radio 100,7
Dënschdeg, 15. Dezember um 09:05 an 19:30
Prisma: Biobanken

An der 2. Emissioun iwwer Biobanke wérft de Jean-Paul Harpes den Dënschdeg, 15. Dezember um 09:05 an 19:30 an der Emissioun “Prisma” um radio 100,7 haaptsächlech ethesch Froen op:
Zu wat soll an däerf deejenegen awëllegen, deen enger Biobank Deeler vu sengem Kierper zur Verfügung stellt? Wiem gehéieren dës Kierperdeeler? Wat sinn d’Risike vun Diskriminatioun a Stigmatisatioun vu Persounen, Famillen a Volleksgruppen a wéi kënne se ausgeschloss ginn? Wat fir Froe vu Verdeelungsgerechtegkeet stelle sech? D’Biobank Lëtzebuerg gëtt och kuerz virgestallt.