radio 100,7
Mëttwoch, 30. Dezember um 09:05 a
Sonndeg, 3. Januar um 20:00
Ronderëm e Wierk
Gustav Mahler: Sinfonie Nr. 8 a mi bémol Majeur
“Symphonie der Tausend”.
Den 12. September 1910 huet de Gustav Mahler seng 8. Sinfonie uropgefouert. Ënnert senger Leedung konnten di 858 Sänger an 171 Instrumentalisten de Public begeeschtere mat dësem dach eegenaartege Wierk. De Komponist selwer huet dës Sinfonie als säin Hauptwerk bezeechent, als seng Messe oder och nach als ein Geschenk an die ganze Nation. A knapp 3 Wochen hat hie säi Wierk skizzéiert:
“Ich habe auch vielleicht noch nie unter so einem Zwange gearbeitet; es war wie eine blitzartige Vision- so ist das Ganze sofort vor meinen Augen gestanden und ich habe es nur aufzuschreiben gebraucht”, schreift de Gustav Mahler iwwert den Entstehungsprozess.
Zwou Dichtungen a verschiddene Sprooche sinn hei vertount: am éischten Deel den Hymnus Veni creator spiritus an am zweeten Deel d’Schlusszeen aus dem zweeten Deel vum Goethe sengem Faust.
Déi mënschlech Stëmm steet am Mëttelpunkt vun dësem aussergewéinleche Wierk, dat de Marco Battistella ënnert d’Lupp hëlt um radio 100,7 an der Emisssioun “Ronderëm e Wierk” de Mëttwoch, 30. Dezember um 09:05 a
Sonndeg, 3. Januar um 20:00.
|