radio 100,7 LIVE
Klickt hei, fir eis ze lauschteren!Sichen
Neiegkeeten
14/07/2010
De Summerconcours
Iwwert de Summer gräift de radio 100,7 déi verschidden Theme vun de läschte Méint nach eemol op. Gewannt all Dag flott Präisser. >>
13/07/2010
Kulturrees op Dresden
Fir den 300. Jubiläum vun der Parzeläin-Hirstellung organiséiert de radio 100,7 eng thematesch Rees op Dresden >>
©2010 radio 100,7 |
plang vum site |
live gelauschtert
Création du site web par VAlain S.A.
Emissiounen
<< Zréck op d'Lëscht vun den Emissiounen
Prisma
19:30 - 20:00
Kategorie vun der Emissioun
Responsabel
Allgemeng Beschreiwung
Afghanistan- E Krich ouni Enn?
An 2 Emissioune analyséiert de Jean-Paul Harpes de Verlaf vum Krich a Biergerkrich am Afghanistan, seng Hannergrënn an d’Méiglechkeet, dach aus enger Situatioun bal ouni Auswee erauszekommen.
Am 1. Deel gëtt kuerz beschriwwen, wat am Afghanistan zënter dem Afall vun de Russen (Dezember 1979) bis haut geschitt ass.
Besonnesch skizzéiert ginn déi villsäiteg Hannergrënn vum Krich a Biergerkrich am Afghanistan, ë.a. d’Beschafenheet vum Land, seng Bevëlkerung, déi ethnesch a wirtschaftlech Problemer an déi gesellschaftlech Strukture gi beliicht. Wat huet déi englesch Kolonialzäit hannerlooss a wat waren d’Folge vun der russescher Besetzung am Biergerkrich, deen duerno koum? Wéi goufen d’Taliban zu enger extrem islamistescher Beweegung a wéi koume se un d’Muecht? Déi amerikanesch Politik am Afghanistan, hir Hannergrënn (d’Enn vum kale Krich, al Quaeda, den 11. November 2001) an d’Konsequenze ginn diskutéiert.
Am 2. Deel, den 30. Mäerz steet déi momentan Situatioun am Afghanistan am Mëttelpunkt vum Jean-Paul Harpes senge Reflexiounen. Hie geet, andeems hie sech op rezent Dokumenter a Verëffentlechunge berifft, op eng Rei vu Virschléi an déi gemaach goufen, fir aus der jetzeger Situatioun erauszekommen. (Rediff. vun 09.05)