radio 100,7
Samschdeg, 31. Oktober um 12.05
a Sonndeg, 1. November
um 08.30
Riicht eraus: Mars di Bartolomeo
  
D’Impfkampagne géint d’Gripp A H1N1, déi sougenannte Schwéngsgripp, déi dës Woch ugelaf ass, suergt de Moment fir Gespréichsstoff. Soll een sech impfe loossen oder net, ginn et Niewewierkungen, gouf genuch an objektiv informéiert, doriwwer diskutéiere mer e Samschdeg mam Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo. Nieft dem Thema Grippeimpfungen diskutéiere mer mam Minister awer och méi generell iwwert d’Gesondheetspolitik an iwwert d’Finanzéierung vun de Krankekeesen.
Riicht eraus mam Mars di Bartolomeo, dëse Samschdeg 31. Oktober tëscht 12.05 an 13 Auer um radio 100,7.
 
Moderatioun Jean-Claude Wolff