radio 100,7
Donneschdeg, 5. November um 09.05 an 19.30
Lëtzebuergesch, quo vadis?
D’Orthographie


Am 2. Deel vun der Serie Lëtzebuergesch, quo vadis? um
radio 100,7 iwwert d’Lëtzebuergescht, geet et dësen Donneschdeg, 5. November um 09.05 an 19.30 ëm d’Orthographie:
vill Lëtzebuerger schreiwen Texter, Bréiwer, awer wuel méi nach E-Mailen, Smsen, etc. op Lëtzebuergesch, ouni sech un eng offiziell Orthographie ze halen, well se déi nie geléiert hunn. An dach gëtt et se! Wéi schreift een da richteg Lëtzebuergesch, wat sinn d’Haaptregelen? Zënter wéini gëtt et eng lëtzebuergesch Orthographie, a wéi huet se am Laf vun der Zäit geännert? Wat woren d'Grënn fir dës Changementer? U wéi enge Referenzwierker gouf sech orientéiert?

 Josy Braun 5.11.09

Iwwert d’Orthographie vun eiser Sprooch huet d’Cléo Thoma mam
Josy Braun, fräie Schrëftsteller, ë.a. Laureat vum Nationale Literaturconcours a vun der Actioun Lëtzebuergesch an Auteur vun der Orthographiesbrochure “Eis Sprooch richteg schreiwen”,