Neiegkeeten

Den Ament ginn et keng Neiegkeeten

Neiegkeeten

Editorial Februar 2012

<< Zréck op der Lëscht vun den Neiegkeeten

Den 25/01/2012

Mam Neijoerschconcert mat de Wiener Philharmoniker, deen de radio 100,7 live vu Wien iwwerdroen huet, ass d’Joer 2012 op eiser Antenn musekalesch agelaut ginn. Dat ass en Zeeche vun eisem internationalen Engagement fir gutt Klassik, awer och d’Resultat vun eiser Memberschaft an der UER (Union Européenne de Radio-Télévision), en Zesummeschloss vun allen ëffentlech-rechtleche Radioen an Televi-siounen an Europa an doriwwer eraus.

Mëtt Januar hu mer de lëtzebuerger Grupp Heartbeat Parade op de groussen EUROSONIC Music Festival op Groningen geschéckt, en Indiz fir d’musekalescht Engagement vum Radio iwwer déi klassesch Musek eraus. Bedenkt een, datt de radio 100,7 zënter laange Jore mat groussem Succès dem Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg seng Concerten am Réseau EURORADIO verdeelt an dobäi Milliounen Nolauschterer fir dësen Orchester unzitt an och den Iechternacher Festival zënter geraumer Zäit feste Bestanddeel vum Euroradio Summerfestival vun der UER ass, gëtt kloer, de radio 100,7 ass e wichtegt Instrument am Museksexport vu Lëtzebuerg aus.

Duerch dem Radio säin UER-Bäitrëtt 1997 ass dat méiglech gemaach ginn. Weider musekalesch Initiative sinn an de kommende Jore geplangt, ë.a. am Oktober 2013 d’Organisatioun vum europäesche Chouerconcours “Let The Peoples Sing” zu Lëtzebuerg.

Am Juni ginn et 20 Joer, datt déi reglementaresch Basis fir den Opbau vum radio 100,7 geluecht gouf, och ass deemools den 1. Verwaltungsrot aberuff ginn. Mëttlerweil ass de radio 100,7 e “Stéck Lëtzebuerg” an aus der Medienzeen, dem Kulturliewen a besonnesch dem Museksliewen net méi ewech ze denken.

De radio 100,7 ass esou gewuess, datt en Enn dëses Joers an en neit Gebai um Kierchbierg plënnere wäert a muss. Mount fir Mount gräife mer Themen op, déi aus ënnerschiddleche Bléckwénkele beliicht ginn, bleiwen natierlech och um Ball an der Aktualitéit mat Noriichten aus dem Sozialem, Politik, Wirtschaft, Gesellschaft a Kultur, déi mer am Geescht vun eisem Optrag esou breet wéi méiglech fächeren.

Dofir, radio 100,7 lauschtere lount sech, och am neie Joer.
Fernand Weides
Direkter