Archiv2013-05-24T21:57:43+01:00text/html2013-05-24T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/5/7/237088_kulturnoriichten.mp3

An de Kulturnoriichten mécht d'Cléo Thoma ënner anerem e klengen Ofstiecher op Cannes, geet op déi prekär Situatioun vun den däitschen Theateren an, an erënnert un de russesche Cineast Piotr Todorovski.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-05-23T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/3/6/236580_kulturnoriichten.mp3

An de Kulturnoriichten erënnere mer un de Georges Moustaki, un den Henri Dutilleux an un de Rainer Böhm. Weider Theme sinn den International Man Booker Prize fir Lydia Davis, an den nigerianesche Schrëftsteller Chinua Achebe.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-05-22T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/7/0/236496_kulturnoriichten.mp3

D’Kulturnoriichte fänken haut u mat enger Pensée fir déi däitsch Lyrikerin Sarah Kirsch. Weider Theme sinn e Museksvideo vum chinesesche Kënschtler Ai Wei Wei, de Projet fir de Moskauer Musée fir westlech Konscht virtuell nees opzemaachen, an eng ëmstridden Helikopter-Landeplaz fir de Putin am Kreml. Cléo Thoma

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-05-21T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/5/3/236538_kulturnoriichten.mp3

An de Kulturnoriichten haut eng Pensée fir den “The Doors”-Grënnungsmember Ray Manzarek. Den James Levine, een neit Concertsgebai zu Moskau, der Cecilia Bartoli hir Erfolleger als Direktesch vun de Salzburger Pfingsfestspiele an déi nächst Oscar-Zeremonie si weider Sujeten an de Kulturnoriichten, mam Cléo Thoma.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-05-20T16:20:00+01:00Kulturbäitrag
http://www.100komma7.lu/files/3/10/237130_kulturbaitrag.mp3

Gëschter, op Péngschtsonndeg, hunn d’Feierlechkeeten ëm d’Willibrorduswallfahrt an der Basilika zu Iechternach ugefaangen. Muer ass den Ofschloss mat der Sprangprëssessioun. Am fréie Muerge kommen déi jonk Pilger vum Stäremarche an der Abteistad un, duerno ginn d’Pilger vu Großprüm a Waxweiler an der Basilika erwaart. Lues a lues wäert sech den Haff vum Iechternacher Kolléisch mat Pilger a Musikante fëllen, an um 9.30 Auer maache sech déi sëlleche Gruppen dann op de Wee vun der Sprangprëssessioun. De Guy Engels kuckt kuerz an d’Geschicht vun dëser iwwer dausendjäreger Traditioun.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-05-17T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/7/4/237046_kulturnoriichten.mp3

Wéinst deem ville Reen déi lescht Deeg ginn et Problemer mam Parking beim Food For Your Senses Festival, deen dëse Weekend zu Biissen iwwer d’Bühn geet. D’Organisateuren hunn awer lo eng Léisung fonnt, fir datt jidderee kann op d’Concerte kommen. An de Kulturnoriichte ginn et Detailer.
Aner Sujete sinn d’Ausstellung “Altars of Madness” am Casino an den neie Chefdirigent vum Boston Symphony Orchestra.
(Rediff. um 22.20)
text/html2013-05-16T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/6/10/236792_kulturnoriichten.mp3

D’Ausstellung “Shop Shop Shop”, déi haut am Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg hir Dieren opmécht, proposéiert eng Zäitrees an d’lëtzebuerger Geschäftswelt. An de Kulturnoriichte gëtt an d’Expo geluusst.
Aner Sujete sinn eng absolut Rekord-Zomm, déi gëschter bei enger Konschtstee zu New-York iwwer den Dësch gaangen ass, an en alarméierenden Appell vum Theater zu Tréier.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-05-15T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/0/7/236412_kulturnoriichten.mp3

Den internationale Filmfestival zu Cannes, d’”Invitation aux Musées” dëse Weekend hei zu Lëtzebuerg, ee Monument fir de Richard Wagner, dem Lenin säi Mausoleum, an d’Identifikatioun vun 3 Wierker als Nazi-Raubkonscht: dat sinn d’Themen an de Kulturnoriichten, mam Jean-Claude Majerus.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-05-14T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/10/12/236664_kulturnoriichten.mp3

Ee Programm, deen den Alter an d’Geschlecht vun Tiwtter-Usere ka bestëmmen, eng Konscht-Stee, déi de Leonardo DiCaprio organiséiert hat, den Echo Jazz fir de Jean-Baptiste “Toots” Thielemans an eng nei Plaz fir den Domkapellmeister vun Tréier sinn haut Sujeten an de Kulturnoriichten.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-05-13T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/9/1/237004_kulturnoriichten.mp3

Haut de Moien hunn déi Stater Theateren de Programm fir déi nei Saison virgestallt. An de Kulturnoriichte ginn et Detailer. Aner Sujete si 60 geklaute Karl Marx-Statuen zu Tréier, de Young Conductors Award zu Salzburg an déi nei Uerdnung an der Tate Britain zu London.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-05-10T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/1/0/237172_kulturnoriichten.mp3

D’Sujeten sinn:
- D’Filmschau Grossregion 2013 zu Saarbrécken
- den Doud vum spueneschen Acteur Alfredo Landa

- den Erich-Kästner-Präis fir den Dieter Hildebrandt
- Karl Marx-Figuren zu Tréier goufe geklaut
- de Bernardo Bertolucci ass Jury-President vum Filmfestival Venedeg
- de Prënz vun Asturie-Präis fir de Michael Haneke

Presentatioun: Jean Claude Majerus
(Rediff. um 22.20)
text/html2013-05-09T16:20:00+01:00Kulturbäitrag
http://www.100komma7.lu/files/8/11/236728_kulturbaitrag.mp3

Am Utopia leeft déi nei Comédie "La cage dorée" vum Ruben Alves. Zënter 30 Joer lieft eng sympatesch portugisesch Koppel zu Paräis, mat hiren 2 grousse Kanner. D’Maria, alias Rita Blanco, ass Concierge an de José, gespillt vum Joaquim de Almeida, schafft am Bau. Béid si flichtbewosst, éierlech an hëllefsbereet. Mä elo sollen se zréck a Portugal, well se geierft hunn a räich gi kënnen. Eenzeg Bedingung: si mussen do wunnen. En Dilemna. Dir héiert dem Maggie Steffen säi Kommentar zu dëser agreabler Comédie fir grouss a kleng. (Rediff. um 22.20)
text/html2013-05-08T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/2/4/236370_kulturnoriichten.mp3

D'Fotosausstellung iwwert de spuenesche Biergerkrich zu Paräis; de Pionéier vum Filmtrucage Ray Harryhausen; Doud vum éisterräicheschen DJ a Museker Peter Rauhofer; de Gilles Jacob hält 2015 zu Cannes op an Äppel fir 32 Milliounen Euro zu New York versteet, dat sinn Thema vun de Kulturnoriichte presentéiert vum Jean Claude Majerus. (Rediff. um 22.20)
text/html2013-05-07T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/1/9/236622_kulturnoriichten.mp3

D’Sujeten an de Kulturnoriichten sinn ë.a.:

- de Servais-Präis 2013 fir de Pol Greisch

- de PEM-Präis un de Philip Roth
- de POLAR-Präis un de Youssou N’Dour an d'Kaijka Saariaho.

D’Kulturaktualitéit presentéiert vum Jean Claude Majerus.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-05-06T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/10/3/237214_kulturnoriichten.mp3

D'Reouverture vum Lenbachhaus zu München an d'Ouverture vum ABBA-Musée zu Stockholm; den däitsche Krimi DERRICK gëtt och a Frankräich aus dem Programm geholl an de Karl Marx ass a Form vun 500 Figuren zënter gëschter zu Tréier ze gesinn. D’Kulturnoriichte ginn vum Jean Claude Majerus presentéiert. (Rediff. um 22.20)
text/html2013-05-03T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/4/11/236130_kulturnoriichten.mp3

Den Doud vun The China-Syndrom-Dréibuchauteur Mike Gray - dat renovéiert Lenbachhaus zu München – d’Doudesursaach ass no der Exhuméierung vum Pablo Neruda nach net geklärt - de wichtegste belsche BD Präis geet un den Schwéizer Cosey, an et goufen al Grafiken zum "Ring des Nibelungen" entdeckt : dat sinn d’Themen haut an de Kulturnoriichte mam Sylvie Flammang.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-05-02T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/6/8/236088_kulturnoriichten.mp3

Den Autokino um Iechternacher Séi op riesegem Ecran ass och dëst Joër - de PEN-Präis geet un den amerikanesche Schrëftsteller Philip Roth - Meissener Déierefiguren goufen zu London fir Millioune versteet – Nanzeg feiert seng Renaissance – Ierfschaft, an «Die nackte Wahrheit und anderes» ass déi nei Ausstellung am Berliner Museum für Fotografie: dat sinn d’Themen haut an de Kulturnoriichte mam Sylvie Flammang.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-05-01T16:20:00+01:00Kulturbäitrag
http://www.100komma7.lu/files/8/5/236046_kulturbaitrag.mp3

De franséische Cineast Michel Gondry huet mat L’écume des jours dem Boris Vian säin ergräifende Liebesroman aus dem Joer 1946 fir de groussen Ecran adaptéiert.
Gespaant war ee schonn ze gesinn, wat de Realisateur vu Sunshine of the Spotless Mind a ville Clippe vum Björk aus dësem Wierk, dat dacks als onméiglech z’adaptéieren ugesi gouf, gemaach huet.
D’Sylvie Flammang war d’Adaptatioun mam Audrey Tautou a Romain Duris an den Utopolis kucken.
(Rediff. um 22.20)
text/html2013-04-30T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/0/3/235576_kulturnoriichten.mp3

D’médaille d’or du mérite francophone fir d’Anise Koltz – dem Karl Marx säin 195. Gebuertstag zu Tréier - déi éischt Editioun vu Paris Photo Los Angeles- eng Stee vu Kleeder am Hôtel Drouot zu Paräis - eng Ausstellung iwwert de Bernd Eichinger am Berliner Museum für Film und Fernsehen a Cannes Classics 2013 : dat sinn d’Themen haut an de Kulturnoriichte mam Sylvie Flammang

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-04-29T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/3/12/235832_kulturnoriichten.mp3

Déi nei Publikatioun “Schriftstellerinnen entdecken” aus dem CID-femmes - nei Strategie fir eng besser Positionéierung vum Lëtzebuerger Buch am In- an Ausland – den Doud vum Weltklass-Cellist János Starker – d’Gewënner vum Tribeca-Filmfestival zu New York, an d’Ruhrfestspiele Recklinghausen 2013 : dat sinn d’Themen haut an de Kulturnoriichte mam Sylvie Flammang.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-04-26T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/2/0/235534_kulturnoriichten.mp3

E Präis fir d’Laura Graser an d’Equipe vum Traffo aus dem CarréRotondes, den Däitsche Filmpräis, dem Cineast Werner Herzog seng Meenung iwwert d’Qualitéiten déi ee Realisateur muss hunn, een neie Roman vum Mario Vargas Llosa, den Afloss vu Facebook op Bestiednesser am Iran, an eng Krausel vum Keeser Franz Joseph: dat sinn d’Sujeten an de Kulturnoriichten, mam Cléo Thoma.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-04-25T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/5/0/235768_kulturnoriichten.mp3

De Projet vun engem Kinokomplex fir Dikkrech, d’Virstellung vun der Publikatioun “Traces” an en Ausbléck op déi nächst Expoen am Casino-Forum d’art contemporain; de Schued, dee Casting-Showen bei denen déi matmaachen, kënne verursaachen, an ee YouTube-Video, duerch deen indonesesch Schülerinne méiglecherweis wéinst Blasphemie veruerteelt ginn: dat sinn d’Sujeten an de Kulturnoriichte mam Cléo Thoma.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-04-24T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/9/5/235123_kulturnoriichten.mp3

De Jury beim Internationale Filmfestival zu Cannes, eng nei Kategorie fir den Europäesche Filmpräis, den Acteur Allen Arbus, eng nei interaktiv Plattform vun Arte, an d’Nofolgerin vun der Vuvuzela: dat sinn d’Sujeten an de Kulturnoriichten, mam Cléo Thoma.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-04-23T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/4/10/235492_kulturnoriichten.mp3

De Flamenco-Festival zu Esch, de Weltdag vum Buch, zefridde Gesiichter no der Art Cologne, déi 52st Semaine de la Critique um Internationale Filmfestival zu Cannes an d’Vivi Bach: dat sinn d’Themen an de Kulturnoriichten, mam Cléo Thoma:

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-04-22T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/1/2/235874_kulturnoriichten.mp3

D’Virstellung vun där neier Saison vun de Solistes Européens, d’Sich no engem Nofolger fir de Sir Simon Rattle un der Spëtzt vun de Berliner Philharmoniker, an eng Ëmfro am däitschsproochege Raum, no där jidfer drëtten Auteur net zefridde wär mat sengem Verlag: dat sinn d’Sujeten an de Kulturnoriichten, mam Cléo Thoma.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-04-19T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/6/7/235450_kulturnoriichten.mp3

De 5. Juli mécht d’Fotosausstellung The Family Of Man zu Klierf am Schlass hir Dieren nees op. An de Kulturnoriichten ginn et Detailer. Aner Sujete sinn de Präis fir déi beschte Solo Show op der Art Brussels fir de lëtzebuerger Kënschtler-Duo David Brognon & Stéphanie Rollin, eng Ausstellung vu faarwegen Elefanten am ëffentleche Raum, an eng Invitatioun fir de Chef vu plurio.net bei den däitsche Bundespresident Joachim Gauck.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-04-18T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/9/2/235640_kulturnoriichten.mp3

Zu Cannes goufen haut d'Nimm vun de Realisateure bekannt, déi dëst Joer an der Competitioun ëm d'Palme d'or sinn. Detailer ginn an de Kulturnoriichten. Aner Sujete sinn de Screaming Fields Festival an der Rockhal, eng nei Ausstellung am Centre Pompidou an déi nächst Star-Wars Filmer, déi Disney annoncéiert huet.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-04-17T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/2/12/235039_kulturnoriichten.mp3

D’Selectioun vun de Kuerzfilmer, déi beim Festival zu Cannes an der Competitioun ëm d’gëlle Palm sinn, gouf haut bekannt. Méi dozou an de Kulturnoriichten. Aner Sujete sinn de Chantier vum Kölner Stadtarchiv, an eng Operen-Inszenéierung vum Oscar-Laureat Christoph Waltz.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-04-16T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/8/4/235408_kulturnoriichten.mp3

Vum 24. bis de 26. Abrëll ass d’Ouverture vun där 4. Editioun vum Mois Européen de la Photographie zu Lëtzebuerg. An de Kulturnoriichte ginn et Detailer dozou. De Moie gouf awer och déi 2. Editioun vum Festival “Like A Jazz Machine” virgestallt, deen zu Diddeleng am Centre Culturel opderschmelz organiséiert gëtt. Donieft geet et ëm d’Filmschau Großregion.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-04-15T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/8/8/235958_kulturnoriichten.mp3

D’Philharmonie an den OPL hunn de Mëtteg den neie Programm virgestallt. An de Kulturnoriichte ginn et Detailer. Aner Sujete sinn déi nei, grouss ëffentlech digital Bibliothéik an den USA, an d’Opkomme vun E-Books am Kannerzëmmer.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-04-12T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/10/1/235366_kulturnoriichten.mp3

D’Semaine du Cinéma Italien am CinéBelval, d’Réouverture vum Amsterdamer Rijksmuseum, Streidereien ëm eng Stee mat Hopi-Masken zu Paräis, an d’Zensur vum Tarantino sengem Film “Django Unchained” a China: dat sinn d’Sujeten an de Kulturnoriichten, mam Cléo Thoma

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-04-11T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/7/1/235704_kulturnoriichten.mp3

Den neien, net onëmstriddenen, Musiktheater Linz; eng grouss Ausstellung vum Mircea Cantor an engem Deel vum Palais vum fréiere rumäneschen Diktator Nicolae Ceaucescu; an dem Literaturnobelpräislaureat Mo Yan seng Schwieregkeete mat der eegener Célébritéit: Dat sinn d’Sujeten an de Kulturnoriichten, mam Cléo Thoma.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-04-10T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/0/2/235081_kulturnoriichten.mp3

E Wiessel un der Spëtzt vun der Escher Stadmusek, de Programm vun den nächste Méint am regionale Kulturzenter zu Mamer, e Präis fir de lëtzebuerger Kuerzfilm “L’Orchidée”, an den Doud vum chinesesch-franséische Moler Zao Wou-Ki: dat sinn d’Sujeten an de Kulturnoriichten, mam Cléo Thoma.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-04-09T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/1/11/235324_kulturnoriichten.mp3

D’Margaret Thatcher als onfräiwëlleg Kultur-Muse, eng digital restauréiert Versioun vun “Das Cabinett des Dr. Caligari” op der nächster Berlinale, an den Hënner vun enger Saddam Hussein-Skulptur: dat sinn d’Themen an de Kulturnoriichte mam Cléo Thoma.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-04-08T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/6/11/236000_kulturnoriichten.mp3

D’Liesung mat der japanescher Schrëftstellerin Yoko Tawada, an eng Rei Verstuerwener: d’Sara Montiel, de Bigas Luna, de Les Blank, d’Lilly Pulitzer, an den Tamas Kiraly: dat sinn d’Themen an de Kulturnoriichte mam Cléo Thoma.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-04-05T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/3/8/235282_kulturnoriichten.mp3

Eng Protest-Aktioun vum britesche Rockmuseker Mark Knopfler, eng ganz besonnesch Ausstellung an der neier Konschthal vun der Deutschen Bank zu Berlin an den éischte Musical vun der 80’s Pop-Diva Cyndi Lauper sinn haut Sujeten an de Kulturnoriichten.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-04-04T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/2/3/234874_kulturnoriichten.mp3

D’Spectateurs- a Visiteurs-Zuelen am CarréRotondes ginn an d’Luucht. De Kulturzenter zu Hollerech hat de Moien op eng Pressekonferenz invitéiert fir e Bilan ze zéien an d’Programmatioun vun deenen nächste Méint ze presentéieren. De Museks- a Konscht-Festival “Food For Your Senses”, dee vum 17. bis den 19. Mee iwwer d’Bühn geet, hat bis elo kee Site fir d’Editioun 2013. Gëschter Owend koum d’Nouvelle, dass zu Bissen en Terrain fonnt gi wär. Méi dozou an de Kulturnoriichten. E weidere Sujet ass de Krimifestival “Tatort Eifel”, bei deem haut den Delai fir d’Aschreiwungen eriwwer gaangen ass.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-04-03T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/0/6/234916_kulturnoriichten.mp3

Jean-Luc Martinez ass den Numm vum neien Direkter vum Louvre. Méi dozou an de Kulturnoriichte presentéiert vum Yves Stephany. En anere Sujet ass e brisant Thema, iwwer dat DreamWorks wäert e Film dréinen: d’Mëssbrauchs-Skandaler vun der kathoulescher Kierch zu Boston. (Rediff. um 22.20)
text/html2013-04-02T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/9/9/234958_kulturnoriichten.mp3

An Australie soll e Remake vu “Vingt milles lieues sous les mers” vum Jules Verne gedréint ginn. D’Regierung schwätzt vun där gréisster Filmproduktioun, déi je am Land realiséiert gouf. Detailer ginn et an de Kulturnoriichten.
Aner Sujete sinn eng nei digital Bibliothéik a Frankräich mat Handschrëften aus dem Mëttelalter an den Doud vum spuenesche Kult-Cineast Jess Franco.
(Rediff. um 22.20)
text/html2013-04-01T16:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/10/5/235916_kulturnoriichten.mp3

Den éisterräicheschen Dirigent Franz Welser-Möst ass gëschter an der Staatsoper zu Berlin zesummegaangen. Detailer ginn et an de Kulturnoriichten.
En anere Sujet ass der Angelina Jolie hiren éischte Film als Regisseurin. Dee soll, engem amerikanesche Geriicht no, kee Plagiat sinn. Presentéiert vum Yves Stephany. (Rediff. um 22.20)
text/html2013-03-29T17:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/8/10/234660_kulturnoriichten.mp3

Den 53. Jazz à Juan - den Doud vum Harry-Potter Schauspiller Richard Griffiths - d’New Yorker Met feiert d’Wagner-Joer mat dräi Ring-Opféierungen an dem Martin Scorsese säi "Gangs of New York" als Telésserie : dat sinn d’Themen an de Kulturnoriichten haut mam Sylvie Flammang.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-03-28T17:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/2/3/234302_kulturnoriichten.mp3

Eng nei ernannten étoile um Ballet de l'Opéra de Paris - E geklaute Stradivarius an d’Sich derno - d’Faszinatioun vun der Hamburger Kënschtlerin Tina Oelker fir Huesen - d’Paräiser Foire fir zäitgenëssesch a modern Konscht Art Paris Art Fair, an eng Retrospectiv iwwert dem flämesch-belsche Moler Henry Van de Velde säi Wierk zu Weimar a Bréissel : dat sinn d’Themen haut an de Kulturnoriichte mam Sylvie Flammang.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-03-27T17:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/2/3/233873_kulturnoriichten.mp3

Den Doud vum Skulpteur Philippe Hiquily - d’"Moore Rodin" Ausstellung bei London – de George Tabori-Preis fir e Leipziger Figurentheater - eng grouss Ausstellung mat Meeschterwierker vum Muranoglas zu Paräis, an eng nei Editioun vum Federico García Lorca sengem Gedichtband Poeta en Nueva York.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-03-26T17:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/10/7/234618_kulturnoriichten.mp3

Den 3. Salon du livre vu Paräis - d’Gewënnerin vum Astrid-Lindgren-Preis 2013 - di nächst Academy Awards Show – d’Aktioun "Der letzte Satz", an d’Stee vun der Gina Lollobrigida hire Bijouen : dat sinn d’Themen haut an de Kulturnoriichte mam Sylvie Flammang,

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-03-22T17:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/1/4/234576_kulturnoriichten.mp3

D’Fréijoerssaison am MUDAM um Kierchbierg, den Doud vum nigerianeschen Auteur Chinua Achebe, de Salon du Livre zu Paräis, d’Nominatioune fir den däitsche Filmpräis, d’Echoen 2013 an déi 1. Graffiti-Biennale zu Völklingen sinn haut Themen an de Kulturnoriichten.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-03-21T17:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/4/4/234238_kulturnoriichten.mp3

An de Kulturnoriichte komme mer op “Des formes d’égale résistance” ze schwätzen, e Projet am Casino-forum d’art contemporain, vun dem haut den Owend Vernissage ass. Weider geet et ëm eng eng Gesamtopnahm vum Universum, an ëm 2 Verstuerwener: den James Herbert an den Harry Reem. Cléo Thoma.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-03-20T17:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/6/10/233789_kulturnoriichten.mp3

An de Kulturnoriichten geet et ëm d’Internationale Bauausstellung zu Hamburg, eng Manifestatioun bei där d’Stad vun der Zukunft exploréiert gëtt. Aner Sujeten sinn d’Osterfestspiele zu Salzburg, e Piano vum Richard Wagner, an eng al chinesesch Schësselchen. Cléo Thoma.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-03-18T17:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/4/3/234744_kulturnoriichten.mp3

Déi 6. Editioun vum Printemps des Poètes Luxembourg - d’Konschtfoire TEFAF zu Maastricht - de prestigiéisen Architekturpräis Pritzker Price 2013, awer och de Come-back vum legendairen David Bowie sinn haut Themen an de Kulturnoriichte mam Sylvie Flammang.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-03-15T17:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/5/11/234492_kulturnoriichten.mp3

Déi verschidde Literaturpräisser op der Leipziger Buchmesse - d’Ausstellung Ikone Karl Marx zu Tréier – d‘Restitutioun vu Konschtwierker, déi jiddesche Familljen a Frankräich während dem Zweete Weltkrich ofgeholl goufen, an eng Ausstellung déi den Auteur William S. Burroughs als multimediale Kénschtler weist : dat sinn ennert aneren haut d’Themen an de Kulturnoriichte mam Sylvie Flammang.

(Rediff. um 22.20)
text/html2013-03-14T17:20:00+01:00Kulturnoriichten
http://www.100komma7.lu/files/6/5/234174_kulturnoriichten.mp3

Brasilien op der Leipziger Buchmesse; d’Baisse um chinesesche Konschtmaart; der Kënschtlerkoppel Gilbert & George hiren neiste Wierkzyklus; de 25. Gebuertsdag vum Filmfest Dresden, an nei Länner op der nächster Biennale vu Venedeg: dat sinn d’Themen an de Kulturnoriichte mam Sylvie Flammang. (Rediff. um 22.20)