radio 100,7
Freideg, 11. Dezember um 11:05 an 19:00
Nei Technologien: Hacker
Wa vu Geforen am Internet Rieds geet, schwätzt ee séier vun den Hacker. Hacker, dat sinn déi “Béis”, déi eis intim Internetwelt ausspionéieren an am schlëmmste Fall eis Computer mat Viren, Trojaner a Wierm zerstéieren. Dat ass dee klassesche Cliché vun engem Hacker, entsprécht awer net ganz der Realitéit.
D’Emissioun “Nei Technologien” vum radio 100,7 weist dëse Freideg, 11. Dezember um 11:05 an 19:00, datt «hacken» och eng nëtzlech a wäertvoll Aktivitéit ass, ë.a. um Beispill vum HackerSpace, engem Projet vun der Gemeng Stroossen.
|