radio 100,7
Samschdeg, 20. Februar um 12:05
a Sonndeg, 21. Februar um 08:35
Riicht eraus: Tom Conzemius
2010 ass dat internationalt Joer vun der Biodiversitéit an och d’Thema vum Mount Februar um radio 100,7.
Zu Lëzebuerg sinn Honnerte vun Déieren a Planzenzorte vum Ausstierwe bedreet.
Ass d'Politik sech deem bewosst, a wa jo, gëtt genuch gemaach, fir de Phänomen ze stoppen? Wou leit d'Responsabilitéit vum Eenzelnen? Wat kann déi lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga fir d'Sensibiliséirung maachen?
Dës an aner Froe stinn dëse Samschdeg, 20. Februar am Mëttelpunkt vun der Emissioun “Riicht eraus” um radio 100,7 vun 12:05 an 13:00. Invité ass de President vun der Natur- a Vulleschutzliga, den Tom Conzemius.
Moderatioun: Sophie Morang.
«Riicht eraus» gëtt sonndes um 08:35 rediffuséiert.
|