Neiegkeeten

14/07/2010

De Summerconcours

Iwwert de Summer gräift de radio 100,7 déi verschidden Theme vun de läschte Méint nach eemol op. Gewannt all Dag flott Präisser. >>

13/07/2010

Kulturrees op Dresden

Fir den 300. Jubiläum vun der Parzeläin-Hirstellung organiséiert de radio 100,7 eng thematesch Rees op Dresden >>

All Neiegkeete weisen

enregistréieren news rss

Emissiounen

<< Zréck op d'Lëscht vun den Emissiounen

Gesond am Gaart

19:00 - 19:30

Kategorie vun der Emissioun

Responsabel

Claude Mangen

Allgemeng Beschreiwung

“Natura-Plaquette” heescht eng Plaquette, déi vun der Ëmweltorganisatioun Natura (Ligue luxembourgeoise pour la protection de la nature et de l’environement) an der AAT (Garten und Teichfreunde) zënter ville Joren u Privatleit vergi gëtt, déi en ëmweltbewossten a ”liewege” Gaart ugeplanzt hunn. D’Critèrë fir dës Plaquette ze kréie sinn héich an et ginn der net vill verdeelt, wéi d’Jeannine Sponville, Presidentin vun der ATT an de Frantz-Charles Müller, President vun der Stëftung Hëllef fir d’Natur am Gespréich mam Angie Maquil erkläeren. Weider geet Rieds iwwert e “wëlle” Gaart a wéi een deen am Aklank mat Natur an Ëmwelt uleeë kann. Virgestallt gëtt och e Pilot-Projet vun der Schoul Ribeschbond zu Diddeleng mat eenheemesch genetesch sielene Planzen, e Projet deen de Marc Redinger, Responsabel vum Services Jardinage vun der Gemeng vun Diddeleng, erkläert. (Reprise vun 11.05)

Presentateur/trice

Enregistrement de l'émission