radio 100,7
1. Januar um 11:05
Neijoerschconcert Live

De radio 100,7 proposéiert sengen Nolauschterer den 1. Januar vun 11:05 un den Neijoerschconcert Live vu Wien.
1941 huet de Clemens Krauss deen éischten Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker dirigéiert. Zanterhier ass dëse Concert e feste Bestanddeel vun de Feieren, fir dat neit Joer ze begréissen.
Während 25 Joer - vun 1955 bis 1979 – louch d’Direktioun an den Hänn vum Willy Boskovsky. Duerno hunn d’Wiener Philharmoniker Joer fir Joer een anere renomméierte Maestro invitéiert.
 

georges prêtre 01.01.10   Georges Prêtre


Den 1. Januar 2010 ass et – no 2008 – déi zweete Kéier, datt dee franséischen Dirigent Georges Prêtre Chef Invité vun de Wiener Philharmoniker fir dëse Concert ass.
Presentatioun: Guy Engels.