Neiegkeeten

25/01/2012

Editorial Februar 2012

radio 100,7 lauschtere lount sech, och am neie Joer >>

All Neiegkeete weisen

Neiegkeeten

EDITORIAL September 2010

<< Zréck op der Lëscht vun den Neiegkeeten

Den 08/09/2010

EDITORIAL

Méi «live» op der Antenn!

An der neier Saison gëtt et vill Neies! Fir d’éischt emol eise Programm elo per ASTRA-Satellit z’ëmpfänken. Méi dozou an den Nouvellen um Site.

Fir d’Saison 2010/2011 bitt de radio 100,7 nieft dem “Bewährten” e puer Neierungen. D’Tranche vun 11.00 Auer un ass méi op “live” getrimmt, d’Magaziner vu bis elo ginn diversifiéiert an op 2 Tranche verdeelt (11.10 an 13.10). Fir de Programm um Weekend méi lieweg ze maachen, hu mer souwéi samschdes mat “Lollypopp” (dës Emissioun gëtt zäitlech eng Grëtz geréckelt) och sonndes mat “Iwwer Land” eng “Live-Emissioun” mat vill Musek an Informatiounen aus Kultur, Lokalem a Gesellschaft.

Fest etabléiert bleiwen eis Tranchë mat Vermëtttlung vu Wëssen (dënschdes bis samschdes) an d’Thema vum Mount um Méindeg, all kéiers um 9.05 Auer (Reprise um 19.05), awer och eis thematesch Kulturmagaziner owes um 18.30 mat Reprise um 22.30.

Méi “live” hu mer gesot, dofir och méi “Noriichte live an aktuell”, an dëst nei um 14.00, 16.00 an um 19.00 Auer.

Dossieren, Magaziner, Hannergrondgespréicher, de “Riicht eraus” an eis “Wëssenstranche” suerge weiderhi fir Qualitéit an interessante «content»: kuerz e Programm mat méi wéi engem Plus.

D’Qualitéit bleift konstant, och an der Musek, wou mer mat neien a bekannten Emissioune fir eng breet Offer suergen. De Programm erneiert sech natierlech, well d’Gesellschaft dobausse changéiert an d’Gewunnegte vun den Nolauschterer evoluéieren.

All Mount en neit Thema, fest Rubriken op gewinnte Plazen, vill Hannergrond a méi aktuell Noriichten aus Politik, Wirtschaft, Gesellschaft a Kultur, dat ass de Stoff aus deem eise Programm an der nächster Saison gemaacht ass.

An desëm Sënn eng flott a gutt Ecoute, egal via wellech Technik Dir de radio 100,7 lauschtert!

Fernand Weides

Direkter

Alleguer d'Ännerungen op ee Bléck als PDF

D'Ännerungen am Radiopolis als PDF