Neiegkeeten

25/01/2012

Editorial Februar 2012

radio 100,7 lauschtere lount sech, och am neie Joer >>

All Neiegkeete weisen

Emissiounen

<< Zréck op d'Lëscht vun den Emissiounen

Virum Dag

07:50 - 08:00

Kategorie vun der Emissioun

Responsabel

Claude Mangen

Allgemeng Beschreiwung

07.50 Kulturkronik: D’Leipziger Buchmesse ass fir d’Literatur- a Medienbranche ee vun de wichtegste literaresche Rendez-vouse vum Fréijoer. No Frankfurt ass et déi zweet grouss Rentrée um Bichermaart. De Schwéierpunkt läit hei allerdéngs méi op der Promotioun vun Auteuren a Bicher, vu Nei-Publikatiounen an innovativen Trends um däitschsproochegen an europäesche Marché. Vum 18. Mäerz un trëfft sech nees alles wat Rang an Numm huet zu Leipzig. De Focus wäert dëst Joer besonnesch stark op déi 18. Joer jonk an extrem kontroverséiert Autorin Helene Hegemann geriicht sinn. De Shooting-Star vun der neier däitscher Literatur ass fir de Buchpräis nominéiert. Iwwer hir stark mediatiséiert Plagiat-Affär gouf bei engem virop männleche Literatur-Establishment am Virfeld well vill Tënt vergoss. Och de Claude Mangen mengt an eiser Kulturkronik e misst säi Pefferkär bäileeën. 
(Rediff. um 12.50)
07.59 Meteo
 

Presentateur/trice

Playlist

07:57 FACING WEST

ANTHOLOGIE: PRINTEMPS MUSICAL 2010 - JAZZ (CD 1) - METHENY, PAT