Samschdeg, 30. Januar 2010 um 09:05 an 19:30
Historesch Architektur zu Lëtzebuerg:
Schutze vum rezenten architektonesche Patrimoine

Schonn zënter laangem ass ee sech bewosst ginn, datt d’Verschwanne vun enger historesch wichteger Oder (dem Boulevard Royal) (an d’Ersetzen duerch dacks kontestabel modern Bauten) e grousse Verloscht fir den Architektur-Patrimoine vun der Stad war. Op aus vergaangene Feeler geléiert gouf, steet op, well ëmmer erëm ginn interessant eeler Gebeier ofgerappt, virun allem herrschaftlech Haiser aus dem 19./20. Joerhonnert, an och aus der Jugendstil Epoque! Ee vun de Grënn ass sécherlech, datt dëst Kulturierwen net richteg ageschat gëtt.

No der Serie iwwer déi historesch Architektur zu Lëtzebuerg um radio 100,7, gëtt an enger neier Serie de Bléck ë.a. fir dee méi rezenten historesche Patrimoine sensibiliséiert. Et geet vum Unerkennen, iwwert d’Schütze bis zur Restauréirung a Renovatioun. D’Maggie Steffen analiséiert an diskutéiert mat Autoritéiten, Historiker, Architekten, Associatiounen an Handwierker iwwert de Wat, Firwat an de Wéi vun der Theorie an der Praxis.

Invité am 1. Deel sinn dëse Samschdeg, 30. Januar um 09:05 an 19:30 de Guy Thewes, Conservateur am Geschichtsmusée vun der Stad an den Alain Linster vum Architektebüro m3.