radio 100,7
Sonndeg, 6. Dezember um 10:30 a
Freideg 18. Dezember um 09:05 an 19:30
Christoph König

De radio 100,7 proposéiert de Sonndeg, 6. Dezember um 10:30 e Live-Matschnëtt vum SEL-Concert vum 23. November 2009 am Auditorium vun der Philharmonie um Kierchbierg.
Direktioun vun dësem Concert hat de Christoph König, Chef invité principal vun de «Solistes Européens, Luxembourg» fir d’Saison 2009/2010.
Um Programm:
Carl Maria von Weber: “Der Freischütz” (Ouverture);
Robert Schumann: 3. Sinfonie a mi bémol majeur op.97 («Rhénane», Versioun vum Gustav Mahler);
Antonin Dvorak: Slawesch Dänz op.46;
Ludwig van Beethoven: Leonore (Ouverture Nr. 3)
De Concert gëtt mëttwochs um 14:00 rediffuséiert.
De Freideg, 18. Dezember um 09:05 an 19:30 héiert Dir dann en ausféierlecht Gespréich mam Christoph König an der Emissioun “Kulturgespréich vum Mount”.