radio 100,7
Donneschdeg, 24. a Samschdeg, 26. Dezember
Deen aneren de la Fontaine um 09:05 an 19:30
Dicks sweet Dicks – Dicksit Dicks a wat d’Dicksiana Neits seet
Zu senger Zäit war den Dicks de super Mann am Theater. All d’Duerfclibb hunn "Op der Juegd" an "D’Kiermesgäscht" opgefouert, all Troterclub huet Dicks geblosen. Mam Land a senger Geschicht huet den de la Fontaine sech auserneegesat, huet iwwer iis Sprooch an iis Gebräicher gefuerscht a war Briedemes e godde Borgermeeschter. Housch et ëmmer.
Haut heescht et nëmméi sou. Haut houscht der gären een op „eisem“ Dicks seng Renommée, a mer gesinn Dicks an Dicksiana mat aneren, méi kriteschen Aen. D’Mémoire hëlt den Dicks erëm an hie gëtt vu senger Epoch a vu senge Leit anescht beliicht wéi bis elo.
An enger Spezialemissioun an 2 Deeler de 24. a 26. Dezember um 09:05 an 19:30 um radio 100,7 léiert Dir en aneren Dicks kennen, ee manner heroesche fir op d’Tête d’affiche ze setzen. E manner sympatheschen? Weess net! Loosst Iech iwwerraschen. Op jidde Fall méi en duerchschnëttsmënschlechen.
|