radio 100,7 -

dagesprogramm

09-03-2010

6:00 - 7:00

Virum Dag

De Moiesmagazin um 100,7 mat engem Noriichteniwwerbléck all hallef Stonn, um 07.00 an 08.00 Panorama, den Noriichtemagazin
06.00 Noriichteniwwerbléck
06.05 Programmiwwerbléck
06.15 endlech dem Danzpartner an d’Ae kucken, amplaz just op de Kapp erof: dat ass am KLM méiglech (Klub vun de laange Mënschen) 
06.25 haut op engem ...
06.30 Meteo an Noriichteniwwerbléck
06.40 e Samschteg geet di grouss Arteschutzkonferenz zu Doha un
06.45 Notizblock
06.50 Kulturtip: Konscht: Exit07 a CarréRotondes zu Hollerech hunn niewt ville Manifestatiounen och en Expositiounsprogramm. Mat der Ausstellung «Mapping August» gëtt de Beräich vun der Infografik présentéiert an och gläichzeiteg hannerfrot. D’Expositioun dauert nach eng Weilchen, mee haut den Owend gëtt de Katalog virgestallt an ëm halwer siewen schwätzt de Sven Ehmann, artisteschen Direkter vu Gestalten, Berlin, zum Thema «Simplexity – Start Making Sense». Eise Konschttip mam Fernand Weides.  (Rediff. um 08.50)
06.59 Meteo
 

7:00 - 7:15

Moies-Panorama

enregistréieren

National an international Noriichte mam Commentaire (Rediff. géint 08.10).

7:15 - 7:35

Virum Dag

07.20 Kulturbäitrag: 2010 ass ee klenge Jubiläum fir den Iechternacher Festival, dee säi 35. Gebuertsdag feiert.D’Ouverture mécht dee polnesche Pianist Krystian Zimerman mat engem Chopin-Programm de 17. Mäerz. Richteg lass geet et da mam Festival den 29. Mee – mat 14 Concerten am klassesche Beräich a 6 Concerten am Volet Jazz.

Detailer iwwert d’Programmatioun an een éischte Bilan vun deem neie Programmkonzept gouf et gëschter op enger Pressekonferenz. De Guy Engels iwwert den Iechternacher Festival 2010.
07.30 Meteo, Noriichteniwwerbléck an Trafic-Info

7:35 - 7:50

Invité virum Dag

enregistréieren

haut ass den zweete Module vun de „mardis de la propriété intellectuelle", déi vu Luxinnovation an der Chambre de Commerce organiséiert ginn. Am Internetzäitalter huet esou munchereen den Androck wéi wann d’Resultat vun intellektueller (an och kënschtlerescher) Aarbecht iwwerall an ëmmer fräi zougänglech misst sinn. D’Isabelle Schlesser vu Luxinnovation an de Lex Kaufhold vum Office de la Propriété Intellectuelle ginn eis Informatiounen iwwert e Beräich am Embroch
 

7:50 - 8:00

Virum Dag

07.50 Kulturkronik: D’Leipziger Buchmesse ass fir d’Literatur- a Medienbranche ee vun de wichtegste literaresche Rendez-vouse vum Fréijoer. No Frankfurt ass et déi zweet grouss Rentrée um Bichermaart. De Schwéierpunkt läit hei allerdéngs méi op der Promotioun vun Auteuren a Bicher, vu Nei-Publikatiounen an innovativen Trends um däitschsproochegen an europäesche Marché. Vum 18. Mäerz un trëfft sech nees alles wat Rang an Numm huet zu Leipzig. De Focus wäert dëst Joer besonnesch stark op déi 18. Joer jonk an extrem kontroverséiert Autorin Helene Hegemann geriicht sinn. De Shooting-Star vun der neier däitscher Literatur ass fir de Buchpräis nominéiert. Iwwer hir stark mediatiséiert Plagiat-Affär gouf bei engem virop männleche Literatur-Establishment am Virfeld well vill Tënt vergoss. Och de Claude Mangen mengt an eiser Kulturkronik e misst säi Pefferkär bäileeën. 
(Rediff. um 12.50)
07.59 Meteo
 

8:00 - 8:30

Moies-Panorama

enregistréieren

mam Commentaire (Rediff.) an de groussen nationalen an internationale Rendez-Vouse vum Dag
08.15 Presserevue
08.20 Dossier vum Dag: „ChocolaTRI“ heescht, wa sozial a fair Hand an Hand ginn. 

Dëst geschitt zanter dem leschten November zu Bissen. Am Centre Jean Heinesch vum Tricentenaire zielt TRANSFAIR-MINKA neierdéngs e Chocola’s-Fabrikant zu senge Partner. D’Cooperativ „ChocolaTRI” vum Tricentenaire verschafft natierlech nueren ,Fairtrade Schokola’. De fairen Schokola gëtt an den „ateliers protégés“ vum Marc Schneider ënnert der Mathëllef vu behënnerte Matmënschen fabrizéiert. Méi zu dësem sozialen a fairen Projet héiert Der am Dossier vum J-Pol Roden.  (Rediff. um 12.20)

8:30 - 9:00

Virum Dag

08.30 Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info
08.35 Kulturevenement: de Gilles Wunsch ënnerhält sech mam Dan Vinkowski, dem Pressespriecher vun der Asbl. Caramba, a presentéiert de Film zum Thema vum Mount vum “radio 100,7”, haut am Ciné Ariston zu Esch (“Le bruit des gens autour”).  (Rediff.)
08.45 Notizblock
08.50 Kulturtip: Konscht (Rediff.)
08.59 Meteo

 

9:00 - 9:05

9:05 - 9:30

Prisma

Afghanistan - E Krich ouni Enn?
An 2 Emissioune analyséiert de Jean-Paul Harpes de Verlaf vum Krich a Biergerkrich am Afghanistan, seng Hannergrënn an d’Méiglechkeet, dach aus enger Situatioun bal ouni Auswee erauszekommen.
Am 1. Deel gëtt kuerz beschriwwen, wat am Afghanistan zënter dem Afall vun de Russen (Dezember 1979) bis haut geschitt ass.
Besonnesch skizzéiert ginn déi villsäiteg Hannergrënn vum Krich a Biergerkrich am Afghanistan, ë.a. d’Beschafenheet vum Land, seng Bevëlkerung, déi ethnesch a wirtschaftlech Problemer an déi gesellschaftlech Strukture gi beliicht. Wat huet déi englesch Kolonialzäit hannerlooss a wat waren d’Folge vun der russescher Besetzung am Biergerkrich, deen duerno koum? Wéi goufen d’Taliban zu enger extrem islamistescher Beweegung a wéi koume se un d’Muecht? Déi amerikanesch Politik am Afghanistan, hir Hannergrënn (d’Enn vum kale Krich, al Quaeda, den 11. November 2001) an d’Konsequenze ginn diskutéiert.
Am 2. Deel, den 30. Mäerz steet déi momentan Situatioun am Afghanistan am Mëttelpunkt vum Jean-Paul Harpes senge Reflexiounen. Hie geet, andeems hie sech op rezent Dokumenter a Verëffentlechunge berifft, op eng Rei vu Virschléi an déi gemaach goufen, fir aus der jetzeger Situatioun erauszekommen. (Rediff. um 19.30)

Afghanistan - E Krich ouni Enn? - Prisma 09.03.10

9:30 - 11:00

Divertimento

Liicht Klassik a gehuewen Ënnerhalung mam Guy Engels.

11:00 - 11:05

11:05 - 11:30

Wirtschaft a Finanzen

D’Tripartite ass e spezielt lëtzebuerger Instrument, fir Léisunge bei wirtschaftlechen a soziale Problemer ze fannen. Bei der Tripartite sëtzen d’Sozialpartner un engem Dësch, dat sinn d’Vertrieder vu Regierung a Patronat an d’Gewerkschaftler. De «lëtzebuerger Modell» funktionéiert zënter de 70er Joren.
Kann d’Tripartite an Zäite vun der Wirtschaftskris nach positiv Impulser ginn, fir d’Economie nees fit ze maachen? Wou leien d’Schwéierpunkten, wat sinn déi verschidde Virstellungen, fir de wirtschaftleche Motor unzekierpen? Den André Duebbers geet dëse Froën no. (Rediff. um 19.00)

11:30 - 12:00

Radiopolis

Wiesou heescht Amerika haut Amerika? Opgrond vum Virnumm vum Amerigo Vespucci. An deen ass den 9. Mäerz 1454 an Italien gebuer ginn, mir kucken haut op d’Liewe vun dësem Explorateur, deen sech opgemaach hat an déi “nei Welt”.
11.50 Fro vum Dag
11.59 Meteo
 

12:00 - 12:30

Mëttes-Panorama

enregistréieren

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun .
12.20 Dossier vum Dag (Rediff.)

12:30 - 12:35

Noriichteniwwerbléck

enregistréieren

Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info

12:35 - 14:00

Radiopolis

12.40 Kulturbäitrag
12.50 Kulturkronik (Rediff.)
13.00 Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info
13.15 aktualiséierten Notizblock
13.30 Eng Fro, eng Äntwert: Invité ass de Mike Mathias vum Cercle des ONG de développement, haut geet Rieds iwwert den iLRES-Sondage an deem d’Verhalen vun Donateuren erfaasst ginn ass
13.45 Trafic-Info
13.55 National Boursewäerter

14:00 - 15:30

Classico

Kammermusek vum Antonin Dvorak. Eng Produktioun vu Radio Classique Bergem presentéiert vum Loll Weber. (Rediff. vu sonndes mueres)

15:30 - 17:00

Chaise-Lounge

Eng Mixtur aus verschiddene Museksberäicher, easy Listening, agreabel ze lauschteren. Akustesch an elektronesch Rhythme mësche sech mat ethneschen Echoen, jazzy Nostalgie, trip-hop Elementer, Filmmuseken.

17:00 - 17:08

17:08 - 18:00

Ënnerwee

An de Feierowend mam 100,7
17.10 Service-Rubrik mat Trafic-Info an Noutdéngschter
17.15 Notizblock
17.20 Kulturevenement: mir ënnerhalen äis mam Thierry Origer, dem President vu SLOW FOOD Luxembourg, a kréien Informatiounen iwwer d’Soirée “Riz et Rizières”, mar Mëttwoch den Owend vu 7 Auer un am Exit 07/Carré Rotondes zu Hollerech. 
 (Rediff. muer um 08.35)
17.30 Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info
17.35 Kulturnoriichten: - d'Theaterstéck “komA” iwwert en Amocklaf leeft un.

- Nei Biographie iwwert d’Sophie Scholl

- 400. Band vun „Lustige Taschenbücher“ kënnt eraus.

- Roman „A Mercy“ vun der amerikanescher Schrëftstellerin Toni Morrison kënnt eraus. 
17.50 Q wéi Kultur, K wéi Quiz
17.59 Meteo

18:00 - 18:30

Owes-Panorama

enregistréieren

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.25 Kulturbäitrag: Et gëtt Museksstécker, déi e ganz eegent Liewen entwéckelen a Synonym vum Komponist ginn : dat gëlt ënner anerem fir de Kanon vum Pachelbel an och fir den Adagio vum Samuel Barber. Et war vrun allem de Film, deen den Adagio an d’Hitparaden katapultéiert huet: «Elephant Man» am Joer 1980, «Le Fabuleux Destin d'Amélie Poulain» (2001) a ganz besonnesch de Vietnam-Drama «Platoon» vun 1986. Den Adagio ass awer nëmmen e klengen Ausschnëtt aus dem interessante Wierk vum Samuel Barber, deen den 9. Mäerz 1910 am Pennsylvania gebuer gouf.

De Guy Engels skizzéiert ee Portrait vum Komponist – haut op sengem 100. Gebuertsdag.
(Rediff. um 22.00)

18:30 - 19:00

Rendezvous am Theater

enregistréieren

Thema vum Mount: Theater
Iwwert den Theater an déi, déi e maachen, zu Lëtzebuerg an am Ausland. Mam Jean-Claude Majerus.

An eisem Rendezvous Theater proposéiere mer Iech den Owend déi 4. Editioun vum internationale Festival «Humour pour la paix» am Centre culturel Neimënster, mat ënnert anerem och speziell der éischter eegener Kreatioun vun dësem Festival «Attention, chantier en cours».

E aner Sujet ass och d’Produktioun «Play Manderscheid» vum TNL, déi muer den Owend op der Lonkecher Strooss Première huet.

(Rediff. um 22.30)

19:00 - 19:30

Wirtschaft a Finanzen

enregistréieren

D’Tripartite ass e spezielt lëtzebuerger Instrument, fir Léisunge bei wirtschaftlechen a soziale Problemer ze fannen. Bei der Tripartite sëtzen d’Sozialpartner un engem Dësch, dat sinn d’Vertrieder vu Regierung a Patronat an d’Gewerkschaftler. De «lëtzebuerger Modell» funktionéiert zënter de 70er Joren.
Kann d’Tripartite an Zäite vun der Wirtschaftskris nach positiv Impulser ginn, fir d’Economie nees fit ze maachen? Wou leien d’Schwéierpunkten, wat sinn déi verschidde Virstellungen, fir de wirtschaftleche Motor unzekierpen? Den André Duebbers geet dëse Froën no. (Rediff. vun 11.05)

19:30 - 20:00

Prisma

enregistréieren

Afghanistan- E Krich ouni Enn?

An 2 Emissioune analyséiert de Jean-Paul Harpes de Verlaf vum Krich a Biergerkrich am Afghanistan, seng Hannergrënn an d’Méiglechkeet, dach aus enger Situatioun bal ouni Auswee erauszekommen.

Am 1. Deel gëtt kuerz beschriwwen, wat am Afghanistan zënter dem Afall vun de Russen (Dezember 1979) bis haut geschitt ass.

Besonnesch skizzéiert ginn déi villsäiteg Hannergrënn vum Krich a Biergerkrich am Afghanistan, ë.a. d’Beschafenheet vum Land, seng Bevëlkerung, déi ethnesch a wirtschaftlech Problemer an déi gesellschaftlech Strukture gi beliicht. Wat huet déi englesch Kolonialzäit hannerlooss a wat waren d’Folge vun der russescher Besetzung am Biergerkrich, deen duerno koum? Wéi goufen d’Taliban zu enger extrem islamistescher Beweegung a wéi koume se un d’Muecht? Déi amerikanesch Politik am Afghanistan, hir Hannergrënn (d’Enn vum kale Krich, al Quaeda, den 11. November 2001) an d’Konsequenze ginn diskutéiert.

Am 2. Deel, den 30. Mäerz steet déi momentan Situatioun am Afghanistan am Mëttelpunkt vum Jean-Paul Harpes senge Reflexiounen. Hie geet, andeems hie sech op rezent Dokumenter a Verëffentlechunge berifft, op eng Rei vu Virschléi an déi gemaach goufen, fir aus der jetzeger Situatioun erauszekommen. (Rediff. vun 09.05)

 

20:00 - 22:00

Concert Euroradio

E Live-Matschnëtt vun engem auslännesche Radio, Member an der UER, der Union Européenne de Radio-Télévision.

1. Deel:
Live-Matschnëtt vum hollänesche Radio am
Concertgebouw zu Amsterdam den 18.10.09.
Um Programm:
Ludwig van Beethoven: Corolian, op.62 (Ouverture);
G.B. Viotti: Concerto fir Gei an Orchester a la mineur;
Joseph Haydn: Sinfonie Nr. 103 (Mit dem Paukenwirbel);
Antje Weithaas, Gei.
Netherlands Radio Chamber Philharmonic
Direktioun: Andrew Manze.
2. Deel:
Live-Matschnëtt vum norwegesche Radio an der Concert Hall, University zu Oslo de 05.01.08.
Um Programm:
Carl Nielsen: Helios, op.17 (Ouverture);
Geirr Tveitt: Concerto fir Piano an Orchester Nr. 1, op.5;
Jean Sibelius: Symphonie Nr. 2, op.43
Havard Gimse, Piano
Norwegian Radio Orchestra
Direktioun: Ole Kristian Ruud
Presentéiert vum Rémy Franck. (Rediff. donneschdes um 23.00)

22:00 - 22:30

Owes-Panorama

(Reprise)

22:30 - 23:00

Rendezvous am Theater

Thema vum Mount: Theater
Reprise vum Kulturmagazin.

An eisem Rendezvous Theater proposéiere mer Iech den Owend déi 4. Editioun vum internationale Festival «Humour pour la paix» am Centre culturel Neimënster, mat ënnert anerem och speziell der éischter eegener Kreatioun vun dësem Festival «Attention, chantier en cours».

E aner Sujet ass och d’Produktioun «Play Manderscheid» vum TNL, déi muer den Owend op der Lonkecher Strooss Première huet.

 

23:00 - 0:30

Kammermusek

Live Matschnëtt vum Actar-Concert vum 1. Dezember 2009.
Et spillen Anise Weiler, Piano an Anatole Blikov, Gei. Um Programm stinn ë.a. Wierker vu Mozart, Beethoven a Brahms. (Rediff. vu freides, 14.00)

0:30

Notturno

A journey into ambient groove (ambient, trip hop, new age)

10-03-2010

6:00 - 7:00

Virum Dag

De Moiesmagazin um 100,7 mat engem Noriichteniwwerbléck all hallef Stonn, um 07.00 an 08.00 Panorama, den Noriichtemagazin
06.00 Noriichteniwwerbléck
06.05 Programmiwwerbléck
06.15 mat engem Segel u Bord kënne bis zu 50 Prozent Sprit gespuert ginn: „SkySails“ equipéiert elo och grouss Fëschereischëffer
06.25 haut op engem ...
06.30 Meteo an Noriichteniwwerbléck
06.40 si hunn zwar den Numm, mee a Wierklechkeet stellen d’Fransouse sech manner dacks hannert d’Kachdëppe wéi d’Briten
06.45 Notizblock
06.50 Kulturtip: Film: Am Kader vu Cinédit proposéieren den 100,7 an de Ciné Utopia Iech dës Woch haut a muer den Owend den Drama "Altiplano" vum flämesche Réalisateur Peter Brosens. Detailer mam Sylvie Flammang. (Rediff. um 08.50)
06.59 Meteo

7:00 - 7:15

Moies-Panorama

enregistréieren

National an international Noriichte mam Commentaire (Rediff. géint 08.10).

7:15 - 7:35

Virum Dag

07.20 Kulturbäitrag
07.30 Meteo, Noriichteniwwerbléck an Trafic-Info

7:35 - 7:50

Invité virum Dag

enregistréieren

zënter dem leschte Joer kann ee seng Steiererklärung on-line maachen. Vun 150'000 Stéid hu just 1'300 Kandidate vun der Méiglechkeet profitéiert. Fir d’Steiererklärung 2009 (déi am Prinzip nach virum Enn vum Mount agereecht soll ginn) ginn et e puer Neierungen, déi de Pierrre Zimmer an de Guy Heinz eis virstellen. De Guy Heinz ass Direkter vun der Steierverwaltung, an de Pierre Zimmer ass d'Direkter vum Centre des technologies de l’Information de l’Etat.
 

7:50 - 8:00

Virum Dag

07.50 Fräie Mikro (Rediff. um 12.50)

fir de Philosoph Hubert Hausemer.
07.59 Meteo

8:00 - 8:30

Moies-Panorama

enregistréieren

mam Commentaire (Rediff.) an de groussen nationalen an internationale Rendez-Vouse vum Dag
08.15 Presserevue
08.20 Dossier vum Dag: De Prix Luxembourgeois de la Qualité ass eng Initiativ, déi vum Ministère de l’Economie et du Commerce extérieur wéi vum Institut luxembourgeois de la normalisation, de l’accréditation, de la sécurité et qualité des produits et services ënnerstëtzt gëtt. Duerch dës Initiativ soll erreecht ginn, datt an all Betrib méiglechst vill „Qualitéit“ ass a bleiwt. Jiddereen deen an enger Firma schafft, op Aarbechter oder Manager, soll sech do ,gutt’ fillen. An deem Sënn gouf well schonns 2001 den MLQ, de „Mouvement de la Qualité“ an d’Liewe geruff. Méi Explikatiounen zum Prix Luxembourgeois de la Qualité 2010 ginn et am Dossier vum J-Pol Roden mam Generalsekretär vum Mouvement de la Qualité, dem Jos Gloden.  (Rediff. um 12.20)

8:30 - 9:00

Virum Dag

08.30 Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info
08.35 Kulturevenement: de Gilles Wunsch ënnerhält sech mam Thierry Origer, dem President vu SLOW FOOD Luxembourg, a kréien Informatiounen iwwer d’Soirée “Riz et Rizières”, haut den Owend vu 7 Auer un am Exit 07/Carré Rotondes zu Hollerech.  (Rediff.)
08.45 Notizblock
08.50 Kulturtip: Film (Rediff.)
08.59 Meteo

9:00 - 9:05

9:05 - 11:00

Museker am Gespréich

Wéi gesäit e koreanesche Museker déi westlech Musek, wéi fënnt hien Zougank zu hier, wat ënnerscheet de Klassik-Publikum an Asien vun deem an Europa. Dës a méi Froe stinn am Mëttelpunkt vun engem Gespréich vum Remy Franck mam jonke koreanesche Pianist William Youn, dee seng Carrière souwuel an Asie wéi och an Europa mécht. (Rediff. sonndes um 20.00)

William Youn - Museker am Gespréich 10.03.10

11:00 - 11:05

11:05 - 11:30

Gesond am Gaart

“Natura-Plaquette” heescht eng Plaquette, déi vun der Ëmweltorganisatioun Natura (Ligue luxembourgeoise pour la protection de la nature et de l’environement) an der AAT (Garten und Teichfreunde) zënter ville Joren u Privatleit vergi gëtt, déi en ëmweltbewossten an ”naturnoe” Gaart ugeplanzt hunn. D’Critèrë fir dës Plaquette ze kréie sinn héich an et ginn der net vill verdeelt, wéi d’Jeannine Sponville, Presidentin vun der AAT an de Frantz-Charles Müller, President vun der Stëftung Hëllef fir d’Natur am Gespréich mam Angie Maquil erkläeren. Weider geet Rieds iwwert e “wëlle” Gaart a wéi een deen am Aklank mat Natur an Ëmwelt uleeë kann. Virgestallt gëtt och e Pilot-Projet vun der Schoul Ribeschbond zu Diddeleng mat eenheemesch genetesch sielene Planzen, e Projet deen de Marc Redinger, Responsabel vum Services Jardinage vun der Gemeng vun Diddeleng, erkläert. (Rediff. um 19.00)

Gesond am Gaart - 10.03.10

11:30 - 12:00

Radiopolis

den 10. Mäerz 1465 ass e Manifest vun der «Ligue du bien public» publizéiert ginn, an däer géint déi désordonnéiert an erbäermlech Politik vum deemolege franséische Kinnik Louis XI opgeruff ginn ass. Aner Opstänn vun der Noblesse waren die sougenannte «Praguerie», «Guerre folle» an d’"Fronde».

Wie waren d’Leit an der «Ligue du bien public», a wourëm ass et bei den Opstänn gaangen ?

11.50 Fro vum Dag
11.59 Meteo

12:00 - 12:30

Mëttes-Panorama

enregistréieren

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun.
12.20 Dossier vum Dag (Rediff.)

12:30 - 12:35

Noriichteniwwerbléck

enregistréieren

Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info

12:35 - 14:00

Radiopolis

12.40 Kulturbäitrag
12.50 Fräie Mikro fir de Philosoph Hubert Hausemer. (Rediff.)
13.00 Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info
13.05 Parteien hunn d'Wuert

fir «déi gréng»: Sam TANSON a Christian GOEBEL, Parteispriecher

zum Thema: „100 Joer internationale Fraendag: Lëtzebuerger Fraepolitik – quo vadis?“

um 13.10: fir d’“ADR“: Robert MEHLEN, President

zum Thema:: „18.000 Chômeuren zu Lëtzebuerg - Ass d'Wirtschaftskris schold oder déi miserabel Schoulpolitik?“
13.15 aktualiséierten Notizblock
13.30 Eng Fro, eng Äntwert: Mat der Myriam Putzeys vum Service national de la jeunesse schwätze mer iwwert d’Initiative jeunes, an den Harris vum Jugendhaus vun Hesper illustréiert eis esou eng Initiativ unhand vun engem Projet vu jonke Leit. 
13.45 Trafic-Info
13.55 National Boursewäerter

14:00 - 15:30

Concert

E Live-Matschnëtt vun de Solistes Européens, Luxembourg den 22. Februar am Auditorium vun der Philharmonie um Kierchbierg.
Direktioun: Christoph König
Solist: Adam Walker
Um Programm:
Juan Crisostomo Arriaga: Los esclavos felices (Ouverture);
Saverio Mercadante: 2. Concerto fir Flütt an Orchester a mi mineur, op.57;
Charles Gounod: Kleng Sinfonie;
Ludwig van Beethoven: 8. Sinfonie a la mineur op.93.
Presentéiert vum Manuel Ribeiro. (Reprise vu sonndes mueres)

15:30 - 17:00

Chaise-Lounge

Eng Mixtur aus verschiddene Museksberäicher, easy Listening, agreabel ze lauschteren. Akustesch an elektronesch Rhythme mësche sech mat ethneschen Echoen, jazzy Nostalgie, trip-hop Elementer, Filmmuseken.

17:00 - 17:08

17:08 - 18:00

Ënnerwee

An de Feierowend mam 100,7
17.10 Service-Rubrik mat Trafic-Info an Noutdéngschter
17.15 Notizblock
17.20 Kulturevenement: mir ënnerhalen äis mam lëtzebuerger Acteur Steve Karier, dee muer Donneschdeg an iwwermuer Freideg mat enger Reprise vum Monolog “Mein Körper in neuen Teilen” op der Bühn vum Kulturhaus Nidderanven steet. 
 (Rediff. muer um 08.35)
17.30 Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info
17.35 Kulturnoriichten: - Duerch d’Aarbechten un der Gasleitung duerch d’Ostséi sinn e ganze Koup Schëffsépave localiséiert ginn, dorënner och eng Rei archeologesch wäertvoll Exemplairen.

- Zeie vun enger grujeleger Zäit: Gipsfresque mat Zeenen aus Mäerercher am KZ Ellrich-Juliushütte.

- De Filmfestival mat exklusiv Documentairen, dat ass nees vum 24. bis den 28. Mäerz um Touquet a Frankräich.

- Den illegalen Téléchargement via Internet hätt sollen am Frankräich mat der “loi Hadopi” ënnerbonne ginn … dat neit Gesetz gräift awer nit.

- Den Ausbléck op de „Rendezvous am Concert”, ëm halwer 7 op dëser Antenn. 
17.50 Q wéi Kultur, K wéi Quiz
17.59 Meteo

18:00 - 18:30

Owes-Panorama

enregistréieren

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.25 Kulturbäitrag (Rediff. um 22.00)

18:30 - 19:00

Rendezvous am Concert

enregistréieren

De Museksmagazin mat aktuellen Themen: Museker, Disken a Festivaler presentéiert vum Guy Engels. (Rediff. um 22.30)

19:00 - 19:30

Gesond am Gaart

enregistréieren

“Natura-Plaquette” heescht eng Plaquette, déi vun der Ëmweltorganisatioun Natura (Ligue luxembourgeoise pour la protection de la nature et de l’environement) an der AAT (Garten und Teichfreunde) zënter ville Joren u Privatleit vergi gëtt, déi en ëmweltbewossten a ”liewege” Gaart ugeplanzt hunn. D’Critèrë fir dës Plaquette ze kréie sinn héich an et ginn der net vill verdeelt, wéi d’Jeannine Sponville, Presidentin vun der ATT an de Frantz-Charles Müller, President vun der Stëftung Hëllef fir d’Natur am Gespréich mam Angie Maquil erkläeren. Weider geet Rieds iwwert e “wëlle” Gaart a wéi een deen am Aklank mat Natur an Ëmwelt uleeë kann. Virgestallt gëtt och e Pilot-Projet vun der Schoul Ribeschbond zu Diddeleng mat eenheemesch genetesch sielene Planzen, e Projet deen de Marc Redinger, Responsabel vum Services Jardinage vun der Gemeng vun Diddeleng, erkläert. (Reprise vun 11.05)

19:30 - 20:00

Raccord

enregistréieren

Eng Aféierung an de Concert vun 20:00 mam Remy Franck.(Rediff. méindes um 23.00)

20:00 - 22:00

Philharmoneschen Orchester...

Live-Matschnëtt vum 11. Februar 2010 an der Philharmonie.
Direktioun: Michael Gielen.
Um Programm:
Gustav Mahler: Sinfonie Nr. 7 a mi mineur.
Presentéiert vum Guy Engels. (Rediff. méindes um 23.30)

22:00 - 22:30

Owes-Panorama

(Reprise)

22:30 - 23:00

Rendezvous am Concert

Reprise vum Kulturmagazin.

23:00 - 1:00

E-Lodie

E faarwege Cocktail gemixt aus: trip hop, ambient, drum'n'bass, big beat, house ... an aner groovereie presentéiert vum Yves Stephany.
(Rediff. vu samschdes 20.00)

1:00

Notturno

Eng transmusekalesch Rees duerch d'Nuecht.

11-03-2010

6:00 - 7:00

Virum Dag

De Moiesmagazin um 100,7 mat engem Noriichteniwwerbléck all hallef Stonn, um 07.00 an 08.00 Panorama, den Noriichtemagazin
06.00 Noriichteniwwerbléck
06.05 Programmiwwerbléck
06.15 Vermëschtes
06.25 haut op engem ...
06.30 Meteo an Noriichteniwwerbléck
06.40 Vermëschtes
06.45 Notizblock
06.50 Kulturtip: déi nei Filmwoch (Rediff. um 08.50)
06.59 Meteo

7:00 - 7:15

Moies-Panorama

enregistréieren

National an international Noriichte mam Commentaire (Rediff. géint 08.10).

7:15 - 7:35

Virum Dag

07.20 Kulturbäitrag 07.30 Meteo, Noriichteniwwerbléck an Trafic-Info

7:35 - 7:50

Invité virum Dag

enregistréieren

aus dem Beräich vun der Beienzuucht kommen u sech bal nëmmen Hiobsbotschaften. Massivt Beiestierwen wéinst Krankheeten, Beien déi matten am Summer Honger leiden, an Uebstziichter, déi kaum nach Uebst un de Beem hunn, wëll et net méi genuch Beie gëtt. D’Beienziichter si sech der dramatescher Situatioun bewosst, a probéieren esou gutt wi méiglech géint d'Katastrophenzeenarien unzekämpfen. Esou organiséiert de Cliärrwer Beieveräin -1884- vun e Samschten un eng Rutsch Coursen, déi sech ganz bewosst och un Ufänker adresséieren. Live am Studio ass den Nico Hamen, de Sekretär vum Cliärrwer Beieveräin.
 

7:50 - 8:00

Virum Dag

07.50 Auslandskronik (Rediff. um 12.50)
07.59 Meteo

8:00 - 8:30

Moies-Panorama

enregistréieren

mam Commentaire (Rediff.) an de groussen nationalen an internationale Rendez-Vouse vum Dag
08.15 Presserevue
08.20 Dossier vum Dag (Rediff. um 12.20)

8:30 - 9:00

Virum Dag

08.30 Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info
08.35 Kulturevenement: de Gilles Wunsch ënnerhält sech mam lëtzebuerger Acteur Steve Karier, deen haut Donneschdeg a muer Freideg mat enger Reprise vum Monolog “Mein Körper in neuen Teilen” op der Bühn vum Kulturhaus Nidderanven steet.  (Rediff.)
08.45 Notizblock
08.50 Kulturtip: déi nei Filmwoch (Rediff.)
08.59 Meteo

9:00 - 9:05

9:05 - 9:30

Lëtzebuerg an Zuelen

Thema vum Mount: Theater
Lëtzebuerg huet vill schéi Kulturhaiser. An all Regioun ginn et mëttlerweil gutt equipéiert Concerts- an Theatersäll. Mä wéi sinn dës Établissementer besicht? Profitéieren d’Lëtzebuerger vun däer räicher kultureller Offer? Wéi eng Beräicher hunn dee meeschte Succès? A wéi gesäit et mat de Visiteurszuele vun de Muséeën aus? Wei hunn dës Zuelen am Laf vun de Joren evoluéiert? Den Yves Stephany huet doriwwer recherchéiert. (Rediff. um 19.30)

MUDAM - Lëtzebuerg an Zuelen 11.03.10

9:30 - 11:00

Divertimento

Liicht Klassik a gehuewen Ënnerhalung mam Guy Engels.

11:00 - 11:05

11:05 - 11:30

Schoul am Liewen

Zanter dësem Schouljoer ass "dat 6." offiziell ofgeschaaft an heescht lo "dat zweet Joer am 4. Zyklus". De ,Passage Primäire-Secondaire’ ass natierlech bliwwen... a domat d’Fro: Ass mäi Kand gutt genuch fir an de Classique oder net? De J-Pol Roden kuckt, wéi dëse Passage funktionéiert.(Reprise um 19.00)

11:30 - 12:00

Radiopolis

Eng radiophonesch Rees duerch d'Geschicht, d'Konscht, d'Literatur an d'Aktualitéit mat Rubriken, Kroniken, Commentairen a Stëmmen zu Themen, déi am Gespréich sinn
11.50 Fro vum Dag
11.59 Meteo

12:00 - 12:30

Mëttes-Panorama

enregistréieren

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun.
12.20 Dossier vum Dag (Rediff.)

12:30 - 12:35

Noriichteniwwerbléck

enregistréieren

Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info

12:35 - 14:00

Radiopolis

12.40 Kulturbäitrag
12.50 Auslandskronik (Rediff.)
13.00 Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info
13.15 aktualiséierten Notizblock
13.30 Eng Fro, eng Äntwert
13.45 Trafic-Info
13.55 National Boursewäerter

14:00 - 15:30

Concert Euroradio

E Live-Matschnëtt vun engem auslännesche Radio, Member an der UER, der Union Européenne de Radio-Télévision.

Live-Matschnëtt vum norwegesche Radio an der Radio Concert Hall zu Oslo den 22.01.09.
Um Programm:
J.S. Bach / Andrew Manze: Contrapunctus XVIII (Kunst der Fuge);
Franz Schubert: Alfonso und Estrella (Ouverture); Rosamunde (Bühnenmusik); Sinfonie Nr. 8 D.759 (Unvollendete).
Norwegian Radio Orchestra
Direktioun: Andrew Manze

Presentéiert vum Rémy Franck.

15:30 - 17:00

Chaise-Lounge

Eng Mixtur aus verschiddene Museksberäicher, easy Listening, agreabel ze lauschteren. Akustesch an elektronesch Rhythme mësche sech mat ethneschen Echoen, jazzy Nostalgie, trip-hop Elementer, Filmmuseken.

17:00 - 17:08

17:08 - 18:00

Ënnerwee

An de Feierowend mam 100,7
17.10 Service-Rubrik mat Trafic-Info an Noutdéngschter
17.15 Notizblock
17.20 Kulturevenement (Rediff. muer um 08.35)
17.30 Noriichteniwwerbléck, Meteo an Trafic-Info
17.35 Kulturnoriichten
17.50 Q wéi Kultur, K wéi Quiz
17.59 Meteo

18:00 - 18:30

Owes-Panorama

enregistréieren

Den Informatiounsmagazin vun der Redaktioun
18.25 Kulturbäitrag (Rediff. um 22.00)

18:30 - 19:00

Rendezvous mam Film

enregistréieren

Nei Filmer, Filmkritiken an Interviewe mat Cineaste presentéiert vum Sylvie Flammang. (Rediff. um 22.30)

19:00 - 19:30

Schoul am Liewen

enregistréieren

Zanter dësem Schouljoer ass "dat 6." offiziell ofgeschaaft an heescht lo "dat zweet Joer am 4. Zyklus". De ,Passage Primäire-Secondaire’ ass natierlech bliwwen... a domat d’Fro: Ass mäi Kand gutt genuch fir an de Classique oder net? De J-Pol Roden kuckt, wéi dëse Passage funktionéiert. (Reprise vun 11.05)

19:30 - 20:00

Lëtzebuerg an Zuelen

enregistréieren

Lëtzebuerg huet vill schéi Kulturhaiser. An all Regioun ginn et mëttlerweil gutt equipéiert Concerts- an Theatersäll. Mä wéi sinn dës Établissementer besicht? Profitéieren d’Lëtzebuerger vun däer räicher kultureller Offer? Wéi eng Beräicher hunn dee meeschte Succès? A wéi gesäit et mat de Visiteurszuele vun de Muséeën aus? Wei hunn dës Zuelen am Laf vun de Joren evoluéiert? Den Yves Stephany huet doriwwer recherchéiert. (Rediff. vun 09.05)

20:00 - 22:00

Aus dem Musekssall

An der Emissioun „Aus dem Musekssall“, proposéiere mer Iech de Gala-Concert vum Dezember 2009 vun der Diddlenger Stadmusek. Um Programm reng Sinfonesch Blosmusek. Enner anerem als Highlight um Programm d’Sinfonie „Lord of the Rings“ vum Johan de Meij, hei awer mat lëtzebuergescher Narratioun ennermoolt. De Manuel Ribeiro féiert duerch d’Emissioun „Aus dem Musekssall“.

(Rediff. vu sonndes 13:00)

22:00 - 22:30

Owes-Panorama

(Reprise)

22:30 - 23:00

Rendezvous mam Film

Reprise vum Kulturmagazin.

23:00 - 1:00

Concert Euroradio

E Live-Matschnëtt vun engem auslännesche Radio, der Union Européenne de Radio-Télévision.
1. Deel:
Live-Matschnëtt vum hollänesche Radio am
Concertgebouw zu Amsterdam den 18.10.09.
Um Programm:
Ludwig van Beethoven: Corolian, op.62 (Ouverture);
G.B. Viotti: Concerto fir Gei an Orchester a la mineur;
Joseph Haydn: Sinfonie Nr. 103 (Mit dem Paukenwirbel);
Antje Weithaas, Gei.
Netherlands Radio Chamber Philharmonic
Direktioun: Andrew Manze.
2. Deel:
Live-Matschnëtt vum norwegesche Radio an der Concert Hall, University zu Oslo de 05.01.08.
Um Programm:
Carl Nielsen: Helios, op.17 (Ouverture);
Geirr Tveitt: Concerto fir Piano an Orchester Nr. 1, op.5;
Jean Sibelius: Symphonie Nr. 2, op.43
Havard Gimse, Piano
Norwegian Radio Orchestra
Direktioun: Ole Kristian Ruud
Presentéiert vum Rémy Franck. (Rediff. vun dënschdes, 20.00)

1:00

Notturno

Eng klassesch musekalesch Rees duerch d'Nuecht.


lu | fr
Op Antenn : [ANTHOLOGIE: IN BED WITH NOVA: PREMIÈRE NUIT] » Méi