radio 100,7
Samschdeg, 21. November um 12.05
a Sonndeg, 22. November um 08.35
Riicht eraus: Michel Wolter

 


D’CSV huet zanter leschte Samschdeg mam Michel Wolter en neie President an de Marc Spautz gëtt neie Generalsekretär vun der Chrëschtlech sozialer Vollekspartei.
An deenen Méint virdru goufen d’Bezierkspresidenten nei gewielt. D’Strukture vun der CSV goufen erneiert. E Generatiounewiessel wéi et se an anere Parteie gouf, gëtt et bei der CSV fir den Ament net.

Wéi eng Politik wëllt de Michel Wolter a senger Partei féieren? Wéi eng Politik vertrëtt déi chrëschtlech sozial Vollekspartei haut? Wat geschitt no der Decisioun vum europäesche Conseil iwwert d’Verdeelung vun den neie Mandater? Wéi gesäit d’Successioun vum Premier Jean-Claude Juncker aus?

Iwwert ë.a. dës Froe souwéi iwwert d’Krisebewältegung an d'Problemer vun de Staatsfinanze gëtt um radio 100,7 an der Emissioun Riicht eraus mam Michel Wolter diskutéiert,
dëse Samschdeg, 21. November um 12:05 a
Sonndeg, 22. November um 08:35
.

Moderatioun: Carole Schimmer.