Neiegkeeten

Den Ament ginn et keng Neiegkeeten

dagesprogramm

22/05/2012

9:05 - 19:30

Politik a Gesellschaft am...

  Jidderen huet d’Recht op seng eege Meenungen, awer net op seng eegen Tatsaachen, sot den New Yorker Senateur Daniel Patrick Moynihan. Gëlt dat och nach haut, am Zäitalter vum vernetzte Wëssen, iwwert dat de David Weinberger a sengem Buch “Too Big to Know” schreift? Mat Fakten eleng kann een d’Leit net méi automatesch iwwerzeegen, behaapt de Mediefuerscher vun Harvard, soss kéint keen Amerikaner méi mengen, de Barack Obama wär a Kenia gebuer. Eng Emissioun vum Romain Kohn. (Rediff. um 19.30)


David Weinberger

19:30

Politik a Gesellschaft am...

Jidderen huet d’Recht op seng eege Meenungen, awer net op seng eegen Tatsaachen, sot den New Yorker Senateur Daniel Patrick Moynihan. Gëlt dat och nach haut, am Zäitalter vum vernetzte Wëssen, iwwert dat de David Weinberger a sengem Buch “Too Big to Know” schreift? Mat Fakten eleng kann een d’Leit net méi automatesch iwwerzeegen, behaapt de Mediefuerscher vun Harvard, soss kéint keen Amerikaner méi mengen, de Barack Obama wär a Kenia gebuer. Eng Emissioun vum Romain Kohn. (Rediff. vun 09.05)

23/05/2012

19:30

Alla breve

De Charles Münch (1891-1968).
No enger Carrière als Geiist, hie war Konzertmeister vum Leipziger Gewandhausorchester, huet de Charles Münch 1932 de Bou op d’Säit geluecht a sech fir d’Baguette decidéiert. (och an “En Haus voller Musek” de 24.5.)
De Charles Münch war laang Jore Chef vum Boston Symphony Orchestra an 1967 Matbegrënner vum Orchestre de Paris. Presentéiert vum Guy Engels.


Charles Münch

24/05/2012

9:05 - 19:30

En Haus voller Musek

D’Concertsgebai Gewandhaus zu Leipzig an 2 aner Virgängerbauten op anere Plazen, sinn zënter 1781 d’Residenze vum grousse Gewandhausorchester mat 175 Beruffsmuseker. Den aktuellen Dirigent ass den Italiener Riccardo Chailly.
Och de prestigiéise Gewandhausorganist, de Gewandhauschor a -Kinderchor a weider renomméiert Gewandhaus-Kammermuseksensemble sinn hei logéiert. Den Iwwerbléck mam Manuel Ribeiro.
(och a "Concert" den 23. an 28.5.) (Rediff. um 19.30)

19:30

En Haus voller Musek

D’Concertsgebäi Gewandhaus zu Leipzig an 2 aner Virgängerbauten op anere Plazen, sinn zënter 1781 d’Residenze vum grousse Gewandhausorchester mat 175 Beruffsmuseker. Den aktuellen Dirigent ass den Italiener Riccardo Chailly.
Och de prestigiéise Gewandhausorganist, de Gewandhauschor a -Kinderchor a weider renomméiert Gewandhaus-Kammermuseksensemble sinn hei logéiert. Den Iwwerbléck mam Manuel Ribeiro.
(och a "Concert" den 23. an 28.5.) (Rediff. vun 09.05)