radio 100,7 LIVE
Klickt hei, fir eis ze lauschteren! Klickt hei, fir eis ze lauschteren! Klickt hei, fir eis ze lauschteren!Sichen
Neiegkeeten
dagesprogramm
03/02/2012
6:00 - 7:00
Virum Dag
De Moiesmagazin um 100,7 mat engem Noriichteniwwerbléck all hallef Stonn, um 07.00 an 08.00 Panorama
06.00 Noriichteniwwerbléck
06.05 Programmiwwerbléck
06.15 A 90 Minutten mam Fliger vun Däitschland an Australien, Zukunftsmusek?
06.25 haut op engem ...
06.30 Noriichteniwwerbléck a Meteo
06.40 Am Mäerz gëtt zu Bonn eng Foire organiséiert, déi all d’Velosfrënn dierft intresséieren
06.45 Notizblock
06.50 Den Internet Dokter ass ganz gefrot
06.59 Meteo
Virum Dag
Stonneplang : 6:00 - 7:00

7:00 - 7:20
Moies-Panorama
National an international Noriichte mam Commentaire (Rediffusioun an der Editioun vun 08.00).
Moies-Panorama
Stonneplang : 7:00 - 7:20

7:20 - 7:30
Kulturbäitrag
An der zweeter Halschent vun der Saison 2011/2012 geet et zu Iechternach am Trifolion mat engem chargéierte Program weider, e Programm wou natierlech och den Iechternacher Festival eng wichteg Roll spillt, zemools fir d’Klassikeventer.
De Manuel Ribeiro mécht e Bilan vun der Présentatioun vum Programm sou wéi och e Bilan no ronn 4 Joer Ouverture vum Trifolion.
Kulturbäitrag
Stonneplang : 7:20 - 7:30

7:30 - 7:35
Noriichteniwwerbléck
Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info.
Noriichteniwwerbléck
Stonneplang : 7:30 - 7:35

7:35 - 7:50
Invité virum Dag
Invité ass d'Architektin Françoise Folmer, nei Lëtzebuerger Woman Buisness Manager vum Joer 2012
Invité virum Dag
Stonneplang : 7:35 - 7:50

7:50 - 7:59
Dageskronik
Wirtschaftskronik: Zu Bréissel hunn d’Staats- an d’Regierungscheffen eng weider Etapp an der Kontroll vun der Scholdekris hanneru sech bruecht. Eng zusätzlich Griechenland-Réunioun steet nach un. Zu Lëtzebuerg hu mer säit e Mëttwoch en neie Wirtschaftsminister an de Finanzminister Frieden huet eng weider Prospektiounsrees an der Golfregioun hanneru sech. Eis Wirtschaftskronik mam Fernand Weides. (Rediff. um 12.50)
Dageskronik
Stonneplang : 7:50 - 7:59

7:59 - 8:00
Virum Dag
07.59 Meteo
Virum Dag
Stonneplang : 7:59 - 8:00
07.59 Meteo
8:00 - 8:15
Moies-Panorama
National an international Noriichte mat der Rediffusioun vum Commentaire.
Moies-Panorama
Stonneplang : 8:00 - 8:15

8:15 - 8:20
Presserevue
E Bléck an déi national Zeitungen.
Presserevue
Stonneplang : 8:15 - 8:20
E Bléck an déi national Zeitungen.
8:20 - 8:30
Dossier vum Dag
Schonns zanter Jore gëtt zu Lëtzebuerg dervunner geschwat e Gesetz ze maachen, wat ,d‘Obligatioun vu Wanterpneue’ virschreiwt. Nodeems en éischte Gesetzesprojet vun 2007 vum Conseil d’Etat net grad begeeschtert opgeholl gouf, sollen lo vum 1. Oktober 2012 un d‘Wanterpneusen awer obligatoresch ginn. Mee grad hei läit d’Kromm an der Heck, well laut der Wiener Konventioun vun 1968, duerf keng Nationallegislatioun engem auslänneschen Automobilist soen, datt hien Wanterpneuen opleeë misst. Kritik dozou kënnt och vum Direkter vum Automobils-Club, Daniel Tesch, dee seet, dat Gesetz wier kee gudd Gesetz. Am Dossier vum Dag probéiert de J-Pol Roden Lucht an déi ganz Problematik ze bréngen.
(Rediff. um 12.20)
Dossier vum Dag
Stonneplang : 8:20 - 8:30

8:30 - 9:00
Virum Dag
08.30 Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info
08.35 Kulturevenement: Am Escher Theater steet dëse Freideg den Owend dem Samuel Beckett säi Stéck Happy Days an der däitscher Iwwersetzung um Programm, allerdéngs als “rehearsal version”. Am Interview mam Gilles Wunsch gëtt den Direkter vum Escher Theater, de Charel Muller Informatiounen iwwer dStéck, an iwwer déi béid Acteuren op der Bühn. (Rediff.)
08.45 Notizblock
08.50 Kulturtip: Theater: Gëschter Owend war d’Première vun der neister Produktioun am Théâtre national, e Stéck mam Titel LUPENREIN vum lëtzebuerger Auteur an Dramatiker Rafael Kohn, gespillt vum Ensembel vum Theater 89 vu Berlin an enger Mise en scène vum Intendant vun dësem Theater, Hans Joachim Frank.
An déi Produktioun proposéiert de Jean Claude Majerus haut als Theatertip vun der Woch. (Rediff. um 17.40)
08.59 Meteo
Virum Dag
Stonneplang : 8:30 - 9:00

9:00 - 9:05
Noriichteniwwerbléck
Stonneplang : 9:00 - 9:05
9:05 - 9:30
Aus dem National-Archiv
Eemol de Mount presentéiert e Conservateur vum Nationalarchiv Dokumenter aus engem vun de Fongen, déi hei versuergt ginn:
De 25. Juli 1921 ënnerschreiwen de belschen Ausseminister Henri Jaspar a säi lëtzebuergeschen Homolog, den Emile Reuter, d’Conventioun vun der „Union économique belgo-luxembourgeoise“ zu Bréissel. Domat ginn net nëmme laangwiereg Verhandlungen op en Enn, mä eng enk Kooperatioun liéiert vun elo un déi zwee Länner. D’Corinne Schroeder, Conservatrice-stagiaire am Nationalarchiv, beliicht d’Hannergrënn vun dëser Unioun. (Rediff. um 19.30)

ANLux, AEConv 220a
Aus dem National-Archiv
Stonneplang : 9:05 - 9:30

9:30 - 11:00
Divertimento
Liicht Klassik a gehuewen Ënnerhalung mam Guy Engels a Manuel Ribeiro.
Divertimento
Stonneplang : 9:30 - 11:00
Liicht Klassik a gehuewen Ënnerhalung mam Guy Engels a Manuel Ribeiro.
11:00 - 11:05
Noriichteniwwerbléck
Meteo an Noriichteniwwerbléck.
Noriichteniwwerbléck
Stonneplang : 11:00 - 11:05
Meteo an Noriichteniwwerbléck.
11:05 - 11:30
Quantum / Nei Technologien...
presentéiert vun der Post
Méi séier wéi d'Liicht?
De leschte September hu Fuerscher am CERN déi éischte Kéier an engem Versuch méiglecherweis bewisen, datt sech Elementardeelercher méi séier wéi d'Liicht weider bewege kënnen. Wier dat de Fall, da misste mer erou munches an der Physik nei iwwerdenken.
De Claude Hallé geet der Fro no, firwat d'Liichgeschwindegkeet esou eng "magesch" Grenz duerstellt.
(Rediff. um 19.03)

Quantum / Nei Technologien / Mënsch an Ëmwelt / Publizitéit / Innovatioun a Fuerschung
Stonneplang : 11:05 - 11:30
presentéiert vun der Post
Méi séier wéi d'Liicht?
De leschte September hu Fuerscher am CERN déi éischte Kéier an engem Versuch méiglecherweis bewisen, datt sech Elementardeelercher méi séier wéi d'Liicht weider bewege kënnen. Wier dat de Fall, da misste mer erou munches an der Physik nei iwwerdenken.
De Claude Hallé geet der Fro no, firwat d'Liichgeschwindegkeet esou eng "magesch" Grenz duerstellt.
(Rediff. um 19.03)

11:30 - 12:00
Radiopolis
En Homage un de geeschtege Papp vum Kommissar Wallander: haut feiert de schwedesche Schrëftsteller an Theaterregisseur Henning Mankell säi 64ste Gebuertsdag.
11.50 Fro vum Dag
11.59 Meteo
Radiopolis
Stonneplang : 11:30 - 12:00
En Homage un de geeschtege Papp vum Kommissar Wallander: haut feiert de schwedesche Schrëftsteller an Theaterregisseur Henning Mankell säi 64ste Gebuertsdag.
11.50 Fro vum Dag
11.59 Meteo
12:00 - 12:20
Mëttes-Panorama
National an international Noriichten.
Mëttes-Panorama
Stonneplang : 12:00 - 12:20
National an international Noriichten.
12:20 - 12:30
Dossier vum Dag
Schonns zanter Jore gëtt zu Lëtzebuerg dervunner geschwat e Gesetz ze maachen, wat ,d‘Obligatioun vu Wanterpneue’ virschreiwt. Nodeems en éischte Gesetzesprojet vun 2007 vum Conseil d’Etat net grad begeeschtert opgeholl gouf, sollen lo vum 1. Oktober 2012 un d‘Wanterpneusen awer obligatoresch ginn. Mee grad hei läit d’Kromm an der Heck, well laut der Wiener Konventioun vun 1968, duerf keng Nationallegislatioun engem auslänneschen Automobilist soen, datt hien Wanterpneuen opleeë misst. Kritik dozou kënnt och vum Direkter vum Automobils-Club, Daniel Tesch, dee seet, dat Gesetz wier kee gudd Gesetz. Am Dossier vum Dag probéiert de J-Pol Roden Lucht an déi ganz Problematik ze bréngen.
(Rediff. vun 8.20)
Dossier vum Dag
Stonneplang : 12:20 - 12:30

12:30 - 12:40
Noriichteniwwerbléck
Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info.
Noriichteniwwerbléck
Stonneplang : 12:30 - 12:40
Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info.
12:40 - 12:50
Kulturbäitrag
The Descendants vum Alexander Payne ass eng Komedie dramatique ronderëm en tragescht Evenement am Liewe vum gutt situéierte Matt King. The Descendants ass e villschichtege Film iwwert d’Relatiounen an der klenger an an der grousser Famill, a spillt matten an der iwwerwältegender Natur vun den Hawaii Inselen.
D’Sylvie Flammang wor dee mat Golden Globes ausgezeechente Film, deen am Uopolis, Cinebelval a Kursaal leeft, fir eis kucken.
Kulturbäitrag
Stonneplang : 12:40 - 12:50

12:50 - 13:00
Dageskronik
Wirtschaftskronik: Zu Bréissel hunn d’Staats- an d’Regierungscheffen eng weider Etapp an der Kontroll vun der Scholdekris hanneru sech bruecht. Eng zusätzlich Griechenland-Réunioun steet nach un. Zu Lëtzebuerg hu mer säit e Mëttwoch en neie Wirtschaftsminister an de Finanzminister Frieden huet eng weider Prospektiounsrees an der Golfregioun hanneru sech. Eis Wirtschaftskronik mam Fernand Weides. (Rediff. vu 7.50)
Dageskronik
Stonneplang : 12:50 - 13:00

13:00 - 13:05
Noriichteniwwerbléck
Meteo an Noriichteniwwerbléck.
Noriichteniwwerbléck
Stonneplang : 13:00 - 13:05
Meteo an Noriichteniwwerbléck.
13:05 - 14:00
Radiopolis
13.15 Notizblock
13.30 Eng Fro eng Äntwert: Live am Studio ass d’Christiane Hoffmann vun der Chambre des Métiers, déi eis d’Formatioun “Tuteur d’entreprise” virstellt. Dës Woch war d’Präisiwwerreechung un déi Leit, déi an de leschte Méint esou eng Formatioun matgemaach hunn.
13.59 Meteo
Radiopolis
Stonneplang : 13:05 - 14:00

14:00 - 14:05
Noriichteniwwerbléck
mat den nationale Boursewäerter
Noriichteniwwerbléck
Stonneplang : 14:00 - 14:05
mat den nationale Boursewäerter
14:05 - 15:30
Kammermusek
Live-Matschnëtt vum Act’Art Concert den 11. Oktober 2011 am Stater Conservatoire ënnert dem Motto “Voyage Intérieur”. Et spillen:
Benjamin Erlich, Piano
Madiha Figuigui, Mezzo-Sopran
Carlo Jans, Flütt.
Presentéiert vum Manuel Ribeiro. (Rediff. dënschdes um 23.00)
Kammermusek
Stonneplang : 14:05 - 15:30
Live-Matschnëtt vum Act’Art Concert den 11. Oktober 2011 am Stater Conservatoire ënnert dem Motto “Voyage Intérieur”. Et spillen:
Benjamin Erlich, Piano
Madiha Figuigui, Mezzo-Sopran
Carlo Jans, Flütt.
Presentéiert vum Manuel Ribeiro. (Rediff. dënschdes um 23.00)
15:30 - 17:00
Chaise-Lounge
Eng Mixtur aus verschiddene Museksberäicher, easy Listening, agreabel ze lauschteren. Akustesch an elektronesch Rhythme mësche sech mat ethneschen Echoen, jazzy Nostalgie, trip-hop Elementer, Filmmuseken
mat um 16.00 dem Noriichteniwwerbléck.
Chaise-Lounge
Stonneplang : 15:30 - 17:00
Eng Mixtur aus verschiddene Museksberäicher, easy Listening, agreabel ze lauschteren. Akustesch an elektronesch Rhythme mësche sech mat ethneschen Echoen, jazzy Nostalgie, trip-hop Elementer, Filmmuseken
mat um 16.00 dem Noriichteniwwerbléck.
17:00 - 17:08
Noriichten
Meteo an Noriichten.
Noriichten
Stonneplang : 17:00 - 17:08
Meteo an Noriichten.
17:08 - 18:00
Ënnerwee
An de Feierowend mam 100,7
17.10 Programmiwwerbléck an Trafic-Info
17.15 Notizblock
17.20 Kulturevenement: An der Kulturfabrik zu Esch ass dëse Samschdeg den Owend vu 6 Auer un eng grouss musekalesch Soirée, iwwerschriwwen “Art against discrimination”. Am Interview mam Gilles Wunsch erkläert de Paul Bradshaw vun der KuFa, wat d’Iddi hanner dem Projet ass, a wat fir Formatiounen optrieden.
(Rediff. muer um 08.35)
17.40 Kulturtip: Theater: Gëschter Owend war d’Première vun der neister Produktioun am Théâtre national, e Stéck mam Titel LUPENREIN vum lëtzebuerger Auteur an Dramatiker Rafael Kohn, gespillt vum Ensembel vum Theater 89 vu Berlin an enger Mise en scène vum Intendant vun dësem Theater, Hans Joachim Frank.
An déi Produktioun proposéiert de Jean Claude Majerus haut als Theatertip vun der Woch. (Rediff. vun 08.50)
mat uschléissend den Theme vum Kulturmagazin
17.50 Q wéi Kultur, K wéi Quiz
17.55 Programmiwwerbléck
17.59 Meteo
Ënnerwee
Stonneplang : 17:08 - 18:00

18:00 - 18:20
Owes-Panorama
National an international Noriichten. (Rediff. um 22.00)
Owes-Panorama
Stonneplang : 18:00 - 18:20

18:20 - 18:30
Kulturnoriichten
D’Sujeten vun eise Kulturnouvellen vun haut sinn:
- De Michel SERRES ass de Laureat vum Meister-Eckhardt-Präis 2012
- De Jean DUJARDIN ass elo bei der Agence WME ënner Kontrakt
- Leonard Live an iwwer 150 Kinoen an Europa och am Utopia
- Déi 21. Feria vum Buch zu Havanna ass der Karibik dédiéiert
- Problemer mat der “Wagenfeldstrasse” an däitsche Gemengen
(Rediff. um 22.20)
Kulturnoriichten
Stonneplang : 18:20 - 18:30

18:30 - 19:00
Rendezvous Backstage
En Abléck an déi lëtzebuerger Musekszeen: Portraite vu lëtzebuerger Gruppen, nei CDen an d’Concerten an eise Musekssäll. Presentéiert vum Yves Stephany.
Am Rendezvous Backstage héiert Dir haut e Gespréich mat Inborn a mat Lumi, a mir presentéieren de Festival Rap Revolution, haut 8-deeg an der Kulturfabrik. (Rediff. um 22.30)
Rendezvous Backstage
Stonneplang : 18:30 - 19:00

19:00 - 19:03
Noriichteniwwerbléck
Stonneplang : 19:00 - 19:03
19:03 - 19:30
Quantum
presentéiert vun der Post (Rediff. vun 11.05)
Méi séier wéi d'Liicht?
De leschte September hu Fuerscher am CERN déi éischte Kéier an engem Versuch méiglecherweis bewisen, datt sech Elementardeelercher méi séier wéi d'Liicht weider bewege kënnen. Wier dat de Fall, da misste mer erou munches an der Physik nei iwwerdenken.
De Claude Hallé geet der Fro no, firwat d'Liichgeschwindegkeet esou eng "magesch" Grenz duerstellt.
Quantum
Stonneplang : 19:03 - 19:30

19:30 - 20:00
Aus den National-Archiv
De 25. Juli 1921 ënnerschreiwen de belschen Ausseminister Henri Jaspar a säi lëtzebuergeschen Homolog, den Emile Reuter, d’Conventioun vun der „Union économique belgo-luxembourgeoise“ zu Bréissel. Domat ginn net nëmme laangwiereg Verhandlungen op en Enn, mä eng enk Kooperatioun liéiert vun elo un déi zwee Länner. D’Corinne Schroeder, Conservatrice-stagiaire am Nationalarchiv, beliicht d’Hannergrënn vun dëser Unioun. (Rediff. vun 09.05)
Aus den National-Archiv
Stonneplang : 19:30 - 20:00
De 25. Juli 1921 ënnerschreiwen de belschen Ausseminister Henri Jaspar a säi lëtzebuergeschen Homolog, den Emile Reuter, d’Conventioun vun der „Union économique belgo-luxembourgeoise“ zu Bréissel. Domat ginn net nëmme laangwiereg Verhandlungen op en Enn, mä eng enk Kooperatioun liéiert vun elo un déi zwee Länner. D’Corinne Schroeder, Conservatrice-stagiaire am Nationalarchiv, beliicht d’Hannergrënn vun dëser Unioun. (Rediff. vun 09.05)
20:00 - 22:00
Rockultur
D‘Geschwëster Kitty, Daisy & Lewis sinn en Trio vu London. Si benotzen traditionell Instrumenter a vermëschen ale Blues, modernen Twist a Ska-Rythmen, e Cocktail dee freedeg an danzbar Athmosphären à la 50ies erëmgëtt, e Vermësche vu wäissen a schwaarze Rhythmen, déi keen onberéiert loossen. Presentéiert vum Cynthia Hornick. (Rediff. samschdes um 23.00)
Rockultur
Stonneplang : 20:00 - 22:00

22:00 - 22:20
Owes-Panorama
National an international Noriichten. (Rediff. vun 18.00)
Owes-Panorama
Stonneplang : 22:00 - 22:20

22:20 - 22:30
Kulturnoriichten
(Rediff. vun 18.20)
Kulturnoriichten
Stonneplang : 22:20 - 22:30
(Rediff. vun 18.20)
22:30 - 23:00
Rendezvous Backstage
Reprise vum Kulturmagazin.
Rendezvous Backstage
Stonneplang : 22:30 - 23:00
Reprise vum Kulturmagazin.
23:00 - 1:00
Jazz Unlimited
presentéiert vu LUXGSM
Jazz ouni Grenzen, fir d’Maggie Steffen bedeit dat, Artiste virzestellen, deenen hir Wuerzele sech an hirer Musek erëmspigelen. Ee vun hinnen ass de 24 Joer jonke Pianist Tigran Hamasyan, deem säin Talent schonn zënter laangem international unerkannt ass an deen als «LA révélation» oder Wonnerkand, gëllt. An der Traditioun vun den armenesche Fabelen bis zu senger Virtuositéit a sengem innovative Geescht , léist hie Begeeschterung aus op de grousse Festivale vu Montreux bis Marciac, vu Montreal bis Tokyo.
Weider steet nach déi eng oder aner Jazzmusekerin um Programm.
(Rediff. vu méindes 20.00)
Jazz Unlimited
Stonneplang : 23:00 - 1:00

1:00
Notturno
A journey into ambient groove (ambient, trip hop, new age)
Notturno
Stonneplang : 1:00

04/02/2012
6:00 - 7:00
Virum Dag
De Moiesmagazin um 100,7 mat engem Noriichteniwwerbléck all hallef Stonn, um 07.00 an 08.00 Panorama
06.00 Noriichteniwwerbléck
06.05 Programmiwwerbléck
06.15 Verhältnisméisseg vill privat Bäckereie fir Hondsleckerlie gëtt et den Ament an Däitschland. Mir ginn dësem neie Trend op de Fong.
06.25 haut op engem ...
06.30 Noriichteniwwerbléck a Meteo
06.40 Den Experten no ass en anstännegt Ausschlofen am Wanter méi ewéi rotsam.
06.45 Notizblock
06.50 Am Bangladesch kënnt eng Protestbewegung op, déi sech géint de "Mitgift"-Brauch bei engem Bestiednis wiert.
06.59 Meteo
Virum Dag
Stonneplang : 6:00 - 7:00
De Moiesmagazin um 100,7 mat engem Noriichteniwwerbléck all hallef Stonn, um 07.00 an 08.00 Panorama
06.00 Noriichteniwwerbléck
06.05 Programmiwwerbléck
06.15 Verhältnisméisseg vill privat Bäckereie fir Hondsleckerlie gëtt et den Ament an Däitschland. Mir ginn dësem neie Trend op de Fong.
06.25 haut op engem ...
06.30 Noriichteniwwerbléck a Meteo
06.40 Den Experten no ass en anstännegt Ausschlofen am Wanter méi ewéi rotsam.
06.45 Notizblock
06.50 Am Bangladesch kënnt eng Protestbewegung op, déi sech géint de "Mitgift"-Brauch bei engem Bestiednis wiert.
06.59 Meteo
7:00 - 7:20
Moies-Panorama
National an international Noriichten.
Moies-Panorama
Stonneplang : 7:00 - 7:20
National an international Noriichten.
7:20 - 7:30
Kulturbäitrag
“LUPENREIN” heescht eng nei Produktioun, mat där den Theâtre National du Luxembourg a Koproduktioun mam Berliner Theater 89 de leschten Donnerschdeg op d'Première invitéiert hat. E Stéck aus der Fieder vum jonke lëtzebuerger Auteur Rafael Kohn, inszenéiert vum Hans Joachim Frank, mat an de Haaptrollen Angelika Perdelwitz, Bernhard Geffke an Alexander Höchst. Impressioune vum Pierre Neyens.
Kulturbäitrag
Stonneplang : 7:20 - 7:30
“LUPENREIN” heescht eng nei Produktioun, mat där den Theâtre National du Luxembourg a Koproduktioun mam Berliner Theater 89 de leschten Donnerschdeg op d'Première invitéiert hat. E Stéck aus der Fieder vum jonke lëtzebuerger Auteur Rafael Kohn, inszenéiert vum Hans Joachim Frank, mat an de Haaptrollen Angelika Perdelwitz, Bernhard Geffke an Alexander Höchst. Impressioune vum Pierre Neyens.
7:30 - 7:35
Noriichteniwwerbléck
Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info
Noriichteniwwerbléck
Stonneplang : 7:30 - 7:35
Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info
7:35 - 7:50
Invité virum Dag
Zesumme mam Karin Pundel, Directrice vun der a.s.b.l. Anefore, ënnerhale mir eis iwwert den Erasmus Programm, deen dëst Joer sai 25. Anniversaire feiert.
Invité virum Dag
Stonneplang : 7:35 - 7:50
Zesumme mam Karin Pundel, Directrice vun der a.s.b.l. Anefore, ënnerhale mir eis iwwert den Erasmus Programm, deen dëst Joer sai 25. Anniversaire feiert.
7:50 - 7:59
Dageskronik
Glawensforum mam kathoulesche Paschtouer Jean Ehret: "Médisez, médisez, il en restera toujours quelque chose". (Voltaire). (Rediff. um 13.10)
Dageskronik
Stonneplang : 7:50 - 7:59
Glawensforum mam kathoulesche Paschtouer Jean Ehret: "Médisez, médisez, il en restera toujours quelque chose". (Voltaire). (Rediff. um 13.10)
7:59 - 8:00
Virum Dag
07.59 Meteo
Virum Dag
Stonneplang : 7:59 - 8:00
07.59 Meteo
8:00 - 8:15
Moies-Panorama
National an international Noriichten.
Moies-Panorama
Stonneplang : 8:00 - 8:15
National an international Noriichten.
8:15 - 8:20
Presserevue
E Bléck an déi national Zeitungen.
Presserevue
Stonneplang : 8:15 - 8:20
E Bléck an déi national Zeitungen.
8:20 - 8:30
Den nationale Wochespigel
D’Presentatioun vum Gesetzesprojet fiir d’Pensiounsreform, de Bilan vun der Immigratioun vun 2011 a Personalfroen hunn d’Aktualitéit zu Lëtzebuerg dës Woch dominéiert. Donievt krut d’Affär Bommëléer gëschter awer och neie Schwong. Engersäits gouf nach eemol no de verschwonnene Beweisstécker gefroot, dann huet d’lëtzebuerger Wort Deeler vun der Ukloschrëft verëffentlecht. Den nationale Wochespiggel, mam Francois Aulner.
(Rediff. um 18.20 an 22.20)
Den nationale Wochespigel
Stonneplang : 8:20 - 8:30
D’Presentatioun vum Gesetzesprojet fiir d’Pensiounsreform, de Bilan vun der Immigratioun vun 2011 a Personalfroen hunn d’Aktualitéit zu Lëtzebuerg dës Woch dominéiert. Donievt krut d’Affär Bommëléer gëschter awer och neie Schwong. Engersäits gouf nach eemol no de verschwonnene Beweisstécker gefroot, dann huet d’lëtzebuerger Wort Deeler vun der Ukloschrëft verëffentlecht. Den nationale Wochespiggel, mam Francois Aulner.
(Rediff. um 18.20 an 22.20)
8:30 - 9:00
Virum Dag
08.30 Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info
08.35 Kulturevenement: An der Kulturfabrik zu Esch ass dëse Samschdeg den Owend vu 6 Auer un eng grouss musekalesch Soirée, iwwerschriwwen “Art against discrimination”. Am Interview mam Gilles Wunsch erkläert de Paul Bradshaw vun der KuFa, wat d’Iddi hanner dem Projet ass, a wat fir Formatiounen optrieden.
(Rediff.)
08.45 Notizblock
08.50 Kulturtip: klassesch Musek: Den Donneschdeg, 9ten a Freideg den 10te Februar proposéiert de Philharmoneschen Orchester e Concert an der Philharmonie mat um Programm Wierker vun Heinz Holliger a Robert Schumann.
Solist ass den Thomas Zehetmair. Direktioun: Heinz Holliger. De klassesche Musekstip mam Manuel Ribeiro. (Rediff. sonndes um 17.40)
08.59 Meteo
Virum Dag
Stonneplang : 8:30 - 9:00
08.30 Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info
08.35 Kulturevenement: An der Kulturfabrik zu Esch ass dëse Samschdeg den Owend vu 6 Auer un eng grouss musekalesch Soirée, iwwerschriwwen “Art against discrimination”. Am Interview mam Gilles Wunsch erkläert de Paul Bradshaw vun der KuFa, wat d’Iddi hanner dem Projet ass, a wat fir Formatiounen optrieden.
(Rediff.)
08.45 Notizblock
08.50 Kulturtip: klassesch Musek: Den Donneschdeg, 9ten a Freideg den 10te Februar proposéiert de Philharmoneschen Orchester e Concert an der Philharmonie mat um Programm Wierker vun Heinz Holliger a Robert Schumann.
Solist ass den Thomas Zehetmair. Direktioun: Heinz Holliger. De klassesche Musekstip mam Manuel Ribeiro. (Rediff. sonndes um 17.40)
08.59 Meteo
9:00 - 9:05
Noriichteniwwerbléck
Stonneplang : 9:00 - 9:05
9:05 - 9:30
Figures littéraires phares
Leider kënne mer Iech net wéi am Programm annoncéiert d’Emissioun iwwer de Personnage vum Commissaire Maigret beim belsche Schrëftsteller Goergoes Simenon ze lauschtere ginn. Mir proposéieren aus der Série Evocations vun der Saison 2008/2009 iwwerschriwwen : De Jean Racine zu Lëtzebuerg. 1684 hunn dem Roi-Soleil seng Truppen d’Festung Lëtzebuerg no laangem Kampf géint d’Eisträicher ageholl. De Maréchal Vauban, dee geniale franséische Militäringenieur, huet eis Festung ausgebaut a se deenen deemolege Krichsmethoden ugepasst. Dräi Joer duerno, am Mee 1687 ass dunn de Louis XIV en personne op Lëtzebuerg komm fir seng nei Conquête z’inspektéieren. Zu deenen honnerte vun Höflingen, Adelegen an Offizéier huet och de Jean Racine gehéiert, den Auteur vu Phèdre a vu Bérénice. Mä hie war net invitéiert als Schrëftsteller, mä als Historiographe vum Kinnek. Hie sollt zum franséische Monarch senger Renommée bäidroe mat heroesche Gedichter a mat Verser, déi op Medaillen a Gedenkplacke gravéiert sollte ginn. De Racine huet awer och e Bréif vu Lëtzebuerg aus geschéckt, deen Detailer iwwert déi kinneklech Visite enthält, mä leider wéineg iwwert eis Haaptstad, hir Lag oder hir Bierger ausseet. Dës Visit vum Louis XIV a vum Racine ass ausféierlich vu verschiddene lëtzebuerger Chercheure studéiert ginn, ë.a. vum Tony Bourg a vum Raymond Baustert. Och lëtzebuerger franséischsproocheg Auteure wéi de Paul Palgen an d’Rosemarie Kieffer hunn doriwwer geschriwwen. De Frank Wilhelm erënnert un dës Visit an hir literaresch a wëssenschaftlich Iwwerliwwerung. (Rediff. um 19.00)
Légende de l’illustration:
Jean Gabin dans le rôle titre de «Maigret et l’affaire Saint-Fiacre».

CD-Klassik
Nei CDen aus dem klassesche Beräich presentéiert vum Rémy Franck. (Rediff. méindes um 14.05)
CD-Klassik
Stonneplang : 9:30 - 11:00
Nei CDen aus dem klassesche Beräich presentéiert vum Rémy Franck. (Rediff. méindes um 14.05)
11:00 - 11:05
Noriichteniwwerbléck
Meteo an Noriichteniwwerbléck.
Noriichteniwwerbléck
Stonneplang : 11:00 - 11:05
Meteo an Noriichteniwwerbléck.
11:05 - 12:00
Radiopolis
Eng radiophonesch Rees duerch d’Geschicht, d’Kultur an d’Aktualitéit mat Portraite vu Perséinlechkeeten an Evenementer.
11.15 Eng Fro eng Äntwert zum Thema Fräizäit, Sport, Reesen, Auto, Déieren: den Alain Petry, CLC Conseiller vun der ADAL der Associatioun vun den Auto-Distributeuren, informéiert iwwert de Verlaf vum Auto-Festival an den Trends, déi sech beim Kaf vun engem Auto erausschielen
11.30 haut virun 110 Joer koum den Charles Augustus Lindbergh op d’Welt, dee Mann deen als éischten alleng iwwert den Atlantik vun Amerika op Paräis geflunn ass.
11.50 Fro vum Dag
11.59 Meteo
Radiopolis
Stonneplang : 11:05 - 12:00

Stonneplang : 12:00 - 12:03
12:03 - 13:00
Riicht eraus
4 Deeg no senger Vereedegung als neie Wirtschaftsminister ass den Etienne Schneider Invité an der Emissioun Riicht eraus.
De Jean-Claude Franck schwätzt mam 41-Joer alen LSAP-Politiker iwwer d’Prioritéite vum neie Minister, iwwer seng Léisungsvirschléi fir eng méi kompetitiv Économie an iwwer seng Pläng fir de Sozialdialog ze relancéieren.
Moderatioun: Jean-Claude Franck.
«Riicht eraus» gëtt sonndes um 08:30 rediffuséiert.
mat um 12.30 dem Noriichteniwwerbléck
Riicht eraus
Stonneplang : 12:03 - 13:00

Stonneplang : 13:00 - 13:10
13:10 - 13:20
Dageskronik
Glawensforum mam kathoulesche Paschtouer Jean Ehret: "Médisez, médisez, il en restera toujours quelque chose". (Rediff. vu 07.50)
Dageskronik
Stonneplang : 13:10 - 13:20
Glawensforum mam kathoulesche Paschtouer Jean Ehret: "Médisez, médisez, il en restera toujours quelque chose". (Rediff. vu 07.50)
13:20 - 14:00
Radiopolis
13.20 Notizblock an Trafic-Info
13.30 Krappschass & Co
E Buch virgelies vun der Initiativ Freed um Liesen
K.A. Nutzum: Hundewinter (Carlsen Verlag).
Radiopolis
Stonneplang : 13:20 - 14:00
13.20 Notizblock an Trafic-Info
13.30 Krappschass & Co
E Buch virgelies vun der Initiativ Freed um Liesen
K.A. Nutzum: Hundewinter (Carlsen Verlag).
14:00 - 15:30
Klassik fir Jonker
Klassesch Musek ass eben ëmmer hip:
Motoresch, dat ass e Begrëff, deen an der klassescher Musek ëmmer erëm benotzt gëtt. Wat verstoppt sech dohanner? De Remy Franck presentéiert 'motoresch' Musek vum Prokofiev, Liszt, Honegger a Mossolov.
Klassik fir Jonker
Stonneplang : 14:00 - 15:30
Klassesch Musek ass eben ëmmer hip:
Motoresch, dat ass e Begrëff, deen an der klassescher Musek ëmmer erëm benotzt gëtt. Wat verstoppt sech dohanner? De Remy Franck presentéiert 'motoresch' Musek vum Prokofiev, Liszt, Honegger a Mossolov.
15:30 - 16:00
Schülerradio
De Radio vu Schüler vum Campus Geeseknäppchen.
Thème prévus :
Spectacle 2012 du LMRL : "Frankenstein" et "Antigone"
Après le succès des années précédentes, le lycée Michel Rodange organise de nouveau un spectacle au "Forum" du campus Geesseknäppchen les 1, 2 et 3 mars 2012. Les élèves de l'option musique vous proposeront la comédie musicale "Frankenstein" et l'équipe théâtrale du lycée vous propose la pièce de théâtre "Antigone" de Jean Anouilh. Nous avons interrogé Maryse Pündel et Vicky Ternes, professeurs au LMRL. Vous pouvez dès à présent réserver vos billets sur www.lmrl.lu.
Safer Internet Day 2012
Traditionnellement a lieu au mois de février le "Safer Internet Day"; la journée consacrée à la sécurité sur Internet. Cette année le "Safer Internet Day" est placé dans le contexte de "Générations connectées : Découvrir Internet ensemble, c’est plus sûr !". Nous avons interrogé Judith Swietlik du SNJ (service national de la jeunesse) sur le programme du "Safer Internet Day 2012". Vous trouverez plus d'informations sur : www.bee-secure.lu
2e édition du festival du film "Discovery Zone"
Enfin, nous vous ferons découvrir le programme du festival du film "Discovery Zone", qui se tiendra du 1er au 9 mars 2012, notamment à la Cinémathèque et à Utopia. Le festival vise avant tous les jeunes de 6-12 ans et les adolescents de 12-19 ans. Nous vous proposons une interview avec la coordinatrice du festival Diane Tobes.
Participants : Alain, Ted, Charles, Pierre, Lilly, Sam, Patrick, Thierry
Présentation : Mike et Chris
Coordination, production et réalisation : Alain Eilert
Schülerradio
Stonneplang : 15:30 - 16:00

16:00 - 16:05
Noriichteniwwerbléck
Meteo an Noriichteniwwerbléck
Noriichteniwwerbléck
Stonneplang : 16:00 - 16:05
Meteo an Noriichteniwwerbléck
16:05 - 18:00
Lollypopp
Labber a gutt gelaunt duerch de Samschdegnomëtteg.
Mam
- Kulturtip: net klassesch Musek: En Donneschdeg, den 9. Februar invitéiert d’Escher Kulturfabrik op eng Soirée mat zwou Formatiounen, déi bei de britesche Labelen Tru Thoughts an Ninja Tune ënner Vertrag sinn. Ënnerstëtzt gi si vu Monophona vu Lëtzebuerg. Den Yves Stephany mam Musekstip vun der Woch
(Rediff. vun donneschdes, 17.40)
- Cd-Tip vun der Woch
- Kult Corner (Kino, Bicher, BDen, Placken…)
- Event Tip
- Live-Invitéen
- Dossier Internet
- Dossier Musek History
mat vill ofwiesslungsräicher Musek aus modernem Pop, Rock, Dance an Elektro.
Animéiert vum Mike Tock
mat um 17.00 der Meteo an dem Noriichteniwwerbléck.
Lollypopp
Stonneplang : 16:05 - 18:00
Labber a gutt gelaunt duerch de Samschdegnomëtteg.
Mam
- Kulturtip: net klassesch Musek: En Donneschdeg, den 9. Februar invitéiert d’Escher Kulturfabrik op eng Soirée mat zwou Formatiounen, déi bei de britesche Labelen Tru Thoughts an Ninja Tune ënner Vertrag sinn. Ënnerstëtzt gi si vu Monophona vu Lëtzebuerg. Den Yves Stephany mam Musekstip vun der Woch
(Rediff. vun donneschdes, 17.40)
- Cd-Tip vun der Woch
- Kult Corner (Kino, Bicher, BDen, Placken…)
- Event Tip
- Live-Invitéen
- Dossier Internet
- Dossier Musek History
mat vill ofwiesslungsräicher Musek aus modernem Pop, Rock, Dance an Elektro.
Animéiert vum Mike Tock
mat um 17.00 der Meteo an dem Noriichteniwwerbléck.
18:00 - 18:20
Owes-Panorama
National an international Noriichten. (Rediff. um 22.00)
Owes-Panorama
Stonneplang : 18:00 - 18:20
National an international Noriichten. (Rediff. um 22.00)
18:20 - 18:30
Den nationale Wochespigel
D’Presentatioun vum Gesetzesprojet fiir d’Pensiounsreform, de Bilan vun der Immigratioun vun 2011 a Personalfroen hunn d’Aktualitéit zu Lëtzebuerg dës Woch dominéiert. Donievt krut d’Affär Bommëléer gëschter awer och neie Schwong. Engersäits gouf nach eemol no de verschwonnene Beweisstécker gefroot, dann huet d’lëtzebuerger Wort Deeler vun der Ukloschrëft verëffentlecht. Den nationale Wochespiggel, mam Francois Aulner.
(Rediff. vun 8.20)
Den nationale Wochespigel
Stonneplang : 18:20 - 18:30
D’Presentatioun vum Gesetzesprojet fiir d’Pensiounsreform, de Bilan vun der Immigratioun vun 2011 a Personalfroen hunn d’Aktualitéit zu Lëtzebuerg dës Woch dominéiert. Donievt krut d’Affär Bommëléer gëschter awer och neie Schwong. Engersäits gouf nach eemol no de verschwonnene Beweisstécker gefroot, dann huet d’lëtzebuerger Wort Deeler vun der Ukloschrëft verëffentlecht. Den nationale Wochespiggel, mam Francois Aulner.
(Rediff. vun 8.20)
18:30 - 19:00
Rendezvous mam Buch
Neies a Passionnantes aus der nationaler an internationaler Bicherwelt. Buchrezensiounen an Diskussioune mat Auteuren. Presentéiert vum Jean Claude Majerus.
An eisem Rendezvous mam Buch gëtt et zimlech philosophesch, dono geet et ëm d’Europeana, an um Enn steet den Auteur vum Oliver Twist am Mëttelpunkt.
(Rediff. um 22.30)

19:00 - 19:30
Figures littéraires phares
Leider kënne mer Iech net wéi am Programm annoncéiert d’Emissioun iwwer de Personnage vum Commissaire Maigret beim belsche Schrëftsteller Goergoes Simenon ze lauschtere ginn. Mir proposéieren aus der Série Evocations vun der Saison 2008/2009 iwwerschriwwen : Den André Gide zu Diddeleng an zu Colpech. Vun all deene Schrëftsteller, Philosophen, Politiker an Artisten, déi den Émile an d’Aline Mayrisch-de Saint-Hubert an hirer Villa zu Diddeleng an dunn an hirem Schlass zu Colpech empfaangen hunn, ass den André Gide dee bekanntesten. Hien huet net fir näischt 1949 den Nobelpräis fir Literatur kritt. Mä zu den Zäite vun der Koppel vu Lëtzebuerger Mäzene war hien eréischt amgaang, seng Carrière opzebauen. Als hyperdouéiert Autodidactin an als konschtinteresséiert Fra aus guttbiergerlechem Milieu, huet d’Aline Mayrisch d’Enstoe vu sengem Wierk vun Ufank u verfollegt. Si huet schonns fréi Rezensiounen dozou geschriwwen, de Gide huet si als Autorin an d’Nouvelle Revue française ophuele gelooss, wou si als Vermëttlerin tëscht Frankräich, der Belsch an Däitschland hir Roll als polyglott Lëtzebuergerin spille konnt. Mam Auteur vun den "Nourritures terrestres" a vun de "Faux-monnayeurs" hat si eng faszinant intellektuell Frëndschaft, jo scho bal eng Komplizitéit, och wann, op reng mënschlechem Plang, de Fransous, dee «le contemporain capital» genannt ginn ass, si eigentlich huet missen enttäuschen. De Frank Wilhelm erënnert un dës grouss Zäit, wou Lëtzebuerg, dank zwee räichen, intelligenten a generéise Leit, Uschloss fonnt hat un déi modern Zäit am éischten Drëttel vum viregte Joerhonnert. (Rediff. vun 09.05)
Figures littéraires phares
Stonneplang : 19:00 - 19:30

19:30 - 20:30
Konferenzen
Am Kader vum Zyklus “Musikerziehung in Luxemburg”, dee vun der Universitéit Lëtzebuerg an der “Luxembourg Society for Music Education” organiséiert gëtt, war den 10. Dezember 2011 am Escher Conservatoire eng Konferenz, wou et ëm d’Musek an der Spillschoul an d’Zesummenaarbecht tëscht der Schoul an de Museksschoulen am Beräich “Enseignement Musical” gaangen ass, mat Virträg vum Leopold Winandy, Carola Ehrt a Martin Folz. Presentéiert vum Guy Engels.
Konferenzen
Stonneplang : 19:30 - 20:30

20:30 - 22:00
Ikarus
Nom ausverkaafte Concert vum 24. September 2011 an der grousser Demande vun hire Fannen, mécht d'Isabelle de Truchis de Varennes mam Kënschtlernumm ZAZIE, nach eng Kéier de 15. Februar Statioun am Atelier zu Lëtzebuerg, fir hire leschten Album "Za7ie" ze presentéieren. Och wann d‘Texter an d‘Themen op "Za7ie" net vill changéiert hunn, ass d'Zazie um musekalesche Plang e méi grousse Risiko agaangen, fir en aussergewéinleche sonoren Universum ze kreéieren, deen elektronesche Sound mat akusteschem mëscht, an de Piano mat orientalesche Kläng bestuet. Eng Emissioun vum Christiane Marx.(Rediff. mëttwochs um 23.00)
Ikarus
Stonneplang : 20:30 - 22:00
Nom ausverkaafte Concert vum 24. September 2011 an der grousser Demande vun hire Fannen, mécht d'Isabelle de Truchis de Varennes mam Kënschtlernumm ZAZIE, nach eng Kéier de 15. Februar Statioun am Atelier zu Lëtzebuerg, fir hire leschten Album "Za7ie" ze presentéieren. Och wann d‘Texter an d‘Themen op "Za7ie" net vill changéiert hunn, ass d'Zazie um musekalesche Plang e méi grousse Risiko agaangen, fir en aussergewéinleche sonoren Universum ze kreéieren, deen elektronesche Sound mat akusteschem mëscht, an de Piano mat orientalesche Kläng bestuet. Eng Emissioun vum Christiane Marx.(Rediff. mëttwochs um 23.00)
22:00 - 22:20
Owes-Panorama
National an international Noriichten. (Rediff. vun 18.00)
Owes-Panorama
Stonneplang : 22:00 - 22:20
National an international Noriichten. (Rediff. vun 18.00)
22:20 - 22:30
Den nationale Wochespigel
(Rediff.)
Den nationale Wochespigel
Stonneplang : 22:20 - 22:30
(Rediff.)
22:30 - 23:00
Rendezvous mam Buch
Reprise vum Kulturmagazin.
Rendezvous mam Buch
Stonneplang : 22:30 - 23:00
Reprise vum Kulturmagazin.
23:00 - 1:00
Rockultur
D‘Geschwëster Kitty, Daisy & Lewis sinn en Trio vu London. Si benotzen traditionell Instrumenter a vermëschen ale Blues, modernen Twist a Ska-Rythmen, e Cocktail dee freedeg an danzbar Athmosphären à la 50ies erëmgëtt, e Vermësche vu wäissen a schwaarze Rhythmen, déi keen onberéiert loossen. Presentéiert vum Cynthia Hornick. (Rediff. vu freides 20.00)
Rockultur
Stonneplang : 23:00 - 1:00
D‘Geschwëster Kitty, Daisy & Lewis sinn en Trio vu London. Si benotzen traditionell Instrumenter a vermëschen ale Blues, modernen Twist a Ska-Rythmen, e Cocktail dee freedeg an danzbar Athmosphären à la 50ies erëmgëtt, e Vermësche vu wäissen a schwaarze Rhythmen, déi keen onberéiert loossen. Presentéiert vum Cynthia Hornick. (Rediff. vu freides 20.00)
1:00
Notturno
A journey into ambient groove (ambient, trip hop, new age)
Notturno
Stonneplang : 1:00
A journey into ambient groove (ambient, trip hop, new age)
05/02/2012
8:00 - 8:30
Kantat
Mat sakraler Musek gëtt de Sonndeg agelaut. Um 5. Sonndeg am Joreskrees steet dem Johann Sebastian Bach seng Kantat BWV 92 - Ich hab in Gottes Herz und Sinn, komponéiert fir Septuagesimae, um Programm. Eng Emissioun presentéiert vum Luc Nilles. (Rediff. um 20.00)
Kantat
Stonneplang : 8:00 - 8:30

8:30 - 9:30
Riicht eraus
4 Deeg no senger Vereedegung als neie Wirtschaftsminister ass den Etienne Schneider Invité an der Emissioun Riicht eraus.
De Jean-Claude Franck schwätzt mam 41-Joer alen LSAP-Politiker iwwer d’Prioritéite vum neie Minister, iwwer seng Léisungsvirschléi fir eng méi kompetitiv Économie an iwwer seng Pläng fir de Sozialdialog ze relancéieren.
Moderatioun: Jean-Claude Franck.
(Rediff. vu samschdes, 12.05)
mat um 09.00 engem Noriichteniwwerbléck
Riicht eraus
Stonneplang : 8:30 - 9:30

9:30 - 10:30
Geschichtsarchiv
Mir halen Noperschaft
… mat deenen zwee Länner, deels gutt, deels opréiesch an heinsdo guer keng Noperschaft. Mer hu seele mat „BeNe“ genopert, souguer wann et ëm gemeinsam Mënzen, Frangen an Douane goung, mer waren awer ëmmer noperlech. `t ass eng Zesumme-Geschicht net eréischt zënter 1815, mä vu virun Honnerte vu Joren un. Jo méi, wann een dem Caesar gleewe soll. Be, Ne a mer, dat ass eng regional Geschicht, déi nalaang keng „commune“ ass, am béide Sënn vum Wuert: keng gewéinlech a keng kollektiv. Dacks eng vun diplomateschen Intrigen a politeschem Verrot.
„Lëtzebuerg a BeNeLux“, eng belschhollänneschlëtzebuergesch Geschicht uechter Joerhonnerten am Zäitvergläich. E Geschichtsarchiv op gutt (?) Noperschaft, vum Roger Seimetz. (Rediff. um 1900)
Geschichtsarchiv
Stonneplang : 9:30 - 10:30

10:30 - 12:00
Concert
Live-Matschnëtt vun de Solistes Européens, Luxembourg (SEL) de 16.1.2012 am Auditorium vun der Philharmonie um Kirchbierg.
Direktioun: Christoph König
Solist: Alban Gerhardt, Cello
Um Programm:
Gabriel Fauré: Masques et Bergamasques op.112;
Camille Saint-Saëns: 1. Celloconcerto a la mineur op.33;
Arthur Honegger: Celloconcerto
An eng Iwwerraschung fir dat lescht Wierk um Programm, deen ënnert dem Motto “Vive la France” stoung.
Presentéiert vum Manuel Ribeiro. (Rediff. mëttwochs um 14.05)

Alban Gerhardt
©Thomas Rabsch
Concert
Stonneplang : 10:30 - 12:00
Live-Matschnëtt vun de Solistes Européens, Luxembourg (SEL) de 16.1.2012 am Auditorium vun der Philharmonie um Kirchbierg.
Direktioun: Christoph König
Solist: Alban Gerhardt, Cello
Um Programm:
Gabriel Fauré: Masques et Bergamasques op.112;
Camille Saint-Saëns: 1. Celloconcerto a la mineur op.33;
Arthur Honegger: Celloconcerto
An eng Iwwerraschung fir dat lescht Wierk um Programm, deen ënnert dem Motto “Vive la France” stoung.
Presentéiert vum Manuel Ribeiro. (Rediff. mëttwochs um 14.05)

Alban Gerhardt
©Thomas Rabsch
12:00 - 12:20
Mëttes-Panorama
National an international Noriichten.
Mëttes-Panorama
Stonneplang : 12:00 - 12:20
National an international Noriichten.
12:20 - 12:30
Kulturbäitrag
Et war en interessante Musekrendez-Vous e Freideg den Owend am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg mat der Opféirung vum Jean-Pierre Kemmer senger Johannespassioun, mat vill Matwirkenden op der Bühn : de lëtzebuerger Coeur national, les Amis du chant, den Ensemble Vocal Euterpe, de Chorus Salicti Ambitus, den OPL Orchester mat de Soliste Marcel Reijans, Michael Tews a Josiane Franck. Dat Ganzt ënnert der Leedung vum Micha Hamel. Eng Kritk vum Pierre Neyens.

12:30 - 12:35
Noriichteniwwerbléck
Stonneplang : 12:30 - 12:35
12:35 - 13:00
Rendezvous um Kiosk
De Forum vun der lëtzebuerger Blos- a Chouermusek. Dir héiert lëtzebuerger Harmonien, Fanfaren a Choralen. Presentéiert vum Manuel Ribeiro.
D’Walfer Musek feiert dës Saison hiren 100sten Anniversaire an presentéiert de Programm vun hire Feierlechkeeten.
D’Strëpp vun der Sandweiler Musek proposéiert dëst Joer nees en originelle Concert an der Kierch zu Sandweiler den 12te Februar um halwer 5.
E Concert ënnert dem Moto : Strëpp at Church.
(Rediff. um 18.30)
Rendezvous um Kiosk
Stonneplang : 12:35 - 13:00

13:00 - 15:00
Aus dem Musekssall
Sinfonesch Blosmusek, interpretéiert vun Harmonien a Fanfaren aus dem In- an Ausland.
Um Programm sti grouss Highlighten aus der Klassik mam faméisen Tokyo Kosei Wind Orchestra. Stécker vu Respighi, Verdi a Gabrieli, wéi och grouss original sinfonesch Bloswierker vum Alfed Reed. Presentéiert vum Manuel Ribeiro.
(Rediff. dënschdes um 20.00)
Aus dem Musekssall
Stonneplang : 13:00 - 15:00
Sinfonesch Blosmusek, interpretéiert vun Harmonien a Fanfaren aus dem In- an Ausland.
Um Programm sti grouss Highlighten aus der Klassik mam faméisen Tokyo Kosei Wind Orchestra. Stécker vu Respighi, Verdi a Gabrieli, wéi och grouss original sinfonesch Bloswierker vum Alfed Reed. Presentéiert vum Manuel Ribeiro.
(Rediff. dënschdes um 20.00)
15:00 - 17:00
Thé Dansant
Eng musekalesch Rees an d’Vergaangenheet, déi a faarweg Klangwelten entféiert.
D’Emissioun léisst Lidder aus den 20er, 30er, 40er, 50er an de fréie 60er Joren nees opliewen, ob an der Original-Versioun oder an engem neien Outfit.
120' laang proposéiert d’Christiane Marx musekalesch Delikatessen, gewierzt mat Chanson, Variété, Jazz, Swing oder Valse Musette, verfeinert mat enger Prise Latin-Sound (Tango, Salsa, Rumba, Samba, Bossa-Nova)
Thé Dansant
Stonneplang : 15:00 - 17:00

17:00 - 17:05
Noriichten
Meteo an Noriichten.
Noriichten
Stonneplang : 17:00 - 17:05
Meteo an Noriichten.
17:05 - 18:00
Iwwer Land
Agreabel Musek, Noriichte vun dobaussen an heiheem, kulturell a lokal Evenementer an enger ongezwongener Ambiance.
17.20 Kulturevenement: De Guy May gëtt Informatiounen iwwert “FRANZ LISZT, LUXEMBURG UND DIE MUNKÁCSYS” eng Konferenz, déi en Dënschden den Owend am Cercle gehale gëtt. Hie schwätzt awer och iwwert säi Buch mam sellwechten Titel, dat 2011 erauskoum. (Rediiff muer um 08.35)
17.40 Kulturtip: klassesch Musek: Den Donneschdeg, 9ten a Freideg den 10te Februar proposéiert de Philharmoneschen Orchester e Concert an der Philharmonie mat um Programm Wierker vun Heinz Holliger a Robert Schumann. Solist ass den Thomas Zehetmair. Direktioun: Heinz Holliger. De klassesche Musekstip mam Manuel Ribeiro. (Rediff. vu samschdes 08.50)
mat uschléissend den Theme vum Kulturmagazin
17.50 Q wéi Kultur, K wéi Quiz
17.55 Programmiwwerbléck
17.59 Meteo
Iwwer Land
Stonneplang : 17:05 - 18:00
Agreabel Musek, Noriichte vun dobaussen an heiheem, kulturell a lokal Evenementer an enger ongezwongener Ambiance.
17.20 Kulturevenement: De Guy May gëtt Informatiounen iwwert “FRANZ LISZT, LUXEMBURG UND DIE MUNKÁCSYS” eng Konferenz, déi en Dënschden den Owend am Cercle gehale gëtt. Hie schwätzt awer och iwwert säi Buch mam sellwechten Titel, dat 2011 erauskoum. (Rediiff muer um 08.35)
17.40 Kulturtip: klassesch Musek: Den Donneschdeg, 9ten a Freideg den 10te Februar proposéiert de Philharmoneschen Orchester e Concert an der Philharmonie mat um Programm Wierker vun Heinz Holliger a Robert Schumann. Solist ass den Thomas Zehetmair. Direktioun: Heinz Holliger. De klassesche Musekstip mam Manuel Ribeiro. (Rediff. vu samschdes 08.50)
mat uschléissend den Theme vum Kulturmagazin
17.50 Q wéi Kultur, K wéi Quiz
17.55 Programmiwwerbléck
17.59 Meteo
18:00 - 18:20
Owes-Panorama
National an international Noriichten. (Rediff. um 22.00)
Owes-Panorama
Stonneplang : 18:00 - 18:20
National an international Noriichten. (Rediff. um 22.00)
Kulturbäitrag
Stonneplang : 18:20 - 18:30
18:30 - 19:00
Rendezvous um Kiosk
De Forum vun der lëtzebuerger Blos- a Chouermusek. Dir héiert lëtzebuerger Harmonien, Fanfaren a Choralen. Presentéiert vum Manuel Ribeiro.
D’Walfer Musek feiert dës Saison hiren 100sten Anniversaire an presentéiert de Programm vun hire Feierlechkeeten.
D’Strëpp vun der Sandweiler Musek proposéiert dëst Joer nees en originelle Concert an der Kierch zu Sandweiler den 12te Februar um halwer 5.
E Concert ënnert dem Moto : Strëpp at Church.
(Rediff. vun 12.35)

19:00 - 20:00
Geschichtsarchiv
Mir halen Noperschaft
… mat deenen zwee Länner, deels gutt, deels opréiesch an heinsdo guer keng Noperschaft. Mer hu seele mat „BeNe“ genopert, souguer wann et ëm gemeinsam Mënzen, Frangen an Douane goung, mer waren awer ëmmer noperlech. `t ass eng Zesumme-Geschicht net eréischt zënter 1815, mä vu virun Honnerte vu Joren un. Jo méi, wann een dem Caesar gleewe soll. Be, Ne a mer, dat ass eng regional Geschicht, déi nalaang keng „commune“ ass, am béide Sënn vum Wuert: keng gewéinlech a keng kollektiv. Dacks eng vun diplomateschen Intrigen a politeschem Verrot.
„Lëtzebuerg a BeNeLux“, eng belschhollänneschlëtzebuergesch Geschicht uechter Joerhonnerten am Zäitvergläich. E Geschichtsarchiv op gutt (?) Noperschaft, vum Roger Seimetz. (Rediff. vun 09.30)
Geschichtsarchiv
Stonneplang : 19:00 - 20:00

20:00 - 20:30
Kantat
Um 5. Sonndeg am Joreskrees steet dem Johann Sebastian Bach seng Kantat BWV 92 - Ich hab in Gottes Herz und Sinn, komponéiert fir Septuagesimae, um Programm. Eng Emissioun presentéiert vum Luc Nilles. (Rediff. vun 08.00)
Kantat
Stonneplang : 20:00 - 20:30
Um 5. Sonndeg am Joreskrees steet dem Johann Sebastian Bach seng Kantat BWV 92 - Ich hab in Gottes Herz und Sinn, komponéiert fir Septuagesimae, um Programm. Eng Emissioun presentéiert vum Luc Nilles. (Rediff. vun 08.00)
20:30 - 22:00
Classico
De Mozart 1778 an Holland bei der Prinzessin Caroline von Nassau. Eng Produktioun vu Radio Classique Bergem presentéiert vum Loll Weber. (Rediff. donneschdes um 14.05)
Classico
Stonneplang : 20:30 - 22:00
De Mozart 1778 an Holland bei der Prinzessin Caroline von Nassau. Eng Produktioun vu Radio Classique Bergem presentéiert vum Loll Weber. (Rediff. donneschdes um 14.05)
22:00 - 22:15
Owes-Panorama
National an international Noriichten. (Rediff. vun 18.00)
Owes-Panorama
Stonneplang : 22:00 - 22:15
National an international Noriichten. (Rediff. vun 18.00)
22:15 - 0:15
Concert Euroradio
E Live-Matschnëtt vun engem auslännesche Radio, Member an der UER, der Union Européenne de Radio-Télévision.
Live-Matschnëtt vum Koreanesche Radio an der Concert Hall zu Seoul den 23.07.2010.
Um Programm: Johannes Brahms:
Concerto fir Piano an Orchester Nr. 1 op.15;
Claude Debussy: La fille aux cheveux de lin;
Carl Orff: Carmina Burana
Stephen Hough, Piano
Hyeeong Kang, Sopran
Seil Kim, Tenor,
Dongseop Kim, Bariton.
Incheon & Ansan Civic Chorale
KBS Children's Choir
KBS Symphony Orchestra
Direktioun: Shinik Hahm.
Presentéiert vum Rémy Franck. (Rediff. vun donneschdes 20.00)
Concert Euroradio
Stonneplang : 22:15 - 0:15

0:15
Notturno
Eng klassesch musekalesch Rees duerch d'Nuecht.
Notturno
Stonneplang : 0:15
Eng klassesch musekalesch Rees duerch d'Nuecht.
©2012 radio 100,7 |
plang vum site |
live gelauschtert
Création du site web par VAlain S.A.