Neiegkeeten

Den Ament ginn et keng Neiegkeeten

enregistréieren news rss

Emissiounen

<< Zréck op d'Lëscht vun den Emissiounen

Audio for Pictures

19:30 - 20:00

Kategorie vun der Emissioun

Responsabel

Claude Mangen

Allgemeng Beschreiwung

“The Jazz Singer” vun 1927 representéiert den Ufank vum Enn fir de Stommfilm. De Public war begeeschtert vun der neier Technologie a wien an der Filmindustrie wollt bestoen, huet sech missen den neien Ëmstänn upassen. Et war eng grouss Ëmstellung net nëmme fir d’Filmstudioen, mä och fir déi grouss Staren aus der Zäit a sou munch Carrière gouf doduerch zerstéiert. Anerer konnte sech behaapten an zielen zum Deel nach haut zu de beléiftste Schauspiller, dorënner d’Greta Garbo, d’Joan Crawford oder de Buster Keaton.
De Charlie Chaplin huet sech laang géint den Tounfilm gewiert an eréischt 1940, 13 Joer nom Alaude vun der neier Ära, huet hien dem Drock noginn a mat ‘The Great Dictator’ säin éischten Tounfilm realiséiert. Domat hat definitiv déi lescht Stonn fir de Stommfilm geschloen.
1940 ass och ‘Fantasia’ vun Disney erauskomm, e Film, deen op der Basis vum Konzept vu ‘faarweger Musek’, grouss musekalesch Wierker mat Biller verbënnt. Während der Realisatioun war de Walt Disney alles anescht wéi zefridde mat deem dënnen Toun, dee bis dohi konnt reproduzéiert ginn an huet seng Ingenieuren opgefuerdert, e besseren Tounsystem z’entwécklen. Op dësem Wee ass deen éischte multi-kanal Toun fir Film entstanen, de ‘Fantasound’. Eng Serie mam Alice Grandgenet. (Rediff. vun 09.05)

Presentateur/trice

Enregistrement de l'émission