Neiegkeeten

25/01/2012

Editorial Februar 2012

radio 100,7 lauschtere lount sech, och am neie Joer >>

All Neiegkeete weisen

Neiegkeeten

EDITORIAL MÄERZ 2010

<< Zréck op der Lëscht vun den Neiegkeeten

Den 25/02/2010

De Medium Radio ass bei jonke Leit ganz populär. Sécher, et gëtt mam Internet an aneren neien Technologië weider Medie fir Musek, och fir sech säin eegene Musekmix zesummenzestellen, mä de gudde Radio bleift «in».
Kee Wonner wa vill jonk Mënsche Radio wëlle maachen. An enger Rei Lycéeën gëtt et hausintern Radioen, déi vu Schüler animéiert ginn, deels ënner der Opsiicht vu Professeren, deels an Eegeregie.
radio 100,7 ass der Nofro vun e puer Lycéeën nokomm an diffuséiert zënter Jore samschdes mëttes vu 14.00-14.30 d’Emissioun “Schülerradio”. Zu Wuert kommen d’Schüler vum Wëlzer Lycée, Dikkrecher Kolléisch, Campus Geesseknäppchen a Lycée Technique des Arts et Métiers.
Vu Mäerz u kënnt nach den Uniradio derbäi. Wuel goufen et scho virdrunn Usätz fir esou e Radio, mä elo ass deen an der Sektioun «Lëtzebuerger Studien» an de Léierplang agebaut ginn a wäert zesumme mat Mataarbechter vum radio 100,7 fir eis Antenn realiséiert ginn.
Bei dësem Uniradio geet et drëms, fir iwwert déi nach jonk Universitéit z’informéieren an doriwwer eraus Themen aus der Gesellschaft opzegreifen, déi d’Studenten vun der Universitéit interesséieren. Déi éischt Emissioun geet Samschdeg, de 6. Mäerz, vu 14.00-14.30, op Antenn.
Mam Mount Mäerz weist sech lues a lues d’Fréijoer. Kee Muttwëll deemno, och de Programm vum radio 100,7 eng Grëtz opzefrëschen.
Mir wënschen eng gutt Ecoute beim Uniradio, eemol am Mount, samschdes um 14.00 Auer, just viru Lollypopp, däer neier Emissioun fir all déi, déi jonk sinn oder sech esou fillen!
Fernand Weides, Direkter