Neiegkeeten

25/01/2012

Editorial Februar 2012

radio 100,7 lauschtere lount sech, och am neie Joer >>

All Neiegkeete weisen

enregistréieren news rss

Emissiounen

<< Zréck op d'Lëscht vun den Emissiounen

Historesch Architektur zu Lëtzebuerg

Kategorie vun der Emissioun

Text

Responsabel

Claude Mangen

Allgemeng Beschreiwung

Sief et um Duerf, sief et an der Stad, dat Gebautent oder d’Bausubstanz, mat Wunnhaiser, Gebaier, Brécken an Industriesite markéiert ëmmer staark dat allgemengt Landschafts- oder urbanistescht Bild. Et bestëmmt de Charakter an d’Atmosphär vun engem Uert, enger Plaz, enger Uertschaft, enger Stad. An dach ass eis sielen am Alldag bewosst, wéi enorm wichteg d’Roll vun der Architektur ass. Si hannerléisst Spuren, joerzéngte-, joerhonnertelaang. Op gutt oder schlecht Architektur, si gëtt de spéidere Generatioune weiderginn, si bild eng Ierfschaft. Wa se net ënner de Bagger geréit! Dofir droen déi ëffentlech wéi och privat Bauhären eng Verantwortung. Wat hinnen dacks net bewosst ass. D’Architektur bestëmmt net nëmmen d’Bild vun enger Stad, si seet och villes iwwert eng Epoque aus. An der Serie komme Fachleit, Historiker an aner Spezialisten zu Wuert. Beliicht gi Bauten, déi Geschicht geschriwwen hunn, déi e Symbolcharakter hunn, déi eng Roll gespillt hunn an och nach spillen. Am Mëttelpunkt steet den ëffentleche Bau (wéi z.B. d’Gare), de wirtschaftlechen a kommerziellen (wei z.B. de «Rosenstiel»), déi prestigiéis oder representativ Bauten (wéi de Palais oder d’Arbedsgebai), bis bei de Fräizäit-Bau (wéi d’Therme vu Mondorf oder Hotelen) an de reliéise Bau (wéi den heitege Kapuzinertheater oder d’Méchelskierch).

Presentateur/trice

Enregistrement de l'émission

07/09/2009 19:30

04/09/2009 19:30

31/08/2009 19:30

28/08/2009 19:30

24/08/2009 19:30

17/08/2009 19:30

10/08/2009 19:30

03/08/2009 19:30

27/07/2009 19:30

20/07/2009 19:30