radio 100,7
Sonndeg, 21. Februar um 09:30 an 19:00
Usiichten: «Romantik - Eine deutsche Affäre»

21.02.10 - Usiichten - Rüdiger Safranski  Rüdiger Safranski


D'Romantik an dat Romantescht (2. Deel)

No der Romantik als eng geeschteg Epoch ëm 1800, steet an der Emissioun “Usiichten” um radio 100,7 dëse Sonndeg, 21. Februar um 09:30 an 19:00 dat Romantescht als eng geeschteg Haltung, déi vill a Fro gestallt gouf an déi sech awer och ëmmer erëm behaapt huet, am Mëttelpunkt: beim Richard Wagner, beim Friedrich Nietzsche a senger Romantik vum Dionyseschen, an der Jugendbewegung, am Marxismus, am Nationalismus, am National-Sozialismus, am Martin Heidegger senger fataler politescher Romantik, mä och an der kritescher Theorie vun der Frankfurter Schoul an an der Mee 68er-Bewegung.

De Claude Schmit stellt heizou e Buch vum Rüdiger Safranski vir: «Romantik - Eine deutsche Affäre» an diskutéiert mat der Philosophin Julie-Suzanne Bausch.