radio 100,7 LIVE
Klickt hei, fir eis ze lauschteren! Klickt hei, fir eis ze lauschteren! Klickt hei, fir eis ze lauschteren!Sichen
Neiegkeeten
Emissiounen
<< Zréck op d'Lëscht vun den Emissiounen
Philosophie – Déi grouss Froen
Kategorie vun der Emissioun
Text
Responsabel
Allgemeng Beschreiwung
Zënter ongeféier drësseg Joer huet d’Philosophie sech aus den akademesche Sphären erausgetraut an dem grousse Public presentéiert. Vum Hans-Joachim Störig senger «Kleine Weltgeschichte der Philosophie» bis zum David Precht sengem «Wer bin ich, und wenn ja wie viele?» iwwert dem Jostein Gaardner säi Buch «Sophies Welt», hu populariséierend Aféierungen an d’Philosophie eng Plaz ënnert de Bestseller ageholl, de Beweis, datt beim breede Public eng Demande do ass.
Och dës Emissioun wëllt däer Demande nokommen. Et sollen, op eng allgemeng verständlech Manéier, mä ouni op déi Rigueur ze verzichten, déi fir d’Philosophie charakteristesch ass, déi grouss Froe vun der Philosophie virgestallt an diskutéiert ginn. D’Sendung gëtt presentéiert vum Prof. Dr. Norbert Campagna, professeur-associé fir Philosophie op der Universitéit Lëtzebuerg a Member vun der philosophescher Fuerschungsequip vun der Université Paris XII.
Presentateur/trice
©2012 radio 100,7 |
plang vum site |
live gelauschtert
Création du site web par VAlain S.A.
