radio 100,7 LIVE
Klickt hei, fir eis ze lauschteren! Klickt hei, fir eis ze lauschteren! Klickt hei, fir eis ze lauschteren!Sichen
Neiegkeeten
Emissiounen
<< Zréck op d'Lëscht vun den Emissiounen
Rendezvous mam Buch
18:30 - 19:00
Kategorie vun der Emissioun
Responsabel
Allgemeng Beschreiwung
Tëscht Mëtt August an Enn Oktober 2009 ass a Frankräich d’Rentrée littéraire. An der selwechter Zäit ginn och d’Nominatiounen fir d’Präisser ewei de Prix Médicis, Prix Renaudot a Prix Goncourt bekannt. Den Owend kucke mer op déi wichtegst franséisch Nei-Publikatiounen vun dësem Hierscht. Eng dovun ass der Marie NDiaye hire Roman „Trois femmes puissantes“.
Leschte Weekend war Veianer Biichermaart. Hei si mir op „Les jeunes mélancoliques“ opmierksam ginn - e Grupp vu jonken Leit, déi Texter, Kuerzgeschichten an och Gedichter op deene sougenannte Bloggen am Internet publizéieren. Am Rendezvous mam Buch ënnerhale mer eis mat hinnen iwwert d’Bloggen, hir Philosophie an d’Virliesungen. Um Schluss stelle mer „Tanz den Fango mit mir“ vir. Auteur ass de Christian Zaschke, Sportreporter bei der Süddeutschen Zeitung. Hie beschreiwt am Buch seng skurril an zimlech witzeg Erfahrungen an enger Reha-Klinik.
Méi dozou am Buchmagazin presentéiert vum Claude Mangen.
(Reprise um 22.30)
Presentateur/trice
Enregistrement de l'émission
©2012 radio 100,7 |
plang vum site |
live gelauschtert
Création du site web par VAlain S.A.