radio 100,7 LIVE
Klickt hei, fir eis ze lauschteren!Sichen
Neiegkeeten
14/07/2010
De Summerconcours
Iwwert de Summer gräift de radio 100,7 déi verschidden Theme vun de läschte Méint nach eemol op. Gewannt all Dag flott Präisser. >>
13/07/2010
Kulturrees op Dresden
Fir den 300. Jubiläum vun der Parzeläin-Hirstellung organiséiert de radio 100,7 eng thematesch Rees op Dresden >>
©2010 radio 100,7 |
plang vum site |
live gelauschtert
Création du site web par VAlain S.A.
Emissiounen
<< Zréck op d'Lëscht vun den Emissiounen
De Freud a seng Kritiker
Kategorie vun der Emissioun
Text
Responsabel
Allgemeng Beschreiwung
Virun 110 Joer, 1898, huet de Freud d'Redaktioun vu senger Traumdeutung ugefaang. D‘Traumdeutung sollt deen éischte Manifest vun enger neier psychologescher Wëssenschaft ginn: der Psychoanalys. Zënter den 30er Joren a spéitstens an de 60er Jore vum leschte Joerhonnert koum d’Wëssenschaftlechkeet vun der Psychoanalys esou schwéier an d’Kritik, datt se dachs nach haut als depasséiert ugeholl gëtt. Op der praktescher Säit schéngen d’Fortschrëtter vun de Psychopharmaka a Verbindung mat strikt resultat-orientéierte Kuerztherapien d’Iddi selwer vun enger laangwiereger déifepsychologescher Reflexioun als onnéideg, zäitverschwenderesch an administratif-statistesch net faassbar hannert sech gelooss ze hunn. Geschichtlech schéngt dëst Urteel paradox. D’Vertrieder vum „Wiener Kreis“, déi mat hirem Positivismus d’Wëssenschaftsphilosophie an d’Epistémologie vun der grousser Partie vum 20. Joerhonnert entscheedend geprägt hunn, waren direkt an dauerhaft um Freud senger Psychoanalys interesséiert. Mä och wat déi haut esou oft a Fro gestallte Wierksamkeet vun der Psychoanalys ugeet, esou entstoung grad dës Method aus deenen onbefriddegende Resultater vun de Suggestiouns-Therapien. Also genee déi Therapien, déi haut, ëmgedréit, d’Psychoanalys zum alen Eisen zielen. Wéi koum et also zu de sougenannte „Freud Wars“? A vun den externe (finanziellen, muechtpoliteschen, akademeschen an administratiounstechnesche) Motiver eemol ofgesinn: wat fir eng Grënn goufen et fir déi grad esou bestänneg Ugrëff wéi Verteidegunge vun der Wëssenschaftlechkeet a Wierksamkeet vun der Psychoanalys? Dës Serie soll eng Réi Argumenter duerstellen, déi di problematesch Säit vun der Psychoanalys beliichten.
