Neiegkeeten

Den Ament ginn et keng Neiegkeeten

dagesprogramm

23/05/2012

11:05 - 19:03

Däi Recht als Bierger

Geréit ee mam Gesetz a Konflikt, muss een domadder rechnen, bestrooft ze ginn. Dat ka bedeiten, datt d'Police agräift an e Schëllege festgeholl gëtt. Dernieft kann d'Police och eng Persoun convoquéieren, fir wichteg Informatioune gewuer ze ginn. Wat d'Gesetz virgesäit a wéi et mam juristesche Beistand steet, och wann engem déi finanziell Mëttel feelen, doriwwer informéiert d'Joëlle Drees. (Rediff. 19.03)

19:03

Däi Recht als Bierger

Geréit ee mam Gesetz a Konflikt, muss een domadder rechnen, bestrooft ze ginn. Dat ka bedeiten, datt d'Police agräift an e Schëllege festgeholl gëtt. Dernieft kann d'Police och eng Persoun convoquéieren, fir wichteg Informatioune gewuer ze ginn. Wat d'Gesetz virgesäit a wéi et mam juristesche Beistand steet, och wann engem déi finanziell Mëttel feelen, doriwwer informéiert d'Joëlle Drees. (Rediff. vun 11.05)

24/05/2012

11:05 - 19:03

Campus

D‘Sacred Heart University Lëtzebuerg huet hire Sëtz an der Chambre du Commerce um Kierchbierg. Et ass eng amerikanesch Universitéit, déi zënter 1991 zu Lëtzebuerg etabléiert ass. Et ginn ë.a. Studie fir en MBA, e Master of Business Administration wéi professionell Zertifikater an de Beräicher Management a Finanze gebueden. D’Studieprogrammer si speziell opgebaut fir Leit, déi schonn am Beruffsliewe stinn. De J-Pol Roden mat Informatiounen. (Rediff. um 19.03)

19:03

Campus

D‘Sacred Heart University Lëtzebuerg huet hire Sëtz an der Chambre du Commerce um Kierchbierg. Et ass eng amerikanesch Universitéit, déi zënter 1991 zu Lëtzebuerg etabléiert ass. Et ginn ë.a. Studie fir en MBA, e Master of Business Administration wéi professionell Zertifikater an de Beräicher Management a Finanze gebueden. D’Studieprogrammer si speziell opgebaut fir Leit, déi schonn am Beruffsliewe stinn. De J-Pol Roden mat Informatiounen. (Rediff. vun 11.05)

25/05/2012

11:05 - 19:03

Mënsch an Ëmwelt

  presentéiert vun der Post

D’Atomkraaftgéigner gëtt et sou laang, wéi et Atomkraaftwierker gëtt. 1986 ass Cattenom a Betrib geholl ginn an dat net ouni Protester. Zu Lëtzebuerg hu sech eng Partie Organisatiounen zum nationalen Aktiounskomité géint Atomkraaft zesummegeschloss.
Zënter der Nuklear-Katastroph vu Fukushima gleewen net méi vill Bierger un d’Atomenergie als Alternativ zu de fossilen Energiën.
Ob Fukushima dozou bäidréit, datt a ganz Europa d’Mobilisatioun op laang Dauer unhält? Huet d’Mënschheet eppes aus de nukleare Katastrophë geléiert? Dëse Froe geet d’Kyra Fischbach no.
(Rediff. um 19.03)

(Rediff. vun 11.05)