radio 100,7
Samschdeg, 6. Mäerz um 12:05
a Sonndeg, 7. Mäerz um 08:35
Riicht eraus: Emile Haag
Enn des Mounts si Sozialwahlen am ëffentlechen Déngscht. Déi 27 Membere vun der Chambre des Fonctionnaires et Employés Publics ginn nei gewielt. D’Fonction Publique steet de Moment ënner Drock: Accord Salarial, Gehälterreform, eventuell Austeritéitsmesurë beim Staat am Kontext vun der Kris, eng Rei vun Acquise stinn an der Diskussioun.
Iwwert d’Stëmmung an der Fonction Publique an iwwert d’Enjeue vun de Beruffschamberwahlen am Ëffentlechen Déngscht geet Rieds dëse Samschdeg, 6. Mäerz vun 12:05-13:00 an der Emissioun Riicht eraus um radio 100,7 mam President vun der Chambre des Fonctionnaires et Employés Publics a CGFP-President Emile Haag.
Mam Historiker a laangjähregen Direkter vum Stater Kolléisch gëtt och e Bléck op d’Wochenaktualitéit geworf.
Moderatioun: Jean-Claude Wolff
«Riicht eraus» gëtt sonndes um 08:35 rediffuséiert.
|