radio 100,7 LIVE
Klickt hei, fir eis ze lauschteren! Klickt hei, fir eis ze lauschteren! Klickt hei, fir eis ze lauschteren!Sichen
Neiegkeeten
Den Ament ginn et keng Neiegkeeten
Emissiounen
<< Zréck op d'Lëscht vun den Emissiounen
Figures littéraires phares
09:05 - 09:30
Kategorie vun der Emissioun
Responsabel
Allgemeng Beschreiwung
Leider kënne mer Iech net wéi am Programm annoncéiert d’Emissioun iwwer de Personnage vum Commissaire Maigret beim belsche Schrëftsteller Goergoes Simenon ze lauschtere ginn. Mir proposéieren aus der Série Evocations vun der Saison 2008/2009 iwwerschriwwen : De Jean Racine zu Lëtzebuerg. 1684 hunn dem Roi-Soleil seng Truppen d’Festung Lëtzebuerg no laangem Kampf géint d’Eisträicher ageholl. De Maréchal Vauban, dee geniale franséische Militäringenieur, huet eis Festung ausgebaut a se deenen deemolege Krichsmethoden ugepasst. Dräi Joer duerno, am Mee 1687 ass dunn de Louis XIV en personne op Lëtzebuerg komm fir seng nei Conquête z’inspektéieren. Zu deenen honnerte vun Höflingen, Adelegen an Offizéier huet och de Jean Racine gehéiert, den Auteur vu Phèdre a vu Bérénice. Mä hie war net invitéiert als Schrëftsteller, mä als Historiographe vum Kinnek. Hie sollt zum franséische Monarch senger Renommée bäidroe mat heroesche Gedichter a mat Verser, déi op Medaillen a Gedenkplacke gravéiert sollte ginn. De Racine huet awer och e Bréif vu Lëtzebuerg aus geschéckt, deen Detailer iwwert déi kinneklech Visite enthält, mä leider wéineg iwwert eis Haaptstad, hir Lag oder hir Bierger ausseet. Dës Visit vum Louis XIV a vum Racine ass ausféierlich vu verschiddene lëtzebuerger Chercheure studéiert ginn, ë.a. vum Tony Bourg a vum Raymond Baustert. Och lëtzebuerger franséischsproocheg Auteure wéi de Paul Palgen an d’Rosemarie Kieffer hunn doriwwer geschriwwen. De Frank Wilhelm erënnert un dës Visit an hir literaresch a wëssenschaftlich Iwwerliwwerung. (Rediff. um 19.00)
Légende de l’illustration:
Jean Gabin dans le rôle titre de «Maigret et l’affaire Saint-Fiacre».
Presentateur/trice
©2012 radio 100,7 |
plang vum site |
live gelauschtert
Création du site web par VAlain S.A.
