Archiv2010-09-08T19:35:40+01:00text/html2007-09-22T16:30:00+01:00Kulturdossier
http://www.100komma7.lu/files/oldmp3/51435_51_Kulturdossier.mp3
Iwwer 400 Stécker ëmfasst d’Villeroy & Boch-Septfontaines Sammlung, déi den Edouard Simon a seng Fra Catherine zesummegestallt hunn. Et handelt sech dobäi gréisstendeels ëm Figuren, vun Dänzerinnen zu Déiereplastiken, och verschidde Gebrauchsobjekte wéi Äschebecheren a Vasen gehéieren derzou. Spezifesch ass den Zäitraum, deen d’Kollektion ëmfaasst: vum Art Deco vun 1920 bis an d’60er Joren. Wéi kennt een dozou, sou eng Sammlung opzestellen? Wou fënnt een déi begierte Fantaise-Faiencen? Wellech Problemer oder Iwwerraschunge kann ee beim Sammlen erliewen? Kritt d’Sammlen iwwerhaapt en Enn a wéini hält een op? Souveniren an Anekdoten.
<br>Den Edouard Simon huet sech vu senger Sammlung getrennt. Si ass zënter dem 15. Febuar am Stater Geschichtsmusée ze gesinn. D’Maggie Steffen huet sech mam passionéierte Sammler ënnerhalen. (Rediff.)text/html2007-09-15T16:30:00+01:00Kulturdossier
http://www.100komma7.lu/files/oldmp3/51239_51_Kulturdossier.mp3
E Besuch op der European Music Academy, Schengen. <br>Viru 5 Joer gouf d'EMA, Schengen gegrënnt, mam Ziel, jonke Museker eng Ausbildung op héchstem Niveau ze bidden. <br>Mëttlerweil huet d'Academy schonn en eegene Concertszyklus an der Philharmonie an hir Stagiaire gi Concerten zu Lëtzebuerg an am Ausland. <br>De Guy Engels zitt e Bilan a kuckt an d’Zukunft. (Rediff.)text/html2007-09-08T16:30:00+01:00Kulturdossier
http://www.100komma7.lu/files/oldmp3/51507_51_Kulturdossier.mp3
Nei gebaut, ëmgebaut oder restauréiert, gemengt sinn d’Kulturzentren, déi bal an alle Gemengen am Land de Veräiner d’Méiglechkeet bidden, kulturell Manifestatiounen an alle Beräicher z’organiséieren. Donieft ginn et regional Kulturhaiser, déi sech duerch modern Installatiounen a perfekten techneschen Equipement och fir Spektakele mat professionnellen Ensemblen eegnen. Mat den neien Zentre vun Iechternach a Maarnich kommen zwee weider Kulturhaiser derbäi. De Carlo Garofalo huet sech iwwert déi nei Projeten an d’Kulturhaiser am allgemengen informéiert. (Rediff.)