Antony, déi nach vill an der Welt ënnerwee ass, fir bei Schoule vun der Royal Academy of Dance Examen ofzehuelen, ass Invitée beim Carlo Link. (Rediff. vun 09.30)
text/html2013-04-20T17:00:00+01:00Voix d'Auteurs
http://www.100komma7.lu/files/8/8/235243_voix-d-auteurs.mp3

L’actualité du livre en France, c’est aussi la poésie. “Voix d’auteurs” lui sera entièrement consacrée. Pour faire le point de la situation. On entendra Lionel Ray, poète chez Gallimard et président de l’Académie Mallarmé. Jean-Pierre Siméon, directeur du Printemps des poètes, fera l’état des lieux, alors que Jacques Darras, poète au long souffle, président du Marché de la poésie et grand traducteur, notamment de Blake, de Shakespeare et Whitman, évoquera la problématique de la traduction. Une émission de Jean Portante.
(Rediff. vun 09.05)
text/html2013-04-19T17:30:00+01:00Kleeder maache Leit
http://www.100komma7.lu/files/10/11/235454_kleeder-maache-leit.mp3

17. Deel: Body Modification
Vum Ötzi iwwer den Tutanchamun bis bei de Beckham an d’Krokodilsmänner aus Papua-Neuginea: zënter Joerdausenden rëschten d’Mënsche sech net nëmme mat enger „zweeter Haut“. Ganz fréi schonn hu si ugefaangen, hir Haut bestänneg ze verännere mat Tattoos, Ziernarben an Dehnungen. Eng Sendung vum Angelika Thomé iwwer déi sozial, kulturell an historesch Bedeitung vu “Body modification”.(Rediff. vun 09.05)
text/html2013-04-18T17:30:00+01:00Kulturdossier
http://www.100komma7.lu/files/2/6/235644_kulturdossier.mp3

Fréier gouf et zu Lëtzebuerg vill Danzorchesteren, déi allméiglech Fester, Duerfbaler, Hochzäiten, Gebuertsdeeg, asw. bespillt hunn. Haut kënnt normalerweis just eng Persoun mat enger Wallis a leet op.
Wéi een d’Leit danzen deet, deemools an haut. D’Cléo Thoma wot sech op d'Danzpist. (Rediff. vun 09.05)
text/html2013-04-16T17:30:00+01:0030 Joer Casino 2000
http://www.100komma7.lu/files/1/8/235412_30-joer-casino-2000.mp3

1980, obwuel schonn etlech Jore virdun ugefrot, huet de lëtzebuerger Staat den Accord ginn, fir zu Munneref e Casino ze bauen. Dräi Joer méi spéit, de 16. Abrëll 1983 ass de Casino 2000 ageweit ginn. Zënter hier gehéiert de Casino 2000, deen am Laf vun de Joren ëmmer nees ausgebaut gouf, zu enger wichteger Touristenattraktiounen am Land. 240 Employéë schaffen hei an deene verschiddenste Beräicher. Scho laang ass et kee renge Spillcasino méi: kulturell a musekalesch Evenementer an eng gehuewe Gastronomie lackele 530.000 Visiteuren am Joer un. D’Angie Maquil kuckt zréck op 30 Joer Casino 2000. (Rediff. vun 09.05)
text/html2013-04-14T17:00:00+01:00Usiichten
http://www.100komma7.lu/files/4/3/235602_usiichten.mp3

Hannah Arendt. Kann een engem Philosoph beim Denken nokucken?
Et gouf versicht, am Film "Hannah Arendt" vun der Margarethe von Trotta. Mat Erfolleg? Kënnt een u philosophescht Denken iwwer Biller a Romaner erun?
An “Eichmann in Jerusalem” schreift d'Hannah Arendt: "Das Beunruhigende an der Person Eichmanns war doch gerade, dass er war wie viele und dass diese vielen weder pervers noch sadistisch, sondern schrecklich und erschreckend normal waren und sind."
De Claude Schmit stellt der Hannah Arendt hir Iddien zur "Banalitéit vum Béise" vir, zu Totalitarismus a Revolutioun an diskutéiert mat der Philosophin Julie-Suzanne Bausch. (Rediff. vun 09.30)
text/html2013-04-13T17:00:00+01:00Bicher aus de Joerhonnerten
http://www.100komma7.lu/files/2/8/235204_bicher-aus-de-joerhonnerten.mp3

Erich Kästner: Fabian. Die Geschichte eines Moralisten
Berlin Ende der 20er Jahre: die Weltwirtschaftskrise, Arbeitslosigkeit, politischer Extremismus und sexuelle Freizügigkeit kennzeichnen das Leben in der Metropole in den letzten Jahren der Weimarer Republik. Mittendrin der Werbetexter Jakob Fabian, er erlebt den „Gang vor die Hunde“ hautnah mit.
„Es gibt kaum ein Buch, das unsere Zeit so einfängt wie dieses“, hieß es 1931 im Berliner Tageblatt über Erich Kästners satirischen Großstadtroman. Zwei Jahre später, am 10. Mai 1933, wird der Roman aufgrund von „Dekadenz und moralischem Verfall“ von den Nationalsozialisten öffentlich verbrannt.
Eine Sendung von Angelika Thomé. (Rediff. vun 09.05)
text/html2013-04-12T17:30:00+01:00Erfindungen, déi d’Welt verännert hunn
http://www.100komma7.lu/files/3/5/235370_erfindungen-dei-d-rsquo-welt-verannert-hunn.mp3

Internet a sozial Netzwierker

Dem Internet kann ee sech haut kaum entzéien. Souguer wie behaapt, keen Internet ze benotzen, mécht dat onbewosst, z.B. wann e mat senger Bankkaart bezilt. D’Méiglechkeete vum Internet gi wäit iwwer dat eraus, wat ee sech virstellt: den Zougang op eng weltwäit vernetzten Datebank vun Informatiounen an e praktescht Kommunikatiounsmëttel, mat deem een iwwert verschidde Plattforme jiddereen um Lafende kann halen.
Eng Emissioun mam Alice Grandgenet. (Rediff. vun 09.05)
text/html2013-04-11T17:30:00+01:00Toun-Art
http://www.100komma7.lu/files/0/5/235708_toun-art.mp3

T wéi Tounart, tonal. Presentéiert vum Guy Engels. (Rediff. vun 09.05)
text/html2013-04-09T17:30:00+01:00Prisma
http://www.100komma7.lu/files/5/2/235328_prisma.mp3

Am 1. Deel (den 22.1.2013: www.100komma7.lu/lu/d-archiven-vum-radio-100,7/archiv/programmesemissionfiche/n_231842/prisma) hat de Jean-Paul Harpes gewisen, wéi sech China ekonomesch a politesch entwéckelt huet an hat dës Entwécklung an de Kader vun der Joerdausend aler Geschicht vu China gesat.
Am 2. Deel gëtt d’Fro opgeworf, wat aus China an den nächste Joerzéngte wäert ginn, a wirtschaftlecher a sozialer Hisiicht. Ouni Prophéit wëllen ze spillen, ginn e puer vun de markantesten Hypothesen iwwer d’Zukunft vu China analyséiert an diskutéiert: déi eng gesi China zu där gréisster Weltmuecht ginn a sech progressiv zu enger Demokratie entwéckelen. Anerer profezeien dem Land fir déi nächst Joren eng Wirtschaftskris an eng éischter chaotesch Entwécklung. Wie soll do Recht kréien? De Jean-Paul Harpes sicht Äntwerten.
(Rediff. vun 09.05)
text/html2013-04-07T17:00:00+01:00Geschichtsarchiv
http://www.100komma7.lu/files/2/2/235666_geschichtsarchiv.mp3

Danzenochs an Dänzche léieren
Zwee Wuert, een Danz an honnerte Geschichtercher, déi all mam Danz ze dinn hunn, mä eis net ëmmer datselwecht danze léieren. Danz an der Fuesent, um Premier Bal, an der Disco, um Duorref a bei Hochzäit oder Fester, et goung ëm Gesellegkeet. D’Geschicht awer léiert och, datt no der Päif gedanzt gëtt, si schwätzt vun Danzschong an Doudendanz, vu Buschtawen, déi danzen, a vum Danzen op der Kopp, si verzielt, wéi am Vollek an um Haff gedanzt gouf an datt een Dänzert seelen dänzereg war, si verréit och, wat et heescht, een „en Dänzchen ze léieren“.
An dësem Geschichtsarchiv „geet den Danz erëm un“ an „e gëtt gekiert“; de Roger Seimetz „mécht eis all den Danz laang a waarm“.
(Rediff. vun 09.30)
text/html2013-04-06T17:00:00+01:00Classiques littéraires français (re)visités
http://www.100komma7.lu/files/7/8/235165_classiques-litteraires-francais-re-visites.mp3

Madame de La Fayette romancière
Le XVIIe siècle n’est pas réputé pour son féminisme, alors qu’il a produit, dans l’aristocratie du moins, quelques dames d’un grand intérêt intellectuel, comme Mme de Sévigné ou sa cousine par alliance, Mme de La Fayette. La chronique du professeur Frank Wilhelm jettera un regard sur la société de cour où évoluait cette auteure discrète, analysera le personnage livresque de la princesse de Clèves et évoquera la fortune de ce roman qu’un président de la République française avait envisagé de bannir des programmes scolaires. (Rediff. vun 09.05)
text/html2013-04-05T17:30:00+01:00Brennnesselen - Satir a Cabaret zu Lëtzebuerg
http://www.100komma7.lu/files/7/12/235286_brennnesselen-satir-a-cabaret-zu-letzebuerg.mp3

Nom Ensembel Bëschzeck ass de Jemp Hoscheit vun 1985 bis 1993 mam Jemp Schuster als „J(h)emp2“ opgetrueden. No längerer Paus schreift hien elo nees fir de Cabarenert. Schustesch Jemp ass dru bliwwen. Zesumme mam Mady Durrer ass hie vun 1988 bis 1999 op Tournée gaange fir sech spéider ënner dem Numm Kabarä op Solo-Programmer ze konzentréieren. De Jemp Schuster schreift och fir aner Ensemblen oder léisst seng satiresch Programmer vun Aneren interpretéieren. Bis haut ass hien e rout Duch fir konservativ Kreeser, ma dat stéiert hien net déi Boun. Eng Cabarets-Kronik iwwer déi zwee J(h)empe mam Claude Mangen. (Rediff. vun 09.05)
text/html2013-04-04T17:30:00+01:00Moving Music
http://www.100komma7.lu/files/6/7/234878_moving-music.mp3

Donald Mc Kayle (1930) ass en afro-amerikaneschen Dänzer a Choreograf, dee berühmt ass fir seng Wierker aus de 50er a 60er Joren an déi Sozialthemen uschwätzen. Hien huet sech virun allem fir d'Liewensbedingunge vun der afro-amerikanescher Communautéit an den USA interesséiert, huet awer och méi allgemeng Theme vun der “Condition Humaine” analyséiert. Eng Emissioun vum Dania Antinori. (Rediff. vun 09.05)
text/html2013-04-02T17:30:00+01:00Philosophie, déi grouss Froen
http://www.100komma7.lu/files/2/0/234962_philosophie-dei-grouss-froen.mp3

Eng politesch Theorie vun den Déiererechter
Fir d’Sue Donaldson an de Will Kymlicka sinn all d’Versich, déi bestinn, fir d’Rechter vun den Déieren ze schützen, näischt ginn, wat sech virun allem doduerch weist, datt mer nach ëmmer all Joer Honnerte vu Milliounen Déieren ouni Grond dout maachen a quälen. Anstatt ze soen, datt de Mënsch et net besser kann, soen déi 2 Auteuren, datt de Problem doranner leit, datt d’Thematik vun den Déiererechter bis ewell nëmmen am Kader vun der Moralphilosophie an net an deem vun der politescher Philosophie behandelt gouf. Den Norbert Campagna stellt d’Grondthese vun hirem Buch “Zoopolis” vir. (Rediff. vun 09.05)
text/html2013-03-31T17:00:00+01:00Schengener Gespréicher
http://www.100komma7.lu/files/6/3/234328_schengener-gespreicher.mp3

Zënter 2 Méint huet d’Rheinland-Pfalz fir zwee Joer d’Présidence vum Sommet vun der Groussregioun. D’Défise si grouss: déi demographesch Entwécklung, déi en dramateschen Aarbechtskraaftmangel bis 2030 prognostizéiert, soll analyséiert ginn a kuerzfristeg soll de Chômage bekämpft ginn. Virun allem awer solle konkret Resultater an alle Beräicher um Enn vun der Présidence presentéiert ginn.
Kann de Sommet vun der Groussregioun dat erreechen, oder bleift en e «Poterklibbchen»? Doriwwer diskutéieren d’Sabine Ertz vum SR2 Kulturradio an den André Duebbers vum radio 100,7 mat hire Gäscht: dem Inneminister a Minister fir d’Groussregioun Jean-Marie Halsdorf, dem Ministerpresident vun der däitschsproocheger Gemeinschaft vun der Belsch, Karl-Heinz Lambertz, dem Député-Maire vu Schëffleng a President vum Territorialverband Lëtzebuerg/Lorraine, Roland Schreiner an dem saarlänneschen Europaminister Stephan Toscani. (Rediff. vun 09.30)
text/html2013-03-30T18:00:00+01:00E Gedicht ënnert der Lupp
http://www.100komma7.lu/files/2/6/234071_e-gedicht-ennert-der-lupp.mp3

A senger 3. Serie vu Lyrik-Interpretatiounen ënnersicht de Mars Klein Gedichter mam Sujet Mënsch an Natur.
1940/41 war de Bertolt Brecht op senger Flucht virun den Nazien a Finnland. De Summer iwwer war hie Gaascht bei der finnescher Autorin Hella Wuolijoki um Land. Hei huet hien, deen en iwwerzeegte Groussstad-Mënsch war, d’Schéinheet vun der Natur entdeckt. D’Gedicht “Finnische Landschaft” ass dofir e gutt Beispill.
(Rediff. vun 09.05)
text/html2013-03-29T18:30:00+01:00Recht zu Lëtzebuerg
http://www.100komma7.lu/files/1/1/234664_recht-zu-letzebuerg.mp3

Kanner, de Code civil an d’Realitéit
Kanner deenen hir Elteren net bestuet sinn, goufe fréier offiziell als «illégitime» vernannt. Hautdesdaags heesche si «Enfants naturels» a si sollen déi selwecht Rechter hu wéi déi aner. Dat selwecht gëlt fir hir Elteren, déi gläichberechtegt solle sinn an Erzéiung an Ënnerhalt. Am Gesetz a virun allem am Code civil ass dat awer nach ëmmer net iwwerall de Fall. Et bestinn nach weiderhin Texter, déi de Gläichheetsprinzip net respektéieren an dofir am Prinzip och net méi applizéiert dierfte ginn. Geriichter erklären Deeler vum Code civil contraire zur Verfassung an alles waart drop, datt de Législateur endlech d’Texter upasst. Eng Serie vum Frank Wies. (Rediff. vun 09.05)
text/html2013-03-28T18:30:00+01:00Film- a Foto-Archiv
http://www.100komma7.lu/files/6/7/234306_film-a-foto-archiv.mp3

Amateurfilmer
Eng 10.000 Amateurfilmer vu Privatleit, Veräiner oder Gemenge ginn vum CNA konservéiert. Nieft historeschen Evenementer, gi si en eenzegaartegt Bild of iwwert d’alldeeglecht Liewen zu Lëtzebuerg am 20. Joerhonnert. D’Viviane Thill vum CNA erkläert am Gespréich mam Sylvie Flammang, wat een alles an dëse Filmer entdecken a verstoe kann. (Rediff. vun 09.05)
text/html2013-03-26T18:30:00+01:00Politik a Gesellschaft am Buch
http://www.100komma7.lu/files/3/11/234622_politik-a-gesellschaft-am-buch.mp3

2012 huet de Wolfgang Streeck d’Adorno-Virliesunge gehalen, déi hien elo ënnert dem Titel “Gekaufte Zeit” publizéiert. An den Ae vum Kölner Soziolog huet déi aktuell Finanzkris hiren Ufank schonn an den 1970er Joren, wéi déi neoliberal Transformatioun vum Nokrichskapitalismus ugefaangen huet. An der Tëschenzäit schléit dës Kris duerch op d’Verhältnes vun Demokratie a Kapitalismus – eng Perspektiv, déi eis muss beonrouegen, mengt de Romain Kohn.
(Rediff. vun 09.05)
text/html2013-03-24T18:00:00+01:00Kaarten op den Dësch
http://www.100komma7.lu/files/8/4/234264_kaarten-op-den-desch.mp3

Wéi eng Roll huet de lëtzebuerger Geheimdéngscht am Beräich vun der Economie ze spillen? An der SREL-Affaire ass d’Fro opgeworf ginn, ob de Service de Renseignement (SREL) beim Schutz vun de lëtzebuerger Betriber iwwert seng Kompetenzen erausgaangen ass; d’Geheimdéngschtgesetz vun 2004 soll dofir iwwerschafft ginn. Mä wéi eng Kompetenze soll de SREL an deem Beräich kréien a wéi ka kontrolléiert ginn, ob e sech dorunner hält?

Äntwerten op déi Froe gëtt d’Emissioun „Kaarten op den Dësch“. Invitéë beim Jean-Claude Franck a Gil Goebbels sinn de Patrick Heck, Direkter vum Service de Renseignement an de liberalen Europadeputéierte Charles Goerens a senger Funktioun als fréiere President vun der parlamentarescher Geheimdéngscht-Kontrollkommissioun. (Rediff. vun 09.30)
text/html2013-03-23T18:00:00+01:00Bicher aus de Joerhonnerten
http://www.100komma7.lu/files/7/6/234032_bicher-aus-de-joerhonnerten.mp3

Karl Marx, Das Kapital
Ausser der Bibel, esou gëtt gesot, wär kee Buch méi dacks verkaaft ginn, wéi dem Marx säi „Kapital“. A fir munchereen ass et och zu enger Zort Bibel ginn. Dat ass et awer ganz a guer net a soll et och net ginn. Wéi de Marx gesinn huet a wéi e Misär de Kapitalismus am 19. Joerhonnert d’Aarbechter gestierzt huet, wollt hie méi genee wëssen, wéi dee System funktionéiert. Jorelaang huet en un deem Wierk geschafft, vun deem schliisslech zu senge Liefzäiten nëmmen deen éischte Band erauskoum, duerno nach dräi anerer. Do analyséiert hien den Ausbeutungsmechanismus vum Kapital, e kritiséiert d’Versich, en ze rechtfertegen a wëllt weisen, wéi en ze iwwerwanne wär. Et kënnt ee mengen, haut, mat der Kris, hätten dem Marx seng Analysen erëm eng gewëssen Aktualitéit kritt. Eng Analys vum André Hoffmann. (Rediff. vun 09.05)

(och de 25.3. an "Ee Mount, een Thema)
text/html2013-03-22T18:30:00+01:00Brennnesselen - Satir a Cabaret zu Lëtzebuerg
http://www.100komma7.lu/files/5/8/234580_brennnesselen-satir-a-cabaret-zu-letzebuerg.mp3

Cabaret Scène Libre – Makadammen
Genee wéi d’Peffermill(ch)en huet och d’Scène Libre ufanks nëmmen Theaterstécker gespillt, an ass duerno genee esou séier zu däitsche Kabarettstexter iwwergaangen. Vun 1979 u koumen eegen Texter derbäi, déi ë.a. vu Lucien Czgua, Roland Frisch a J-Pol Roden geschriwwe goufen. Ufanks den 80er huet och de Jemp Schuster fir d’Scène Libre geschriwwen, ier hie säin eegene Wee fonnt huet. Mat der Scène Libre gouf Café-Théâtre zu Lëtzebuerg populär.
D’Makadammen komme vun der Lëtzebuerger Revue a bestinn exklusiv, wéi hiren Numm et verréit, aus Dammen. Och inhaltlech si Fraenthemen d‘Spezifizitéit vum Programm, mat deem se iwwer Land zéien.
Eng Emissioun vum Jean-Claude Majerus. (Rediff. vun 09.05)
text/html2013-03-21T18:30:00+01:00Kulturdossier
http://www.100komma7.lu/files/8/8/234242_kulturdossier.mp3

Wéivill ass e Kënschtler wäert?
Den Export vu Konscht, a Musek am Speziellen, ass a leschter Zäit zu Lëtzebuerg e grousst Thema. Ëmmer méi Artiste probéieren, fir sech an d’Ausland ze verkafen. Mä zu wéi engem Präis? Den Yves Stephany schwätzt mat Leit, déi an Däitschland mat Museker aus dem Grand Duché schaffen an erkläert, wéi de Concerts-Marché funktionéiert. (Rediff. vun 09.05)
text/html2013-03-19T18:30:00+01:00Prisma
http://www.100komma7.lu/files/7/5/234538_prisma.mp3

Zënter der Zäit virum Platon huet d’Economie bewisenermoossen d'Politik geleet. Mëttelalterlech Banken hunn d'Wiel vu Keeser bestëmmt. Haut diktéiere Geldhaiser weider, wat an der Welt geschitt. Iwwerleeunge vum Paul Kremer. (Rediff. vun 09.05)
text/html2013-03-17T18:00:00+01:00Erlieft a Verzielt
http://www.100komma7.lu/files/10/5/234200_erlieft-a-verzielt.mp3

De Paul Meyers (1937) huet seng Studien am Droit a Sciences-Politiques a Financières zu Nanzeg a Paräis gemaacht. Vun 1962-66 war hien um Barreau vu Lëtzebuerg, wou hie säin Avoué gemaacht a seng Kandidatur fir Notaire gestallt huet. 1966 ass hien an d’"Banque Générale du Luxembourg" agetrueden, wou hie fir de Beräich vun den Entreprisen an der Agence-Clientèle zoustänneg war. Spéider gouf de Paul Meyers Direkter an Administrateur-Délégué. Vun 1995-2000 war hie President vun der "Association des Banques et Banquiers, Luxembourg" (ABBL). Enn 2000 huet hie sech aus de Finanzaffairen zréckgezu fir d'Presidence vun der "Administration des Biens du Grand-Duc" z’iwwerhuelen, an dat bis 2008. De Paul Meyers, deen nach Administrateur a verschiddene groussen Entreprisë war (SES, Luxempart, Paul Wurth), ass Invité beim Carlo Link.
(Rediff. vun 09.30)
text/html2013-03-16T18:00:00+01:00Voix d'Auteurs
http://www.100komma7.lu/files/1/6/233993_voix-d-auteurs.mp3

L’actualité du livre en France
Voix d’auteurs est une émission qui donne la parole aux écrivains. Ceux qui marquent la scène littéraire française. Les auditeurs de la radio 100.7 pourront ainsi entendre de la bouche même des auteurs comment ils conçoivent leurs livres. Linda Lê, Jérôme Ferrari, Patrick Deville et Marie Nimier se sont déjà pliés à l’exercice. Qui sera la cinquième voix pour cette cinquième émission? Réponse au plus tard dans l’émission de Jean Portante. (Rediff. vun 09.05)
text/html2013-03-15T18:30:00+01:00Kleeder maache Leit
http://www.100komma7.lu/files/9/2/234496_kleeder-maache-leit.mp3

Iwwer déi komplex Relatioun vum Mënsch zu senger „zweeter Haut“
16. Deel: Diamonds Are Forever
“Diamante si fir éiweg”, huet d’Shirley Bassey fonnt, an d’Marylin Monroe huet gesongen: „net Strass“ mä „Diamonds are a girl’s best friend“. Awer wie ka sech schonn Diamante leeschten? Bijouen aus Gold an Edelsteng goufen ëmmer nëmme vun de “bessere Leit” gedroen, haaptsächlich vu Fraen. Mä sech schéi maachen, dat wollten och anerer. Männer zum Beispiel a Frae mat manner Suen. Wéi d’Bijouen ënnert d’Vollek koumen, dat verzielt d’Angelika Thomé.

(Rediff. vun 09.05)