Neiegkeeten

14/07/2010

De Summerconcours

Iwwert de Summer gräift de radio 100,7 déi verschidden Theme vun de läschte Méint nach eemol op. Gewannt all Dag flott Präisser. >>

13/07/2010

Kulturrees op Dresden

Fir den 300. Jubiläum vun der Parzeläin-Hirstellung organiséiert de radio 100,7 eng thematesch Rees op Dresden >>

All Neiegkeete weisen

enregistréieren news rss

Emissiounen

<< Zréck op d'Lëscht vun den Emissiounen

Wirtschaft a Finanzen

19:00 - 19:30

Kategorie vun der Emissioun

Responsabel

Claude Mangen

Allgemeng Beschreiwung

D’Tripartite ass e spezielt lëtzebuerger Instrument, fir Léisunge bei wirtschaftlechen a soziale Problemer ze fannen. Bei der Tripartite sëtzen d’Sozialpartner un engem Dësch, dat sinn d’Vertrieder vu Regierung a Patronat an d’Gewerkschaftler. De «lëtzebuerger Modell» funktionéiert zënter de 70er Joren.
Kann d’Tripartite an Zäite vun der Wirtschaftskris nach positiv Impulser ginn, fir d’Economie nees fit ze maachen? Wou leien d’Schwéierpunkten, wat sinn déi verschidde Virstellungen, fir de wirtschaftleche Motor unzekierpen? Den André Duebbers geet dëse Froën no. (Rediff. vun 11.05)

Presentateur/trice

Enregistrement de l'émission