radio 100,7
Dënschdeg, 24. November um 09.05 an 19.30
Positiv-Negativ
Klaus Mann / Gustaf Gründgens

 

Siele stoungen sech zwee Leit esou no an hu sech kuerz drop esou wäit ausernee gelieft.
De Klaus Mann huet mat sengem Roman Mephisto eng relativ däitlech Uspillung op dem Gustaf Gründgens säi spektakuläre Liewenswandel gemaach. An der Figur vum Opportunist Hendrik Höfgen beschreift de Klaus Mann ee «Clown zur Zerstreuung der Mörder», en «Affe der Macht», wéi hie schreift.
Ier de Klaus Mann sech fir den Exil entscheed huet, an ier de Gustaf Gründgens eng Staatskarriere ënnert dem Naziregime maache sollt, waren déi zwee gutt Frënn a souguer eng Zäit laang Famill mateneen, wéi de Gustaf Gründgens mam Klaus Mann senger Schwëster Erika bestuet war.

Klaus Mann / Gustav Gründgens 24.11.09   Klaus Mann / Gustav Gründgens 24.11.09

Am 3. Deel vun der Serie Positiv-Negativ vum radio 100,7 geet et den Dënschdeg, 24. November um 09:05 an 19:30 nees ëm 2 Kënschtlerbiografien a schwieregen Zäiten, ëm 2 Männer, déi ufanks villes verbonnen an duerno alles getrennt huet.