Neiegkeeten

13/05/2013

Richard Wagner (22.5.1813-13.2.1883)

Spezial Emissiounen am Kader vum 200. Anniversaire vum Museker >>

12/05/2013

CD ze gewannen: Op der Schmez Live

am Kader vu "Blue Note" an CD-Jazz den 20. Mee 2013 >>

25/04/2013

Thema vum Mount Mee 2013

Ee Mount, een Thema: Europa >>

All Neiegkeete weisen

Neiegkeeten

EDITORIAL JUNI 2012

<< Zréck op der Lëscht vun den Neiegkeeten

Den 25/05/2012

Wéi den 19. September 1993 de radio 100,7 op Antenn gaangen ass, gouf de Startschoss owes am Kader vun enger Feier ginn, de Programm huet dee-mools all Dag mëttes um 14:30 Auer ugefaangen. Mueres war d’Frequenz vun RTL beluecht, nomëttes gouf de soziokulturelle radio op “100,7” diffuséiert.

Den 1. Juni 1997 war et esou wäit. Aus dem soziokulturellen Hallefdaagsprogramm gouf e Vollprogramm “24 Stonnen op 24”. Dësen 1. Juni ginn dat 15 Joer, doru soll erënnert ginn, well e Radio ass e Medium, dat ronderëm d’Auer funktionéiere soll.

Sengem Public, deen am Laf vun de Joren ëmmer méi grouss ginn ass, bitt de radio 100,7 zu all Moment Noriich-ten, Kultur, Musek an Divertissement. An dëser Zäit ass de radio 100,7 e Stéck vu Lëtzebuerg a vu senger Kultur ginn.

Doriwwer eraus soll drun erënnert ginn, datt et de Verwaltungsrot an domat déi administrativ Grondstruktur vum “Eta-blissement de Radiodiffusion Socioculturelle” zënter 20 Joer gëtt. Eischten a bis elo eenzege President war an ass de Pierre Gehlen, dee mat Kompetenz, Gedold, Ëm- a Wäitsiicht dëse Verwaltungsrot presidéiert huet.

Mir soen e grousse Merci.

De radio 100,7 steet virun enger neier wichteger Etapp. Am Dezember 2012 sollen nei Studioen, déi dem leschte Stand vun der Technik entspriechen, a Betrieb geholl ginn. Bis dohin ass nach vill Aarbecht ze leeschten an et gëllt de Summerprogramm an dee vun der Saison 2012-2013 qualitativ héichwäerteg ze halen an ze realiséieren, res-pektiv ze plangen.

Fernand Weides

Direkter