Neiegkeeten

Den Ament ginn et keng Neiegkeeten

Emissiounen

<< Zréck op d'Lëscht vun den Emissiounen

Dossier vum Dag

08:20 - 08:30

Kategorie vun der Emissioun

Responsabel

André Dübbers

Allgemeng Beschreiwung

Schonns zanter Jore gëtt zu Lëtzebuerg dervunner geschwat e Gesetz ze maachen, wat ,d‘Obligatioun vu Wanterpneue’ virschreiwt. Nodeems en éischte Gesetzesprojet vun 2007 vum Conseil d’Etat net grad begeeschtert opgeholl gouf, sollen lo vum 1. Oktober 2012 un d‘Wanterpneusen awer obligatoresch ginn. Mee grad hei läit d’Kromm an der Heck, well laut der Wiener Konventioun vun 1968, duerf keng Nationallegislatioun engem auslänneschen Automobilist soen, datt hien Wanterpneuen opleeë misst. Kritik dozou kënnt och vum Direkter vum Automobils-Club, Daniel Tesch, dee seet, dat Gesetz wier kee gudd Gesetz. Am Dossier vum Dag probéiert de J-Pol Roden Lucht an déi ganz Problematik ze bréngen.

(Rediff. um 12.20)

Presentateur/trice

Playlist

08:27 DEMUTH, MARC QUARTET (feat. RIBEIRO, SOFIA)-LIVE: ORIK

PAREDES