radio 100,7
Samschdeg, 19. Dezember um 12.05
a Sonndeg, 20. Dezember um 08.35
Riicht eraus: Camille Gira
Den Deputéierte vun „Déi Gréng“ a Buergermeeschter vu Bierkerech, Camille Gira ass dëse Samschdeg, 19. Dezember den Invité an der Emissioun „Riicht eraus“ um radio 100,7 vun 12:05-13:00.
Mat him gëtt virop iwwert d’Klimakonferenz zu Kopenhagen diskutéiert, mä och iwwert Ëmwelt- a Klimaschutz heiheem. Dodernieft sinn och de Staatsbudget aus der Siicht vun der Grénger Partei, d’Gemengenfinanzen an -autonomie grad wéi weider Sujeten aus der Dagesaktualiéit en Thema.
Moderatioun: Jay Schiltz.
Riicht eraus gëtt sonndes um 08:30 rediffuséiert.
|