Neiegkeeten

Den Ament ginn et keng Neiegkeeten

enregistréieren news rss

Emissiounen

<< Zréck op d'Lëscht vun den Emissiounen

Quantum

19:00 - 19:30

Kategorie vun der Emissioun

Responsabel

Claude Mangen

Allgemeng Beschreiwung

presentéiert vun der Post
Nëmme fléien “an 30 Joer" ass méi schéin?
Fir deen, deen haut fir de Beruff oder d’Vakanz de Fliger hëlt, kléngt dee bekannte Saz “Nëmme fléien ass méi schéin” éischter wéi e Witz. Fléien, besonnesch an der Touristeklass, ass kaum nach agreabel.
Et däerf een awer dreemen a sech Gedanken doriwwer maachen, wéi mir, respektiv déi, déi no eis kommen, an 20, 30, 40 Joer duerch d’Loft transportéiert ginn. Wéi gesäit dann e Passagéierfliger aus? Sëtze mer gemittlech a bequeme Fotellen, oder musse mer stoen, wéi am stater Bus? Gi mer vläicht an eng Emlafbunn ronderëm d’Äerd geschoss a lande kuerz drop egal wou op der Äerd? Ginn et dann iwwerhaapt nach Leit, déi de Loftraum kontrolléieren, oder regele vernetzte Computer am Fliger selwer hir Route? De Claude Hallé geet dësen an anere Froen no a versicht erauszefannen, wat an der Fligerei ëmmer Dreem bleiwe wäerten a wéi eng Technike schonn haut an de Käpp vun de Spezialisten existéieren. (Reprise vun 11.05)

Presentateur/trice

Enregistrement de l'émission